Richtung22: Nation-Branding vun ënnen

Eleng mam Titel vu senger neister Produktioun suergt Richtung22 fir Opmierksamkeet – a léisst bei sou munchem Patriot d’Alarmklacke schellen.

1337EventRichtung22

„Weess d’Madame Minister, datt de Logo vum Kulturministère op engem Plakat ze gesinn ass, dat den méi wäit uewen zitéierten Titel huet?“ (Foto: Richtung22)

„Weess d’Madame Minister, datt de Logo vum Kulturministère op engem Plakat ze gesinn ass, dat den méi wäit uewen zitéierten Titel huet?“ wollt den ADR-Deputéierten Fernand Kartheiser an enger parlamentarescher Ufro vum aachte September vun der Kulturministesch Maggy Nagel wëssen. „Ass et richteg, datt de Kulturministère den ’Informatiounsspektakel’ ënnerstëtzt?“ Rieds geet vun der leschter Produktioun vum jonke Kënschtlerkollektiv Richtung22, engem Theaterstéck, dat vum 19. September un am Theater „Am Dierfgen“ ze gesinn ass an den Titel „Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss“ dréit.

Och d’CSV-Europadeputéiert Viviane Reding wollt sech et net huele loossen, per sozial Netzwierker e wéineg Reklamm fir d’Produktioun ze maachen. „Hunn déi d’Primärschoul gepackt?“ freet se sech op Facebook, nodeems ee vun hire Kontakter eng Foto vun de Plakater gepost huet. An äntwert op d’Fro, wéi ee „sou eppes“ stoppe kann: „Andeems ee kloer seng Meenung seet, mee dee Wouscht net weiderleed an em esou keng Pub mécht“ réit d’Europadeputéiert, net ouni ze betounen, dass si „jiddefalls frou an houfreg“ ass, „Lëtzebuerger ze sinn“.

Iwwer den Zousproch freet Richtung22 sech natierlech. „Mir fannen déi Publicitéit jo u sech ganz sympathesch“ erklärt de Lars Schmitz vum Kënschtlerkollektiv. „Sou Reaktioune ware bei dem pauschalen Ugrëff op d’Natioun natierlech ze erwaarden.“ Dass de Logo vum Kulturministère op den Affiche fir d’Stéck ze gesinn ass, huet de Fernand Kartheiser net erfonnt: „Mir krute vum Ministère 2.000 Euro fir d’Produktioun a waren dowéinst verflicht, de Logo op d’Plakater ze setzen“ laacht de Schmitz.

Dobäi steet d’Theaterstéck jo eigentlech am Déngscht vun der Natioun: „Mir hunn eis mam sougenannten Nation-Branding ausernee gesat“, sou de Lars Schmitz. „Dofir hu mer eng grouss Recherche iwwer den Ursprong vum Begrëff gemaach a sinn dobäi natierlech op d’Chambre de Commerce a PWC komm. Mir hunn d’Trajectoire novervollegt, also wéi de Begrëff et iwwer Initiativen wéi „2030.lu“, iwwer Dokumenter a Konferenzen bis an d’Wahlprogrammer vun LSAP an DP a schlussendlech souguer bis an de Regierungsprogramm gepackt huet.“

Och de Luxleaks-Skandal hëlt eng prominent Plaz an „Lëtzebuerg, du hannerhältegt Stéck Schäiss“ an: „Beim Nation-Branding geet et jo u sech drëms, positiv Reflexer mat engem Land ze verbannen“ erklärt de Lars Schmitz. „Sou wéi s de, wann s d’u Frankräich denks, u Baguette an un den Eiffeltuerm denks, sou sollen bei de Leit och mat Lëtzebuerg verschidde Begrëffer a Verbindung bruecht ginn. Do hu mer eis gefrot, wéi eng Plaz Luxleaks eigentlech an dem Prozess anhëlt.“ D’Resultat ass fir de jonke Kommunikatiouns- a Mediewëssenschaftler kloer: „D’Bild vu Lëtzebuerg als Steierparadäis gouf duerch Luxleaks nach eng Kéier verstäerkt – an dat lackelt natierlech nei Entreprisen a Räicher, déi keng Steier wëlle bezuelen, op Lëtzebuerg!“

Fir d’breed Gesellschaft wier dat Lëtzebuerg-Bild natierlech negativ, mee: „Ween interesséiert schonn d’breed Gesellschaft?“ Och déi rezent Revelatioune vum Spiegel iwwer d’Verflechtunge vun héije Staatsbeamte mat der Privatwirtschaft géifen an déi selwecht Richtung goen: „Nieft dem Artikel am Spiegel ass eng Foto vum Étienne Schneider, dee virun engem Rolls Royce an engem Porsche poséiert“, sou de Schmitz. „All Räichen, deen dat gesäit, seet sech natierlech: Do muss ech hin!“

Firwat de provokativen Titel? De Lars Schmitz hëlt aus: „Beim Nation-Branding ginn Adjektiven fir e Land benotzt. Mir benotzen och en Adjektiv – hannerhälteg -, just eben en negatiivt. Doriwwer reegen sech d’Leit dann natierlech op, mee wee reegt sech dann op, wa positiv Adjektiver benotzt ginn?“ Richtung22 an de Fernand Kartheiser wieren sech eens, datt Lëtzebuerg nees zu dem sollt ginn, wat et ursprénglech eemol war, ier d’Realitéit duerch den Nation-Branding verschleiert gi wier. An dat ursprénglecht Lëtzebuerg wier eben e Stéck Schäiss, an en hannerhältegt nach dobäi.

Den 19., 21., 23. a 24. September am 
Theater „Am Dierfgen“.

Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.