LITERATUR ZU LETZEBUERG: De Concours ass mäin Optrag

De Jhemp Hoscheit, ee villsäitege Mënsch wat d’Schreiwen ugeet, porträtéiert vum Jemp Schuster.

Dat éischt wat mer tëschent de Bicher vun der klenger LSV- Bibliothéik „Beim Engel“ opfällt, ass e Laptop um Dësch. Oh hei, de Jhemp huet sech awer un de Computer gin. E konnt virun e puer Joër einfach nët mat deem Dénge warem gin. Déi al Schreifmaschinn war him nach ëmmer léif, a wann een ëm vun engem „traitement de texte“ geschwäeremt huet, dann huet en einfach nët nogelauschtert. Dem Jhemp säin Handwierksgeschier war d’Schéier, de Pritt an den Tippex. „Ech muss deen Text nach schnëppelen“, huet en da gesot. Nët formatéieren, nët editéieren, nët printen, einfach schnëppelen. An och virun der leschter Virstellung huet de Jhemp nach eng Kéier séng Schnëppelen duurchgekuckt, ir en op d’Bühn gaangen ass. Einfach nëmme fir sécher ze sin. Dat ass mer alles an deem kuurze Moment duurch de Kapp gaange wéi ech de Laptop gesinn hun. D’Aarbéchtsgeschier huet sech also verännert. An den Aarbechter? Mir haten eis eng Zäitchen nët méi gesinn, an elo sollt ech ee Porträt vun em schreiwen.

Loosse mer dat Privat ewech, dat geet keen eppes un. De Jhemp ass méi roueg gin, an e gesäit e bësse midd aus, e misst emol an d’frësch Loft. Bicherwirem si gäeren eng Grimmel ze bleech.

An dann d’Schoul, dat ass och keng Plaz fir sech ze sonnen. „Ech hun dëst Joër eng Première, do muss ech dru bleiwen.“ Och dat nach. Hëllt en dann déi Rou mat an d’Schoul, ass en dee coole Prof? „Mat 50 bass d’ee langweilege Pauker, deen de Programm muss eriwwer bréngen, do bleift keng Zäit fir d’Phantasie. Ech wëll och d’Schoul nët mat der Schrëftstellerei vermëschen.“

„Schrëftsteller“ héiert en nët gär, dat ass ze vill gestelzt, an nëmme well hien elo den Nationale Literaturpräis iwwerreecht kritt huet, dofir passt kee vun de Studenten an der Stonn besser op, an et hëlleft him och nët, ee bessere Prof ze sin.

Als Literat net aléng sin

De Sekretär vum LSV. No bei de Bicher, de Wierker vun de Schreifkolleginnen a Schreifkollegen, hei „beim Engel“, wou déi gesammelt Wierker vun all deene stin, déi zu Lëtzebuerg a verschiddene Sproochen hir Gedanken a Gefiller tëschent zwee Buchdeckelen agespaart hun, hei ass et roueg, hei misst en dach eigentlech am Himmel sin. Awer dat meescht geschitt souwisou am Kapp?

Firwat lued en sech déi Aarbécht op? „Well et mer Spaass mécht“, seet en, „a well jo een et muss maachen.“ Dat Zesummegehéieren, dat Gefill vun nët eleng sin, d’Gewëssheet dat nach anerer do sin, déi sech mat deene selwechte Problemer erëmklappen. An d’Tatsaach, datt eigentlech kee vun eis aus sénger Haut kann. Hei däerf oder muss e regelméisseg säin „Notizblock“ aus alle méiglechen Zeitungsartikeln a Communiqueën zesumme schnëppelen, duerno kopéieren, an un all Membere verschécken. Nach ëmmer déi al Method. Vill Bréiwer sin a sénger Sekretärszäit hin an hier gaang, villes huet sech beweegt, awer dat meescht bleift nach ze maachen. „Wann s de dech engagéiers, kriss de gäere virgeworf du wëlls dech selwer an d’Vitrin setzen.“

Heinsdo huet e schon d’Flemm well et nët richteg weider geet, well d’Literatur zu Lëtzebuerg nach ëmmer ee Stéifkand ass, an och wäert bleiwen. „Jiddereen ass frou datt geschriwwe gët, awer géif een eis vermësse wa mer nët méi géife schreiwen?“ D’Äentwert op déi Fro kritt e méi spéit. Ech froën en eppes anescht. Brauchs du d’Erausfuerderung vun engem Concours? „Jo, well et eng gutt Manéier ass, sech an engem Genre äuszedrécke, wou een sech soss vläicht nët géif dru woën. Et ass een Challenge, ee Kick fir ze kucke wat anerer dervun halen, well ee selwer keng Distanz zu deem huet, wat ee schreift, selwer schlecht beuurtele kann, wou een dann elo steet“. Och wann eng Jury eng aner Meenung huet, wéi dee breede Publikum? Och dann. „De Concours ass mäin Optrag.“ Nom Roman „Perl oder Pica“ war d’Versuchung grouss, een zweete Roman an däer Richtung weider ze schreiwen, an d’sechzeger Joëre wullen ze goën, mä déi Iddi ass erëm verschott, haut denkt de Jhemp éischter drun, ganz äus deem „autobiographesch Fiktiven“ wéi en et nennt, eräuszeklammen an eppes ganz Neies ze probéieren.

