www.eilen.org: Natur relax…

Vu sengem Computerschierm aus kucken, dat kann een op www.eilen. org. Mat senger Webcam gëtt de Gaston Klares den InternetsurferInnen d’Méiglechkeet e Bléck an en Nistkasten mat sechs jonke Tureilen ze wäerfen. 24 Stonnen op 24 kann een deenen Déieren nokucken, déi sech zënter 1999 an enger Scheier am Oste vum Land niddergelooss hunn. Nieft dem Live-Stream kann een sech och déi beschte Screenshots ukucken an sech allgemeng an d’Thema Tureilen aliesen. E bësse Gedold brauch ee schonn, well d’Astellunge wiessele relativ lues a vu datt d’BewunnerInne vun der Këscht dagsiwwer schlofen, ass net ëmmer ganz vill lass. Dofir gëtt de Webmaster allen Nuetseilen direkt en Tipp mat op de Wee: am beschten ass et, sech eréischt Owes no 10 Auer eran ze klicken, well da kënnt den Eilepapp mam Iessen heem a geet sengen eheleche Pflichten no …


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.