Antisemitismus
: E kopernikaneschen Tournant


Zu Ettelbréck ass eng Strooss ëmbenannt ginn. De Grond: Deen, deem seng Memoire joerzéngtelaang doduerch geéiert gouf, datt déi Strooss no him benannt gouf, wor en notoreschen Antisemit.

De J.-B. Fallize, e kathoulesche Kulturkämpfer am 19. Joerhonnert. 
Säin Antisemitismus ass laang Zäit ausgeblend ginn. (Quell: WikiCommons)

„Et drängt sech einfach op.“ Dat wor dem Jean-Paul Schaaf, Buergermeeschter vun Ettelbréck, säi Constat an der Sëtzung vum Ettelbrécker Gemengerot vum 26 Abrëll. Domat huet en op eng Propositioun vun de Gréngen am Ettelbrécker Gemengerot reagéiert, fir d’Montée Monseigneur Fallize, eng kleng Ettelbrécker Strooss, ëmzebenennen. [1]

De Jean-Baptiste Fallize, dee vun 1844 bis 1933 gelieft huet, huet an der Zäit vum Kulturkampf an den Achtzegerjore vum 19. Joerhonnert eng zentral Roll gespillt. Als Geeschtleche wor hien zugläich och Redakter am „Luxemburger Wort“ an Editeur vu kathoulesche Blieder wéi dem „Sonntagsblatt“, dem „Luxemburger Volksblatt“ oder dem „Marienkalender“. An deene véier Blieder gouf ëmmer mol nees iwwer d’„Frechheit der Judenpresse“ oder iwwert den „unverschämte Hochmuth der jüdischen Rasse“ geschriwwen, am „Marienkalender“ goufen zu där Zäit och antisemitesch Karikaturen aus däitschen Zeitungen iwwerholl.

Am „Sonntagsblatt“ konnt een och liesen, wéi no Usiicht vum Auteur „nach und nach alle Eckhäuser der Stadt Luxemburg in jüdische Hände übergehen, wie die jüdischen Ausverkäufer den Handel unserer Mitmenschen ruinieren, wie zu Esch Juden, die noch vor wenigen Jahren von Thüre zu Thüre für eine Zwiebel sangen oder mit ‚Bitschelskrepp‘ handelten, heute in Palästen wohnen, wie die Juden volkreiche Ortschaften, wie Ettelbrück und Grevenmacher, vollständig zu überwuchern drohen, wo sie andere kleinere Ortschaften, wie Frisingen, zu ihrer Domäne machen, wie sie fast den ganzen Zwischenhandel auf dem Lande an sich gebracht haben.“ [2] Well de Fallize och direkt déi jiddesch Industriellefamill Godchaux attackéiert hat, koum et 1882 zu engem Prozess, wou d’„Luxemburger Wort“, d’„Volksblatt“ an de „Volksbote“ wéinst „übler Nachrede“ respektiv „Verleumdung“ veruerteelt goufen.

„Unverschämter Hochmuth”

Nach 1936 huet de Pierre Grégoire, zanter 1933 Journalist beim „Luxemburger Wort“, an enger Geschicht vun der Zeitung geschriwwen: „Das Jahr 1882 brachte eine längere Auseinandersetzung mit dem Judenproblem. Das ‚Wort‘ schenkte damals dieser Rasse, wenn auch keinen Hass, so doch auch keine sonderliche Liebe. Doch bekämpfte es nicht im mindesten die Rasse als solche, sondern die Exzesse, die sich einzelne Vertreter hatten zuschulden kommen lassen.“ [3] Véierzeg Joer méi spéit, 1974, huet de Grégoire zwar net méi vun enger jiddescher Rass geschwat, mee goung awer och net op déi fréier Haltung vum „Luxemburger Wort“ an. A sengem Buch „Schriftleiter-Silhouetten“ iwwert déi divers Chefredaktere vun der Zeitung huet hien an enger Undeitung op dee Prozess d’Gebridder Godchaux bezeechent als „‚Tribu Godchaux‘, der an einem Monstre-Prozess gelegen war”. [4]

Am Joer 2017 ass sech den Ettelbrécker Gemengerot awer relativ schnell driwwer eens ginn, datt et net ubruecht wier, dem Fallize nach d’Éier vun enger Stroossebenennung ze loossen. Eng Ëmbenennung wier ëmsou méi néideg, wéi d’Gemeng Ettelbréck wéilt op de Wee goen, fir méi iwwer d’Geschicht vun der jiddescher Communautéit zu Ettelbréck ze sensibiliséieren. Mat der méi oder manner enthusiastescher Ënnerstëtzung vun alle Parteie gouf déi Propositioun ugeholl. Dat ass eng bemierkenswäert Decisioun, wat den Ëmgang mat Antisemitismus ugeet, besonnesch deem, dee vu kierchleche Vertrieder ausgoung.