An dobäi ass en ee villsäitege Mënsch wat d’Schreiwen ugeet. Vun der Satir, dem Cabaretstext, der Kuurzgeschicht, iwwert d’Kannerlyrik bis bei de Roman huet en de Bou schon zimlech wäit gespaant. Do kënnt dann och nach d’Zweesproochegkeet derbäi. Franséisch oder lëtzebuergesch, bal ëmmer eng Gefillssaach. Dat éischt Kannerbuch ass eigentlech éischter zoufälleg entstanen, aus Lyrik fir Erwuessener, déi vläicht nët erwuesse genuch war, an déi sech een anere Wee gesicht huet.

Mat de Genre spillen

Den Theaterauteur Jhemp Hoscheit mécht sech méi rar. „Et ass schwéier ee Stéck an engem Theater ënnerdaach ze kréien, wann s de keen eegenen Ensembel hues, oder nët zu den Hausauteure gehéiers.“ Wann och d’Schreiwe fir d’Bühn nët un éischter Stell steet, sou ass et dach spannend an och wichteg, dee méi beschwéierte Wee mat engem Text iwwert de Regisseur an d’Schauspiller bis bei de Publikum ze maachen.

Huet een, deen sech op esouvill verschidde Manéieren ausdréckt, eng Virléift fir deen een oder anere Genre?

„Ech hun doheem verschidde Farde leien, an däer enger schléift d’Iddee zu engem neie Roman, an däer anerer den Entworf fir ee Kannerbuch, an däer drëtter leie fäerdeg Cabaretstexter, an däer nächster ugefaange Gedichter, a wann eng Farde rifft dann huelen ech s’eraus, jee no Loscht a Laun. Et ass wéi ee Spillgezei, wéi ee Baukasten, ech sin doranner e bësse Kand bliwwen. An da gët gespillt. Mat der Sprooch, mat der Form, mam Inhalt, et ka sinn dat näischt derbäi eraus kënnt, da gët eben erëm alles agepaakt, an dann ass et fir eng aner Kéier.

Dat héiert sech no vill Liichtegkeet a kënschtlerescher Fräiheet un.

Wéi ass et da mam Drock? Gët nët vun engem Jhemp Hoscheit verlaangt, ze beweisen datt e säi gudde Numm nët gestuel huet?

Natiirlech huet en Angscht, awer e léisst sech nët vun där Angscht erdrécken. Well et keng Existenzangscht ass, well en nët vu séngem Schreiwe muss liewen. E kënnt zu all Moment soën: elo geet et duer. Awer just duurch déi Villsäitegkeet kënnt en eigentlech ni esou an d’Labbrenten. Also scho bal ee literarescht Chamäleon. „Wann d’Lëtzebuergescht mer ze vill perséinlech, ze vill autobiographesch gët, wann ech d’Gefill hun zevill iwwert mech ze verroden, da gin ech mech hannert d’Franséischt verstoppen. Dat bréngt mer déi néideg Distanz.“

„Ee Buch ass eppes Schreckleches! Et ass ee Support, een Dokument, dat, wann et bis ënnert de Leit ass, dem Auteur komplett entwutscht. An deemno wien et an d’Fanger kritt, kann et esouguer ausser Kontroll geroden, du hues keen Afloss méi drop, an dat mécht mer heinsdo Angscht.“

Ass also den Auteur Jhemp Hoscheit deen ofgekapselten, e bësse scheie Mënsch? „Ech stelle mech selwer nët gären an d’Vitrin. Wann awer eng Éierung usteet, wann ee Präis kënnt, da sin ech frou driwwer, awer ech stin nët gären zevill laang um Podium.“

Den Escher Jong, zu Esch gebuer, zu Esch opgewuess, zu Esch verwuurzelt. „Och wann ech fort géing,“ seet en, „da wir ech awer geeschteg nach ëmmer hei“ Wat hällt en dann a séngem Eck? Ass e buedemstänneg, verwuurzelt?

„Et ass nach ëmmer d’Kand wat a mer schreift, d’Kand vun deemools, dat am Bierg wéi an enger grousser Schatzkëscht wullt.“

De Mäerchenerzieler, Gaukler, Troubadour, de Sproochjongleur dee Saz fir Saz äus séngem Bierg eräuskroopt, an e weider verschafft bis e sech vum selwen dréit. Dee sénger geschriwwener Phantasie op enger Liesung ee Gesiicht gët. A wann nëmmen e puer Leit op dee Moment gewaart hun, da war d’Aarbécht nët ëmsoss, an dann huet en d’Äntwert op séng Fro vun d’éinescht. Well dat beschte Buch ass dout, wa keen et an d’Hand hëlt an et liest. Oder virliest.

Eng literaresch Klamer proposéiert de Jemp Hoscheid den 10. an 20. Januar mat engem Schreifatelier ënnert dem Titel: „Re-création littéraire et ludique – les arts en dialogue“. Novize-SchrëftstellerInnen kënnen hei de Wierker aus der Austellung „Identity“ an der Galerie Engel de Puls fillen.

Informatiounen an Aschreiwung bei „Wunnraum fir Studenten asbl“, Tël. 26 48 04 24, e-mail: wfs@pt.lu Präis: 25 Euro (15 fir Studenten).


Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.