2. Londoner Vertrag
: 1867: och e Stéck Zäitgeschicht


Eng Ausstellung am Nationalmusée mécht op den 150. Joeresdag vum 11. Mee 1867 opmierksam. Den Datum vun der Ënnerschrëft vum 2. Londoner Vertrag huet fir vill Leit net méi vill Bewandnis. Mee en ass e Beispill dofir, datt déi Lëtzebuerger an déi europäesch Geschicht net am 20. Joerhonnert ugefaangen hunn.

D’Post huet dës Woch esouguer e speziellen Timber fir 150 Joer 2. Londoner Vertrag erausbruecht: D’Stad konnt sech no Westen erweideren, do wou fréier Festungsmauere stoungen ass elo de Stater Park. (Quell: Post Lëtzebuerg, Kontext sàrl)

„Le 11 mai 1867 est sans conteste la date la plus importante de notre histoire. Malgré leur indépendance garantie par l’Europe, les Luxembourgeois n’étaient pas maîtres chez eux. La garnison prussienne leur rappelait, un peu plus brusquement, qu’ils faisaient encore partie d’une certaine Confédération germanique, qu’ils étaient théoriquement obligés de secourir en cas de guerre; ce qu’ils ne firent d’ailleurs pas, et avec raison. Mai 1867 vint tout changer. De relative qu’elle était avant le traité, notre indépendance devenait absolue.“ [1]

Sou konnt een 1939, am Kader vum 100. Joeresdag vun 1839 liesen. Den zweete Londoner Vertrag wor am 19. Joerhonnert tatsächlech eng entscheedend politesch Weichestellung fir d’Weiderexistenz vum Groussherzogtum. Mee richteg zu Éieren ass en ni komm, an och haut schéngt den 150. Joeresdag vun dësem Evenement wéineg Echoen ze hunn. Dat ass net nei, vun Ufank u wor dësen Dag nëmmen eng vun enger ganzer Rei vu wichtegen Etappen, an 1867 selwer wor och d’Begeeschterung guer net sou grouss.

En europäeschen Deal

Nodeems am Krich vun 1866 Preußen iwwer Éisträich iwwerleeë wor, gouf den Däitsche Bond opgeléist, deem och Lëtzebuerg als Bundesland ugehéiert hat. Doropshin huet Frankräich ënnert dem Napoléon III. seng Intentioun gewisen, Lëtzebuerg ze annektéieren. Den hollännesche Kinnek a Lëtzebuerger Groussherzog Wëllem III. hat scho seng Zoustëmmung dozou ginn, Lëtzebuerg géint „monnaie sonnante” ze verkafen. De Bismarck huet dem Napoléon awer e Stréch duerch d’Rechnung gemaach, well e fir de Fall vun esou engem Handel mat engem Krich gedréit huet. No laangem Hin an Hir koum et den 11. Mee 1867 zu engem Vertrag, an deem d’Schläife vun der Festung, de Réckzuch vun de preisesche Garnisounstruppen an d’„Neutralitéit“ vu Lëtzebuerg festgehale goufen. Gehalen huet déi allerdéngs just bis 1948.

Wann ee kuckt, wéi dee Vertrag 1867 zu Lëtzebuerg opgeholl gouf, relativéiert sech awer d’Zitat vun 1939. Zwar haten d’Leit sech deemools an den éischte Méint vun der Lëtzebuerger Kris, déi d’Gespréich a ganz Europa wor, Suergen iwwert d’Zukunft gemaach an déi meescht hu sech gewënscht, datt d’Onofhängegkeet géif erhale bleiwen. Et wor souguer am Gespréich, datt no enger Eenegung tëscht Holland a Frankräich eng Volleksofstëmmung sollt ofgehale ginn – wat ëmmer dat an Zäite vum Zensuswahlrecht fir Männer konnt bedeiten. Mee an enger Korrespondenz am franséischen „Temps” huet et par Rapport zu den internationalen Traktatiounen, déi d’„Luxemburger Frage” ausgeléist huet, geheescht: „Mais, direz-vous, et les Luxembourgeois eux-mêmes, que pensent-ils de tout cela? – Eh bien! je suis tout à fait de votre avis; seulement, pour vous répondre, il faudrait que la masse du peuple luxembourgeois pensât quelque chose, et j’ai un peu peur qu’elle ne pense rien du tout. C’est une population paisible, laborieuse, aimant beaucoup ses aises, mais du reste somnolente et stagnante. La vie politique n’existe guère que dans les villes et dans l’élite patricienne des villes. Les influences cléricales et somnifères y sont très puissantes. La population est mélangée d’éléments wallons et d’éléments germaniques. C’est un pays de transition, et il serait fort difficile de déterminer la nationalité que le cours naturel des choses le mènerait à préférer aux autres.” [2]

