All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vum Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg. De Luc Caregari an de Joël Adami schwätzen iwwer den Edito zu Diskussiounveranstaltunge vum Zentrum fir politesch Bildung, iwwer d’Neieentdeckung vun der Kulturpolitik vun Déi Gréng an iwwer de Last Summer Dance.
D’Thema vun der Woch ass dës Kéier d’Ofstëmmungsverhalen an der Chamber. Mir hunn alleguerten d’Bulletins de Vote ugekuckt an ausgerechent, wéi déi verschidde Parteien an der Chamber ofgestëmmt hunn. Dobäi hu mir erausfonnt, datt et e grousse Konsens tëscht deene véier grousse Parteie gëtt. Am Podcast erziele mir, wéi mir d’Recherche an d’Auswäertung gemaach hunn.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Am Bistro mat der woxx #280 – Wéi geféierlech ass Cattenom?
- Am Bistro mat der woxx #279 – 30 Joer nom Genozid am Ruanda
- Am Bistro mat der woxx #277 – Wéi kanadesch Firme mat Hëllef vu Lëtzebuerg 80 Milliarde Steiere gespuert hunn
- Am Bistro mat der woxx #276 – Wisou d’Diskussioun iwwer Iwwergewiicht zu Lëtzebuerg falsch leeft
- Am Bistro mat der woxx #275 – D’Rhetorik vu rietse Parteien am Bezuch op de Klimawandel an Nohaltegkeet