MUSEK: Keng kleng karéiert Chaos-Kanner

„In Defence of Rock“ heescht déi zweet Compilatioun vum lëtzebuerger Label Winged Skull. De Rock muss verteidegt ginn, mee géint wat? De Giordano Bruno (24),
ee vun de Grenner vum Label, schwätzt iwwert d’Problemer vun der lëtzebuerger Underground Musikszeen.

„Mir sinn eng kleng Oppositioun“, seet de Giordano Bruno iwwert den Underground-Label Winged Skull.

Ween ass Winged Skull?

Winged Skull ass am Dezember 1999 entstan. Et war eng Idee vun dräi Leit, déi an dräi verschiddene Gruppen waren an öfters Concert’en a Café’en gespillt hun. Iergendwann hu mir gemierkt, dass awer verschidde Läit un deem interesséiert waren, wat mir do gezwafft hunn. Emmer méi Bands sinn entstan, ëmmer méi Läit si komm, ëmmer méi hu mir probéiert fir weider Concert’en ze organiséiren. Dunn hu mir gemierkt, dass dat ganzt ëmmer méi kascht huet a gläich net méi aus eiser Täsch ze finanzéire war. Dofir hu mir Winged Skull Booking gegrënnt. Mir hu Sue gesammelt, eng Keess gemaach wouraus dann all Käschten déi mir haten bezuelt gouffen. Mir waren esou ee klenge Kollektiv vu verschiddene Bands, an dat huet esou gutt geklappt, dass mir och eise Gruppe regelméisseg équilibréiert Gagen konnte ginn. Dunn ass dat esou viru gaang a mir hunn och auslännesch Bands agelueden fir zu Lëtzebuerg ze spillen. Elo si mir op e Punkt komm wou mir bis zu 30-40 Emails den Dag kréien, matt Ufroe vun auslännesche Bands déi hei wëlle spillen.

De Booking ass deen ee Job vu Winged Skull. Dunn am Oktober 2002 hu mir décidéiert och ee Label ze grënnen, deen Winged Skull Records heescht. Winged Skull Records sinn am Moment 8 Gruppen déi sech all gutt kennen a sech autofinanzéieren. Mir sinn zu 4 Läit déi dat ganzt finanziell géréiren, mee d’Sue gehéiren de Gruppen. All Schrëtt wou mir maachen, alles wat mir rausbréngen gëtt mat jidderengem vun all Grupp beschwat an décidéiert an do ass et ebe wichteg wann ee sech gutt versteht ënnerteneen, wat och de Fall ass. Mir 4 Gérant’en probéiren dann deen sougenannte Marketing, d’Verdreiwung am Ausland esou gutt wéi méiglech ze maachen, mir hu wierklech keng grouss Méiglechkeeten, mee esou lues a lues schaffe mir eis erop. Mäi Papp seet ëmmer op italienesch „Chi va piano, va sano ed arriva lontano…“, wat an eisem Fall esou vill heescht wéi „ween d’Saach lues ugeet, kënnt gesond un a kënnt iergendswéini eng Kéier ganz wäit…“ ! Dat ass e bëssen eis Politik bei Winged Skull Records. Mir erweideren eis, dëst Joer hu mir och d’Méiglechkeet fir nach déi eng oder aner zwee Gruppen an d’Famill ze adoptéiren, an do maache mir dann och e Choix ob et an eisen Aan schonn e Wert huet, ob d’Grupp Wëllen huet fir
och eppes dofir ze man an op se matt eiser Politik averstan ass. Et ass net jiddereen averstaan, mee meeschtens ass déi Rock’n’Roll Mentalitéit bei jidderengem do.

Wat fir eng Philosophie stécht fir iech hannert de Compilatiounen?

De 24. Januar 2003 hate mir schonn eng Compilatioun, déi iwwregens „Tales from the Winged Skull“ heescht, erausbruecht. Déi huet sech relativ gutt verkaaf. Déi CD war souzesoen de Start fir eise Label Winged Skull. „In Defence of Rock“ hu mir sécher net erausbruecht fir Frick ze man, well mat Musek kann een op eisem Niveau ganz schlecht wierklech eppes verdéngen. Et ass einfach fir de Leit hei an och am Ausland ze weisen, dass et och gutt Gruppen zu Lëtzebuerg ginn Mir fannen, dass et an eiser sougenanntener Underground Szen wierklech am Moment eng enorm Evolutioun vun der Qualitéit vun de Bands gëtt, och wann déi Leit nie an engem Conservatoire waren. Dës CD ass och fir d’Ausland geduecht, also mir verschécken all eis CD’en déi mir bis ewell rausbruecht hunn un Fanzines, déi se dann gutt oder och oft net esou gutt kritiséiren. Och wann eis Bands am Ausland spillen, probéiren si d’Compil ze verkafen, wat och eenegermoossen leeft. Desweideren ginn dës CD’en och un auslännesch Gruppe weidergereecht an dann an deene Gruppen hir Distributioun opgeholl, wat natierlech nëmmen vu Virdeel ass fir d’lëtzebuerger Bands, well si doduerch am Ausland promotet ginn. An ech mengen den Haaptpunkt vun där Compil ass de Faktor Promotion am In- an Ausland.