Een Aspekt schéngt mer dobäi besonnesch interessant. Et gouf während der Debatt am Ettelbrécker Gemengerot drop higewisen, datt déi Strooss eréischt 1949 nom Fallize benannt gouf. Véier Joer nom Enn vun Zweetem Weltkrich a Shoah gouf et also duerchaus keng Sensibilitéit fir d’Thematik vum Antisemitismus. Dat wor allerdéngs an der Nokrichszäit net spezifesch fir Ettelbréck, an och net fir Lëtzebuerg. Déi Haltung füügt sech an eng gängeg europäesch Praxis vun der Net-Unerkennung vun der spezifescher Verfolgung vun de jiddesche Leit duerch den Nazi-Regime an.

Keng Sensibilitéit

Eng Rei Grënn hunn dobäi matgespillt: Nieft Ewechkucken, Desintressi oder schlicht Antisemitismus gouf et och d’Haltung, an enger egalitärer Logik keng Affergrupp wëllen ze favoriséieren. Mee aus de Quellen ass et oft schwéier erauszeliesen, wou dës Logik opgehalen a wou déi vum Ausblenne vun der jiddescher Verfolgung ugefaangen huet. Esou Attitüden dierften och matgespillt hunn, wann zum Beispill d’„Ligue luxembourgeoise des prisonniers et déportés politiques“ 1946 explizit festgehal huet: „[T]oute personne de descendance italienne, ainsi que les israélites sont admis comme membre de la LPPD, s’ils possèdent la nationalité luxembourgeoise et s’ils furent arrêtés pour des motifs de résistance contre l’oppresseur.” Jiddesch Leit, déi virun den Nazie geflücht woren oder déi an d’Konzentratiounslager gestach gi woren, woren domat de facto ausgeschloss, mol ofgesinn dovun, datt de Gros net déi Lëtzebuerger Nationalitéit hat. Déi selwecht Attitude wor um Gesetzesniveau beim Entschiedegungsgesetz vun 1950 ze erkennen, wou och d’Helden am Fokus stoungen an net d’Affer vum Nationalsozialismus.

Dës Haltung huet sech eréischt ab Enn vun de 1950er-Joere geännert, wou d’jiddesch Communautéit sech zesumme mat anere Veräiner fir d’Rechter vun den Affer vum Nationalsozialismus agesat huet. D’Opféierung och zu Lëtzebuerg vum Anne-Frank-Tagebuch als Theaterstéck an där Zäit, den Eichmann-Prozess, wou zwee Judden aus Lëtzebuerg als Zeien opgetruede sinn, d’Mise en Place vun Auschwitz als interna-
tionaalt Mahnmal fir d’Affer vum Faschismus dierfte weider Etappen an engem Prozess vun „Entdeckung” vun der Shoah gewiescht sinn. Dobäi koum, datt den 2. Vatikanesche Konzil sech fir d’Versöhnung vu chrëschtlecher a jiddescher Relioun ausgeschwat huet.

Karikatur aus dem „Marienkalender”, 1878, S. 40.

Eng nei Attitude

Domat ass awer nach net automatesch méi eng kritesch Attitude vis-à-vis vum historesche Phänomen vum Antisemitismus entstanen. Dat weist d’Aart a Weis, wéi de J.-B. Fallize bis an déi rezent Vergaangenheet an der kathoulescher Geschichtsfuerschung duergestallt gouf, nämlech ouni e Bezuch op seng antisemitesch Äusserungen. Et huet zu Lëtzebuerg particulièrement laang gedauert, ier d’Tabuiséierung vun der historescher Existenz vun antisemitesche Phenomener an der Lëtzebuerger Gesellschaft opgebrach gouf. An et ginn ëmmer nach Beräicher, wou dat de Fall ass: Zum Beispill gëtt dem Fallize säin Antisemitismus net a sengem Eintrag am Lëtzebuerger Autorelexikon ernimmt. Ëmsou méi muss een d’Positioun vun engem Marcel Kieffer ervirhiewen, dee virun engem knappse Joer an der „Warte” geschriwwen huet: „Fallize war der Protagonist einer Zeit und eines Welt- und Menschenbildes, für die es heute weder Verständnis noch Toleranz geben kann. Für das damals Geschriebene und mit voller Überzeugung Vertretene muss er sich dem Urteil der Geschichte stellen.” [5] An ëmsou méi ass déi unanime Entscheedung vun engem Gemengerot, dee vun enger CSV-LSAP-Koalitioun gefouert gëtt, bemierkenswäert a couragéiert.

