Roger Manderscheid: Die Eroberung des Nordpols

De Roger Manderscheid, e Monument an der Lëtzebuerger Literatur- a Kulturzeen, och wann en dat selwer net gären héiert, huet den 1. Mäerz säi siwwenzegste Gebuertsdag gefeiert.

Roger Manderscheid: „Ech kommen aus engem Haus, do ass et nëmmen ee Buch ginn“. Foto: Christian Mosar

De Roger Manderscheid huet dobäi net op Kaddoë gewaart, neen en huet sech selwer an deenen déi en unhuele wëllen e Kaddo gemaach, a Form vun engem Buch, enger laanger Notiz zur Entwéckelung vun der Lëtzebuerger Literatur an der zweeter Halschent vum leschte Joërhonnert.

De Rosch ass ee vun deenen, déi „nom Krich“ dervun iwwerzeegt waren, datt den ale Geescht, deen d’Leit Joërhonnerte laang hannert de Festungsmauere vermuuschte gelooss huet, an nach laang nom Ofrappe vun de Maueren a vill ze ville Käpp bis haut festsëtzt, sech fräimaachen an nei Weeër siche misst.

„Ech kommen aus engem Haus, do ass et nëmmen ee Buch ginn“, verzielt en. „Die Eroberung des Nordpols“. „Dat hat meng Mamm an der Schoul als Präis kritt, an ech hunn et als Bouf bei all Féiwer am Bett op een neits gelies.“ Um Nordpol ass alles ugaang. Parallellen zu Lëtzebuerg?

Schreiwe war an ass fir de Roger Manderscheid eng Sich no Kloërheet, eng Manéier Saachen ze entdecken, déi soss am Niwwel stoë bleiwen. Virun allem sicht en hei eng Äntwert op d’Fro vun de Froën: „Wéi ass et derzou komm, datt ech haut dee sinn, deen ech sinn?“ Dat féiert dann noutgedrongen derzou, datt säi Schreiwen un d’Wuerzele geet an zur Autobiografie gëtt. „Schacko Klak“, „De Papagei um Käschtebam“, a „Feier a Flam“ beschreiwen déi Zäit tëschent 1935 an 1960. Mä wéi wann en op eemol Angscht virum eegene Courage kritt hätt, léisst en duerno dat Autobiografescht, dat Perséinlecht, wat en als Schrëftsteller op eemol plakeg do stoen deet, ëmmer méi an den Hannergrond trieden.

„Wann ee jonk ass, mengt een nach mam Schreiwen d’Welt veränneren ze kënnen“, déi Illusioun huet e laang opginn. Et gëtt natiirlech Bicher déi d’Welt verännert hunn, awer déi hate ganz aner Oploën an eng aner Lobby ewéi e Buch, dat zu Lëtzebuerg an engem klenge Verlag eraus kënnt.

Schwarz-blo Regirung: Selwer Denken net erwënscht

Déi éischt Politiséierung vun der Literatur huet en an de sechzeger Joëren zu Consdorf an der Scheier erfuer, well och no enger Première am Kolléisch keen e kritescht Denke vermëttelt krut. Selwer Denke war do net erwënscht, et huet ee just dat missten nodenke, wat eng konservativ a kathoulesch orientéiert Schoul engem virgeduecht huet. Haut si mer ënnert enger schwaarz-bloër Regirung erëm um „gudde Wee“ dohinner zréck. D’Mauere wuessen an d’Paarte ginn erëm zou.

Wéi häls d’et da mat der Relioun, géif d’Gréitchen elo froën. Fir de Roger Manderscheid ass dat haut keen Thema méi. Och do huet e sech fräi gemaach vun deenen alen operluechten Zwäng, der Ennerdréckung an der Kontroll vun der Kathoulescher Kierch. Dee ganzen Apparat, deen se ronderëm e fiktiven Härgott opgebaut hunn, fir hir Utopie ze verkafen, deen Apparat, deen och haut nach hei zu Lëtzebuerg eng immens Präsenz huet, dee muss ee natiirlech bekämpfen, och literaresch, wann een net wëllt, datt e ganzt Vollek doduerch verdommt gëtt. D’Trennung vu Kierch, a speziell Kathoulescher Kierch a Staat, ass haut zu Lëtzebuerg méi wäit ewech ewéi an der Vergaangenheet.

Awer do si mer hei am Land nach op anere Plaze schwéier krank. D’Asylpolitik an d’Auslännerpolitik vun dëser Regirung a besonnesch hirem Justizminister ass einfach skandaléis, an awer gëtt op literareschem Plang ganz wéineg bis guer net drop reagéiert. Och de Schrëftsteller Manderscheid huet et opginn, déi Mëssstänn literaresch ze verschaffen. Wéi déi allermeescht vu senge Kolleegen.