Wéi all Pressepositioun muss een esou Aschätzungen natierlech och mat hirer strategescher Intentioun gesinn. Mee ausser a Form vu Petitiounen huet déi politesch Kris zu Lëtzebuerg apparemment net vill Mobiliséierung ausgeléist. [3]

Trotzdeem wor d’Freed grouss, wéi d’Noriicht koum, datt iwwer eng Neutralitéit vu Lëtzebuerg géif verhandelt ginn, wéi een am „Letzebuerger Wort” kann noliesen: „Wie ein elektrischer Schlag ging die Kunde von der eingetroffenen Nachricht durch die Bevölkerung; auf den Straßen und öffentlichen Plätzen theilte einer dem Andern sie mit, die Händer wurden wie nach einer langen Trennung gedrückt. Um die Extrablätter, in welchen die Nachricht veröffentlicht wurde, wurde fast ein förmlicher Kampf geführt und ein Vivat auf den Prinzen entrang sich mehr als einer Brust, weil man sich sagte, daß wir noch würdig seien Luxemburger zu bleiben, weil man sich sagte, daß wir unsern Fürsten die Fortdauer unserer Nationalität, unseres Staatslebens zu verdanken hätten.”

Während d’Press net sou coura-
géiert wor, fir den hollännesche Kinnek direkt ze attackéieren, huet d’„Wort”, dat fir de Rescht nawell gutt informéiert wor, drop gepocht, datt un de Gerüchter, de Wëllem hätt sech op den Deal agelooss, näischt dru wier.

„Mir wëlle bleiwe wat mir sinn!“ Schonns e puer Joer virun 1867 gouf et am Lidd „De Feierwon“ de Wonsch, vun den Groussmuechten a Rou gelooss ze ginn.
 (Quell: Liderbuch fir d’Letzeburger Scho‘len)

Onofhängegkeet huet hire Präis

Mee wéi bekannt gouf, datt d’Weiderexistenz vum Groussherzogtum als Revers d’Schläife vun der Festung sollt hunn, gouf geknoutert. Den Asaz vun den Zeitungen, fir de Leit virzerechnen, datt d’Schläife vun der Festung keen ekonomesche Verloscht géif bedeiten, weist drop hin, datt dee Plang virun allem de Proprietairen an der Stad Lëtzebuerg sauer opgestouss ass. Si hu gefaart, datt d’Loyerspräisser géifen an de Keller rutschen, wann d’Stad sech kéint urbanistesch entwéckelen, oder de Commerce géif d’Baach eragoen, wann déi preisesch Zaldoten net méi do wieren. Et wor ee besuergt genuch, fir datt de Stater Gemengerot eng Delegatioun op Den Haag an op London geschéckt huet, fir d’Interête vun der Stad ze verteidegen. [4] Während de Wëllem III. grad deen Dag indisposéiert wor, huet säi Brudder Hary d’Delegatioun empfaang, a versicht si ze berouegen, dat si sech net misst d’Méi maachen, bis op London ze pilgeren. Dovun hunn déi daper Stad-Lëtzebuerger Politiker sech awer net ofhale gelooss, an zu London ass et en tatsächlech gelongen, eng ganz Rei Entrevue mat wichtege Leit ze kréien, bis hin zum Lord Stanley, deen d’Verhandlunge fir de Vertrag gefouert huet.

Et gesäit een also, datt d’Begeeschterung iwwert de Londoner Vertrag net unanime wor. Eréischt 1870, wéi et duerch de Franséisch-Däitsche Krich erëm nees zu internationale Spannunge koum, gouf et méi grouss patriotesch Manifestatiounen, an d’Leit hunn dobäi och schonn op d’Erhale vun der neier Neutralitéit insistéiert. Den 11. Mee gouf och an de Joerzéngten duerno ëfters nach gefeiert. 1937 zum Beispill, 50 Joer duerno, gouf den 11. Mee als „Geburtstag unserer faktischen Unabhängigkeit“ mat engem grousse Concert op der Plëssdaarm begaangen. [5] Dat erkläert sech natierlech och doduerch, datt d’Bedreeung vun enger Nazi-däitscher Invasioun kuerz virum Zweete Weltkrich scho grouss wor. Mee dat wor 1939 nach méi wouer, an dunn huet d’Honnertjoerfeier vum Éischte Londoner Vertrag vun 19.4.1839 nach ganz aner Dimensiounen ugeholl. Duerno ass 1867 am Cortège vun de Commemoratioune wäit no hanne geréckelt. An och an der häiteger Fuerschung gesäit een, datt deen zweete Londoner Vertrag zum Beispill am Verglach zum Wiener Kongress vun 1815 an den Hannergrond geroden ass, deem seng 200 Joer virun zwee Joer ëmmerhi mat zwee Colloque gewierdegt goufen. Guer net ze schwätze vum Éischte Weltkrich, deem säin Impakt elo eréischt richteg entdeckt schéngt ze ginn.

