PORTRAIT: „Ech waarde bis d’Situatioun komesch ass“

Wie vill duerch d’Stad kënnt, huet de Fotograf Martin Linster bestëmmt scho begéint. De Fotograf vum „Lëtzebuerger Land“, deen ëmmer op der Plaz ass, wann et e politesche Moment ze knipse gëtt, weist elo eng Auswiel vu senge Fotoen aus de läschte Joeren.

„Politik ass Theater“, fënnt de Fotograf Martin Linster. A senge Biller deet hien dem politeschen Establishment
de Bok aus.

„Dee wéivillte Kaffi ass dat, deens de de Moien hei drénks?“ „De véierten. Neen, nach zwee doheem.“ Et ass halwer néng. Mir sëtzen am „Interview“, deem Café am Stadzentrum, wou een nach en uerdentleche Kaffi kritt, een deen inspiréiert, wéi de Martin Linster seet. A wou een de Martin zënter zwanzeg Joer ëmmer mol rëm ka begéinen – zum Beispill moies, ier en op den Tour geet. „Hei hunn ech all d’Zeitunge beienaner, da gesinn ech, wat alles an der Press ass, an déi Themen, di vläicht Theme vun der Woch ginn. A well ech vläicht scho Kollegen hei begéinen.“ De Martin ass Fotograf, oder besser: Fotojournalist. Et gesäit ee sengem Kannergesiicht et net of: Hien huet net nëmme schons 48 Joer, mä och nach eng seriö Ausbildung. Mat uechtzéng huet hien ugefaang, ze fotograféieren an och ze entwéckelen, fir d’Scouten.
Hien huet eng Rei vun Jobben gehat, och emol am „Interview“ geschafft, an iergendwann no enger Léierplaz gesicht. Vun engem Patron bei deen aneren huet hien séng Léier fäerdeggemaach, an du wor en eng Rei Joere bei der Agence Imedia. „Industriefotografie“ nennt hien dat haut.

Firwat Fotojournalismus an net einfach Fotografie? Portrait, fënnt hien, ass net seng Stäerkt. „A beim Fotojournalismus kënns de mat alles a Kontakt, ob dat Politik ass, du kënns an d’Visite guidée vun enger Fabrik eran, et weist een der säi Fuerschungslabo, Spideeler et ass d’Themevielfalt vum Fotojournalismus, déi’s de soss néierens kriss. Ech leeë mech guer net gär op
eppes fest.“

1997 krut de Martin proposéiert, als feste Freelance fir eng Zeitung ze schaffen: de „GréngeSpoun“, Virgänger vun der woxx. „Du sinn ech mol méi gefrot ginn. D’huet mech ni iergend e Journalist virdru gefrot.“ Ganz zefridde wor en do net, wéinst der schlechter Drockqualitéit zum Beispill. Mä et wor säi Sprangbriet: Hie gouf vum „Lëtzebuerger Land“ ugeschwat, an huet dunn och do seng berufflech Heemecht fonnt. Wéi d'“Land“ 1999 säi Layout geännert huet, ass voll op den Apport vum Martin senge Fotoe gesat ginn. Haut wär d’Zeitung bal net méi ouni se denkbar. Bei der d’Fro, a wéiwäit hien zënter hier eng fotografesch Evolutioun matgemaach huet, dréckt e sech: „Ech gesi mäi Stil nach net als fäerdege Stil un.“ An: „Et mécht een all Joer zwou oder dräi gutt Fotoen. A wann een der méi mécht, dann iwwerhëlt ee méi.“ Duerfir kuckt hien och keng Televisioun, liest léiwer Fotosbicher a léist sech do inspiréieren, mol vun deem engen, mol vun deem aneren. An elo wëllt hien emol e Joer mat digitaler Fotografie experimentéieren. Awer nëmme fir di faarweg Fotoen, fir Schwaarz-Wäiss geet hie weider an d’Dunkelkammer: „Interpretatioun, net Manipulatioun.“ A wa bis an der Dunkelkammer de Radio opgedréit ass, „da bass de alleng matt der Musek, mat dengem Negativ, matt denger Luucht, der Beliichtung, t’léist jiddwereen dech mat Rou.“

Fir d’fofzeg Joer vum „Lëtzebuerger Land“ ass an der Galerie „Alimentation générale“ eng Ausstellung mat senge Fotoen ze gesinn. Et ass di zweet, an der Zäit vum Bosnie-Krich hat hie mat sengem Kolleg Boris Kremer déi fotografesch Andréck vun enger Rees an d’Krichsgebitt ausgestallt. Dat wor eng vun zwou Erfahrungen, déi de Martin Linster ganz déif markéiert hunn. Di zweet wor d’Fligerkatastroph um Findel. An deenen zwee Fäll huet hie Läiche vun no gesinn. Dat alleng wor en déiwe Schock, mä geschockt wor hien och iwwer d’Verhale vun anere Fotojournalisten, well hie seng eege Grenzen ganz anescht setzt: „Ech maaë keng Fotoen dovun. Si hu gestridde fir d’Läichen ze fotograféieren. Wat soll dat?“ De Martin huet och soss vill un der Vergaangenheet ze knaen: Krankheet, Leit di em ewechgestuerwe sinn.