Winged Skull steet jo haaptsächlech fir Punk-
rock …

Dat wëll net heeschen, dass mir kleng karéiert Chaos-Kanner sinn. Nee, dat si mir net, mir si ganz normal léif sozial, fir de Fridden a sozialkritesch Jongen a Meedercher, déi haaptsächlech Musek wëlle man. Punkrock ass an eisen Aan eng Form vun Expressioun, eng Form vu Spaass, eng Liewensaart déi sech e bësse vun eisem sougenannten, richtegen, ugepasste System ënnerscheed. Mir si keng Anarchisten, nee mir si just eng kleng Oppositioun, déi Spaass huet.

Mir als Museker sinn zimlech hefteg ënnerdréckt an dem Sënn, dass mir wierklech andauernd kämpfe musse fir iwwerhaapt kënnen iergendswou an engem Café ze spillen. Mir hunn näischt, och keng Méiglechkeete fir ze prouwen. E Proufsall, wou näischt dra steet kascht tëscht 300-500 € de Mount. Wouhir solle mir als Studenten, Schüler oder kleng Aarbechter eis dat leeschten kënnen? Mir mussen en plus och nach eis Instrumenter an Anlagen ënnerhalen, wat och net grad bëlleg ass. Et ass net einfach, duerfir huele mir Initiative fir de Leit an de Ministären ze weisen, dass et eng Musekszeen gëtt jenseits vum kommerzielle Mainstream-Radio. Och hir Kanner an Neveux’en spillen an verschiddene Gruppen, ech si sécher bei där eng oder där anerer Grupp déi op der Compil ass, do ass esou een oder eent dobäi …

Op wat fir eng Schwieregkeeten stousst dir konkret als Label?

Et ass schwéier fir finanziell Ennerstëtzung bei de Sponsoren ze fannen. Déi Suën déi erakommen, an et kommen der wierklech net vill eran, ginn haaptsächlech drop fir eis Käschten déi mir hunn a fir d’CD’en regelméisseg ze verschécken an un eis Concert’en déi mir organiséiren. Mir sinn nach net un dem Punkt wou mir d’Gruppen kënne räich man, do bräichte mir méi Ennerstëtzung vun de Medien, Concert’s Säll, etc. Eis Gruppen di sech schwéier fir iwwerhaapt kënnen éierewou op uerdentleche Plazen ze spillen ausser a Café’en, obwuel si wierklech net vill froen, si wëlle just spillen. Eis Gagen
leien tëscht 100-200 €, an net 5000-15000 €, wéi verschidden international Gruppen.

Wat misst sech kulturpolitesch ännere fir dass d’Musikszeen sech besser kinnt entwéckelen?

Also ech brauch ee Sall, maximal Kapazitéit 300 Läit fir meng kleng Concert’en, wou ech keng Schwieregkeete kréie mat der Police oder den Noperen. Ech wëll just Musek maachen, ech brauch dat wierklech, ech brauch keng Coque oder Rockhal, alles onnéideg an aus der Fënster erausgeheitent Geld!

Ech wënsche mir méi Respekt fir dat wat mir maachen. Wat ech domatt wëll soen ass, dass et net an der Rei ass dass d’Autoritéiten eis d’Concert’en heiansdo einfach esou ofbriechen. Dat ass a mengen Aan respektlos, mee et ass nunmol esou wann d’Musek e bësse méi haart ass …

Géingt dir dann awer net, wann dir lo méi Ennerstëtzung gifft kréien, den alternativen Aspekt verléieren an och Deel vum Establishment ginn?

Jo, dat stëmmt schonn, mee firwat geet et dann a Frankräich, England, an den USA, etc … a bei eis net?
A Frankräich gëtt et eng art Chômage culturel fir
d’Gruppen. An Italien ginn et iwwerall équipéiert Proufsäll fir 5 € – 10 € d’Prouf … mir bezuelen bis zu 300 € de Proufsall. Ech fannen et geet schonn duer wann ee fir säin Numm kämpfe muss a fir seng CD’en ze verkafen. Dat ass vill Aarbecht fir eng Band a wa si och nach kämpfe muss fir iwwerhaapt ze prouwen, dat ka jo näischt ginn.

„In Defence of Rock“ kann ee fir 4 € beim Label bestellen. Méi Informatiounen op www.wingedskull.cjb.net


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.