Wou fänkt d’Zäitgeschicht un?

Dat weist engersäits, datt et Konjunkturen an der geschichtlecher Opschaffung an och an der gesellschaftlecher Bewäertung vun historesche Momenter gëtt. Anerersäits gesäit een, datt d’Geschichtsfuerschung sech mat villen Aspekter ëmmer nees nei muss ausenanersetzen. Oft kommen nei Interpretatioune vun historesche Faiten nach Joerzéngten oder souguer Joerhonnerte méi spéit. D’Duerstellung zum Beispill, Lëtzebuerg hätt laang Zäit ënner Friemherrschaft gestanen, déi suggeréiert, et wier iergendwa schonn emol eegestänneg gewiescht, ass eréischt am gaangen, aus de Geschichtsbicher ze verschwannen. Um europäeschen Niveau gouf an de leschte Joeren, ee Joerhonnert no de Ereegnesser, d’Thes vun der Allengschold vun Däitschland um Ausbroch vum Éischte Weltkrich nei diskutéiert. Och nei Méiglechkeete vun Auswäertung vun den zäitgenëssesche Quelle féieren zu neien Interpretatiounsméig-
lechkeeten – dëse Bäitrag ass zum Beispill entstanen ënner staarkem Réck-
grëff op dat formidabelt Instrument vun „E-luxemburgensia”.

Karikatur am „Kladderadatsch“, 1867. Während de Bismarck déi däitsch Eenheet ustrieft, schielt de Napoléon III. no Lëtzebuerg. (Quell: WikiCommons)

Domat si mer bei der Fro, déi an de rezenten Diskussioune ronderëm de Budget vun der Uni Lëtzebuerg, a besonnesch ëm hir Konsequenze fir den Historeschen Institut, ganz aktuell ginn ass: nämlech, wat déi eeler Geschicht, wann een déi vum 19. Joerhonnert schonn esou ka bezeechnen, haut nach fir eng wëssenschaftlech a gesellschaftlech Bewandnis huet. Et ass wouer, datt laang Joerzéngten déi wëssenschaftlech Zäitgeschichtsfuerschung zu Lëtzebuerg vernoléissegt ginn ass, well dat politesch bequem wor. Et ass gutt, datt mer haut en Zentrum fir Zäitgeschicht hunn. Et wier awer absurd ze mengen, et kéint een zäitgeschichtlech Phänomener verstoen, ouni méi wäit zréck ze goe wéi d’Zwanzegst Joerhonnert. 1867 ass net nëmmen e klengt Beispill zum Funktionéiere vun innereuropäescher Verhandlungspolitik, mee och zum Prinzip vun der nationaler Selbstbestëmmung, deen nom 1. Weltkrich zu engem Dogma gouf, an haut nees kontrovers diskutéiert gëtt. Béid Aspekter weisen, datt déi fréier Zäiten eng Relevanz hunn, fir Entwécklungen ze explizéieren, déi haut nach relevant sinn. Donieft gi si eis och fir sech gekuckt Asiicht an alternativ Gesellschafts- an Denkmodeller zu eisem häitegen.

Alles dat läit eigentlech op der Hand, an et kann een dovun ausgoen, datt et net Onwëssenheet ass, déi de Kurs op der Uni Lëtzebuerg bestëmmt. Et wier schued, wann de finanzielle Schlamassel op héchstem Niveau ausgenotzt géif ginn, fir iwwert de Wee vu Spuerpolitik um Niveau vun der Fuerschung Faits accomplien ze schafen. A wa just nach bestëmmten, kloer delimitéiert Fuerschungsberäicher gefërdert géife ginn, déi entweder an enger wirtschaftlecher oder awer an enger politescher Logik gewënnbréngend sinn.

Dëse Beitrag ass fir d’éischt den 20. Abrëll an enger Audio-Versioun um Radio 100,7 iwwerdroe ginn.
Quellen:
[1] Maquill, Edmond: Le problème luxembourgeois de 1815 à 1900, in: 
De Stodent, (1939) Numéro du Centenaire, s.p.
[2] Joris, Jean: Une page d’histoire du Grand-Duché de Luxembourg : 1867-1872, Luxembourg 1888, S. 16.
[3] Joris, Page, S. 29-32.
[4] Rapport au conseil communal, in: Luxemburger Wort, 19.05.1867, S. 2.
[5] Luxemburger Volksblatt, 7.5.1936.

Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !

Flattr this!

Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.