LETZEBUERGER MUSEK: rout + wäiss + blo = moof

E Gespréich mat der lëtzebuerger Band „moof“, wéinst hirer neier Scheiw „Ech sin einfach gutt“.

Komescherweis kréien ech déi éischt Fro gestallt. „Wëlls d’eng Béier?“, freet de Marc Reuter, zoustänneg fir alles wat sechs Säiten bei „moof“ huet, dat heescht d’Gitar an den Internetsite. Mir stin an der Hierschtsonn virum moofe Prouwsall, zu Esch an engem ale Gebei vun der Douane, direkt bei de Schinnen. Well all d’Kajoën eidel sin, gët an där éischter véirel Stonn fir d’éischt emol e Responsabelen fir de Ravitaillement iwwer Handy kontaktéiert. Eréischt wéi de Simchen (Pascal Simon, Batterie) e neien erbäibréngt, si mer alleguer Zen genuch fir eis an den Interview ze verdéiwen. mehr lesen / lire plus