Blues vun der Gaass

Blues op Lëtzebuergesch, dat ass eng gewote Saach: D’Bluesgrupp “Gaasserockbluesband” traut sech zënter enger Rei vu Joren, bei eegene Kompositiounen op dëse Wee ze goen. Datt dat duerchaus ka funktionéieren, konnt een den Donneschdeg, 12. Juli am Liquid live materliewen.

Op deem schéine Summerowend wor et nach hell dobaussen, wéi d’Band an d’Startlächer gaangen ass. “Gaasserockbluesband” spillt e melodiéisen, proppere Blues am klassesche Stil, bei deem d’Gittare vill am Virdergrond stinn. Nieft dem Gittarist Régis Rolando huet och de Sänger Frank Henkes an d’Säite gegraff. De Max Courtois wor um E-Bass, den Nic Wise op der d’Batterie an de jonke Fenny Gillen op de Keys an, ze seelen, op der Blues-Harmonika. Leider konnt een de flotte Sound net ëmmer genéissen, well d’Musek mat Zäiten extrem haart eriwwer koum.

Ugaangen ass den Owend mat enger Rei Lëtzebuerger Lidder: “Ech waarden op eng Äntwert”, “Hey Mister Wolter” oder “Et ass kee Béier méi am Haus”. An den Texter vun der Grupp geet et ëm klassesch Blues-Theme wéi Béier a Whisky oder Problemer mam weibleche Geschlecht, mee awer och ëm den haitege Lëtzebuerger Alldag. Do gëtt dann och mol, mat engem sozialkriteschen Touch, vu Verkéiersstauen an Auspuffgasen, vum Frust op der Schaff oder vu routwäissbloe Fändele gesong. Am sentimentale Regëster weisen sech déi modern Kommunikatiounsforme mat de Bezich op SMSen an E-Mailen. D’Lidd “Ma d’Blus op”, dat vum Text hier ëmmerhin als Reminiszenz aus senger postpubertärer Zäit ugekënnegt gouf, wor näischt fir Feminst*innen. Strophe wéi “Du léis mech net drun, bass wéi eng Festung” weisen awer och, datt d’Lidderschreiwen oft alt nom Prinzip “Reimen ouni ze keimen” funktionéiert.

Am zweeten Deel vum Owend huet d’Band du gréisstendeels Cover-Versioune vu bekannten Hits vu Blues bis Folkrock gespillt. Bei “Honky Tonk Woman”, “Pride & Joy” oder “Whiskey in the Jar” ass och nach méi däitlech ginn, datt d’“Gaasserockbluesband” hir Instrumenter gutt am Grëff huet. De Gittarist huet mat vill Séil gespillt, de Bassist hat et eraus, fir gutt Iwwergäng ze suergen. Och déi kleng Fantasien, wéi en New Orleans-Stil beim Lidd “After Midnight” oder de geleeëntlechen Asaz vun der Mondharmonika wore flott Accenten. De Pianist huet ofwiesselnd op der Hammond-Uergel mat vollen Akkorde begleet an um Stage-Piano improviséiert.

Ënnert dem Stréch huet d’Grupp gewisen, datt si gutt agespillt ass an en zolidd Fundament huet. Géint Schluss vum Owend, laang no Mëtternuecht, huet si dunn och eng ganz Rei Leit gelackelt, aus de Fotellen opzekommen a mam Groove matzegoen.


Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged , . Bookmark the permalink.

Comments are closed.