Trotz LSV, ass et schwéier, Literaten déi an dräi verschiddene Sproochen zu Lëtzebuerg schreiwen, ënnert een Hutt oder un een Dësch ze bréngen. Dat kënnt awer och doduerch, datt Eenzelner sech professionaliséieren, an domat aner Usprëch u sech selwer an un hiert Emfeld stelle, well se musse vun hirem Schreiwe liewen, woubäi anerer dat nach ëmmer an hirer Fräizäit maachen. De fräie Schrëftsteller ass heinsdo manner fräi wéi deen, deen nach eng Pei als Sécherheet um Kont huet.

De Roger Manderscheid fënnt ee nëmme ganz rar am Theater erëm. Firwat? Den Tun Deutsch hat 1974 fir de Kasemattentheater e Stéck bestallt, an de Rosch huet „rote nelken für herkul grün“, geschriwwen. Dat Stéck ass awer ni opgefouert ginn, well et ze vill gewot oder ze vill modern fir déi Zäit, war. A well de Rosch keng Konzessioune wollt maachen, awer och aus enger gewësser Enttäuschung eraus, huet en duerno net méi fir den Theater geschriwwen. Op d’mannst keen eegent Stéck. Den „Herkul Grün“ ass vill méi spéit an enger lëtzebuergescher Versioun am „Théâtre du Centaure“ gespillt ginn, awer zu enger Zäit, wou en net méi deen Impakt hat ewéi virdrun. Seng Hörspiller goufen dogéint op verschiddenen däitsche Sendere mat vill Erfolleg opgefouert.

Begrenzten Schreiwzäit

Wann en am Ufank nëmmen op däitsch geschriwwen huet, dann ass säin éischte Kontakt mam Lëtzebuergeschen just duerch den Theater zustane komm. 1980 mécht en eng Iwwersetzung: „den ubbu gëtt kinnék“, fräi nom Ubu-Roi, vum Alfred Jarry. Hei entdeckt de Roger Manderscheid, datt d’Lëtzebuerger Sprooch vill méi hiergëtt wéi en ëmmer gemengt huet. Fir d’Ouverture vum Kapuzinertheater kënnt dann eng zweet Iwwersetzung. Aus dem Labiche sengem Stéck: „L’affaire de la rue de Lourcine“, mécht de Roger Manderscheid 1985 „eng nuecht um kuelebierg.“ „Du kanns leider net op allen Hochzäiten danzen, e Schrëftsteller deen nach niewebäi e ’seriöse Beruff‘ huet, deem seng Schreifzäit ass begrenzt.“ An esou ass et bei ganz wéinegen Ausflich an d’Theaterliteratur bliwwen.

Ass Lëtzebuerg dann elo déi literaresch Provënz, fir déi et ëmmer gehale gëtt? „Provënz gëtt et iwwerall“, mengt de Rosch, „ech hu Géigenden am Ausland erlieft, wou et vill méi schlëmm ass wéi hei zu Lëtzebuerg. Lëtzebuerg ass esouguer privilegiéiert, duerch seng Sprochintensivitéit, awer et gëtt esou wéineg draus gemaach.“

Wéi e säin éischte Roman: „Die Dromedare“ un de Suhrkamp Verlag geschéckt, an eng héiflech Ofso als Äntwert krut, awer mam Wonsch verbonnen dat nächst Manuskript wëllen ze liesen, du sot de Rosch neen, dann eben net, „vu mir kritt der näischt méi. Ech gi mäi Wee och esou.“ Am Réckbléck ass en zefridde matt deem, wat e mat séngem Schreiwen erreecht huet. Wat fir e Stellewäert säi literarescht Schaffen huet, dat muss d’Zäit weisen.

Zanter 1969 hält e sech konsequent un d’Klengschreiwen. Firwat? „Ech schreiwen nun emol esou. Well d’Schrëft ass eppes Schéines“, seet en, an da péckt en ee ganzen Tirang „Schrëftbiller“ a verschiddene Formater aus. Geschriwwe Konschtwierker. Wéi säi Buch „mam velo bei d’gëlle fra“ dat ganz op der Hand geschriwwen ass. Dat wëllen awer vill Leit net liese, well et esou ustrengt. Dann eben net.

Den neitste Roman ass fäerdeg. kleng geschriwwen. Hoffentlech net dee leschten.

Jemp Schuster

De Roger Manderscheid ass den 23. Abrëll beim 4. Liesmarathon mat dobäi. Vun 19 Auer an der Kulturfabrik zu Esch.


Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.