Trotzdem stelle sech natierlech Froen. Ettelbréck ass net déi eenzeg Gemeng gewiescht, an där de Fallize duerch e Stroossennumm geéiert gouf. An et gëtt sécher nach weider Lëtzebuerger oder auslännesch Perséinlechkeeten, déi sech duerch antisemitesch oder aner mënscheveruechtend Äusserungen ervirgedoen hunn, an no deenen zu Lëtzebuerg Stroosse benannt goufen. Kann een d’Geschicht nees riicht béien, andeems een déi Éierungen zréckzitt, déi a fréieren Zäite mol eng Kéier als gutt a richteg empfonnt goufen? Et gesäit een, datt mer eis hei am schwierege Feld vun der Symbolpolitik beweegen.

Bei där Symbolpolitik geet et och ëm Muecht iwwer de politeschen Discours, zu deem den Discours iwwer gesellschaftlech Minoritéiten dozougehéiert. Dem Ettelbrécker Gemengerot seng Decisioun reit sech nämlech an e kopernikaneschen Tournant an, dee mer am Moment zu Lëtzebuerg am Ëmgang mat der jiddescher Communautéit erliewen. Zënter e puer Joer schéngt och zu Lëtzebuerg – mat vill Retard par Rapport zu eisen Nopeschlänner – en neien Interêt fir jiddesch Geschicht a Patrimoine opzekommen. Eng Rei Facteure wäerten zu dësem Sënneswandel bäigedroen hunn: Zum Beispill datt sech säit Enn vun den 1990er-Joeren méi eng pluralistesch Reliounspolitik entwéckelt huet oder datt et zu ëffentlechen Debatten iwwert d’Shoah zu Lëtzebuerg koum. Virun allem d’Shoah selwer steet dobäi am Mëttelpunkt, mee donieft entsteet och en neien Interêt um jiddesche Liewen zu Lëtzebuerg virun an nom Zweete Weltkrich. An allen Uertschaften, wou emol jiddesch Communautéiten existéiert hunn, maache sech Leit op d’Sich no de Spuere vun dësem Deel vun der Lokalgeschicht, dee laang Joerzéngten ausgeklamert wor. Et huet een den Androck, datt et an der Lëtzebuerger Gesellschaft en Nohuelbedarf un Informatioun iwwer dës reliéis Minoritéit zu Lëtzebuerg gëtt, deen sech elo iwwert de Wee vun der Beschäftegung mat der jiddescher Geschicht gedeckt gëtt. Niewelaanscht ass dat net nëmmen en interessante Phenomen vun neiem Interêt un der Micro-Histoire, mee och e Bäitrag zu méi enger diversifizéierter Lëtzebuerger Gesamtgeschicht.

Quellen:

[1] http://ettelbruck.lu/politique/enregistrement-des-seances/seance-du-20-mars-2017/ an http://ettelbruck.lu/politique/enregistrement-des-seances/seance-du-26-avril-2017/.
[2] Der neue König der Juden, in: Luxemburger Sonntagsblatt für Erbauung, Unterhaltung und Belehrung, 10 (14.12.1879) H. 50, S. 407.
[3] Grégoire, Pierre: Das Luxemburger Wort für Wahrheit und Recht. Die Geschichte einer Zeitung in der Geschichte eines Volkes, Luxemburg 1936, 184.
[4] Grégoire, Pierre: Schriftleiter-Silhouetten. Luxemburger Wortführer der Wahrheit, Luxemburg 1973, S. 49.
[5] Kieffer, Marcel: Ein Protagonist seiner Zeit. So gesehen, in: Die Warte, 7.7.2016, S. 11.

Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.