Mä zeréck zu där neier Ausstellung. Et ass eng „politesch“ Ausstellung, déi ee sou kuerz virun de Walen och als fotografesche Bilan vun dëser Regierung ka betruechten: Ze gesi gëtt et Fotoe vu Schlësselmomenter, wéi d'“Opération
Milano“ oder d’Manif géint den Irak, awer och vum politeschen Establishment. Besonnesch do kënnt dem Martin seng Spezialitéit voll eraus:
Situatiounskomik an Ironie. Et ass kaum eng Foto dobäi, wou net en „Décken“ op d’Schëpp geholl get. Op dat de Juncker an d’Hennicot’s a Gummisstiwwelen sinn, d’Regierung op der Tribün beim Tour de France oder d’Konkurrenz tëscht engem schicken Dammenhutt an dem Bëschof senger Mitra, de Martin Linster huet den Don, déi speziell Momenter ze erwëschen, déi d’Leit herno schmunzelen dinn. „Se gi sech jo an der Chamber sou seriö, da kann een se och no baussen aneschters weisen,“ fënnt hien. Mä fir hien huet et och vill mat Gedold ze dinn: „Ech hu gewaart bis d’Situatioun komesch war an da gedréckt. Wann ech net zefridde sinn, wann se alle guerten do sinn a jiddwereen drop ballert, da bleiwen ech do bis jiddweree fort ass. Ech sinn och, well ech fir eng Wochenzeitung schaffen, net sou an deem Drock vun: Ech muss op deen
nächste Rendezvous.“

Mä zugläich ass dës Ironie awer och Kritik. Soll ee sech eppes dobäi denken, dass déi heiansdo méi staark a senge Fotoen erauskënnt ewéi an den Artikelen, déi se illustréiere sollen? De Martin gesäit sech op alle Fall net als politesche Fotograf: „D’Foto mam Marie-Josée Jacobs an Aktioun op enger Bühn ass och dobäi fir ze soen: Wat en Theater.“ Mä Déieren oder Planzen, dat ass och net säin Truc: „Ech hunn d’Gedold net. D’Déieren, d’Natur an d’Planzen, do brauchs de nach méi Zäit fir et schéin ze maachen.“ A Sport? „Keng Ahnung vun engem Abseits, do kréien ech d’Situatioun net mat. Wann do ee päift um Terrain, da froen ech mech: firwat päift deen dann.“ Nach éischter géif hie sech fir de Film interesséieren: „Dat hunn ech an enger Form wëlles. Well heiansdo sou
Situatioune sinn, wou ech soen: ‚t ass besser gefilmt. An amplaz dann iwwert d’Televisioun hierzefalen, maach et besser. Ech géif gär Reportage maachen, mä an engem Bild ass et schwéier duerzestellen.“

„Ech sinn deen eenzege Fotojournalist dee méi wi dräi Zeitungen den Dag liest, an dann och schonn d’Spill e bësse weess. Do brauch ee keng Tuyaue vun engem Journalist ze kréien, mä dat versteet een dann. Ech kennen se alleguerten, ech kann der och eng Vouel-Regierung opsoen.“ De Martin weess Bescheed an ass ëmmer op der Plaz, och ouni Auto a Führerschäin. Wann net grad een e matthëllt, fiert hie mam Zuch a mam Bus. Duerfir huet hien och sou vill Zäit fir ze liesen.

Wat him wichteg ass, ass seng Onofhängegkeet: „Wann den éischte Mee de Castegnaro do trëppelt – dat éischt ass, d’Fotografe ginn dem Castegnaro Moie soen. Ech kucken, dass ech en erwësche wou en eng Dommheet mécht. Si ginn nach just Moie soen, dann hunn se jo schonn hir Onofhängegkeet verluer. Ech si just mat jiddwerengem héiflech, ech lafen deenen net no.“

D’Ausstellung vum Martin Linster ass nach bis de 6. März an der Galerie „Alimentation générale“ op der Gare ze gesin
(www.artcontemporain.lu). D’Öffnungszäiten stinn an der Agenda S. 20.


Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged , . Bookmark the permalink.

Comments are closed.