Am Bistro mat der woxx #257 – Wéieng Partei kann de Klima retten?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Kuerz virun de Wale kucke mir nach eng Kéier an d’Parteiprogrammer an huelen se dës Kéier ënnert d’Klima-Lupp. Och wa quasi all Partei d’Klimakris bekämpfe wëll, sou ginn et an den Approchen an an der Eeschthaftegkeet dach grouss Ënnerscheeder. D’Tessie Jakobs freet de Joël Adami, wisou hien d’Programmer vun Déi Lénk a vu Volt an dëser Hisiicht besonnesch interessant fënnt a wat een sech vun de Parteien aus der sougenannter Mëtt iwwerhaapt däerf erwaarden.

 

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:
Klimapolitik in den Wahlprogrammen: Zukunft ist Nebensache

 

Am Bistro mat der woxx #256 – Ëmweltschutz géint Wunnengsbau? Wéi d’Parteien d’Natur an d’Biodiversitéit (net) erhale wëllen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Fliedermais an Eilen si vir verschidde Parteien ee Problem. Op mannst dann, wann et ëm de Wunnengsbau geet. Mä dat ass awer net dat eenzegt ëmweltpolitescht Thema, dat an dësem Walkampf opkommen ass. Am Podcast kucke mir op d’Problemer, déi zu Lëtzebuerg bestinn, op hir Ursaachen an natierlech op d’Léisungen, déi déi verschidde Parteie virschloen. Nieft engem System Change kommen dobäi och Mikro-Bëscher an Natur op Zäit zur Sprooch.

 

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:
Umweltpolitik in den Wahlprogrammen: Von Fledermäusen und Bürokratiemonstern

 

mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #32 Fir eng sozial Kulturpolitik

A knapp zwou Woche wielt Lëtzebuerg eng nei Regierung – Zäit e Réckbléck op déi läscht Legislaturperiod ze geheien: Wéi sozial war do d’Kulturpolitik? D’Marianne David an de Luis Santiago vu  Cultur’all sinn dofir op Besuch um Canapé.

Copyright: woxx/Isabel Spigarelli

​Mat der Aféierung vum Kulturpass am Joer 2008 hu sozial marginaliséiert Persoune fir 1,50 Euro Zougank zu Kultur. Mä geet dat duer fir kulturell Erliefnisser ze demokratiséieren? D’Marianne David an de Luis Santiago schaffe béid säit Jore fir Cultur’all, d’ASBL, déi fir de Kulturpass zoustänneg ass. Si stinn am Kontakt mat den eenzele Partnerorganisatioune souwéi mat de Persounen, déi e Kulturpass notzen. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #255 – Seelbunn, Hyperloop oder dach einfach de Vëlo? Mobilitéitspolitik an de Walprogrammer

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’Wale komme méi no, mä wéi komme mir no de Wale virun? Dës Woch huet sech de Joël Adami d’Virschléi an der Mobilitéitspolitik an de Walprogrammer ugekuckt. Do gouf et e puer positiv an awer och e puer negativ Iwwerraschungen. Wärend déi eng Parteie gutt Virschléi fir eng aktiv Mobilitéit an ee gudden ëffentlechen Transport maachen, versichen anerer ee Kulturkampf ronderëm den Auto ze organiséieren. Mä wéi realistesch ass dat, datt een ëmmer de Choix huet tëscht Tram an Auto? A wa mir scho beim Thema Realismus sinn: E puer ganz besonnesch kreativ Virschléi, wéi ee mam Transportproblem zu Lëtzebuerg kéint ëmgoen, waren  natierlech och an de Walprogrammer verstoppt. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #254 – Wat kënnen sech schwul Bauere vun de Parteien erwaarden?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Haut huele mir erëm Walprogrammer ënnert Lupp, an dat direkt bei zwee verschiddenen Themeberäicher: D’LGBTIQA+- an d’Agrarpolitik. D’Isabel Spigarelli huet sech ugekuckt, wat déi verschidde Parteie fir queer Mënsche wëlle maachen, an de Joël Adami huet sech schlau gemaach, wie fir oder géint Biolandwirtschaft respektiv nei gentechnesch Methoden ass. All béid schwätzen se iwwer positiv a negativ Iwwerraschungen an de Walprogrammer an iwwerleeën, wéi déi nächst fënnef Joer kéinten ausgesinn.

 

D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn:
Parlamentswahlen: Queer wählen
Agrarpolitik in den Wahlprogrammen: Gentechnik, Glyphosat und Biolandbau

 

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #253 – D’Walprogrammer ënnert der feministescher Lupp

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Wéi feministesch sinn d’Walprogrammer vun de Parlamentsparteien? D’Tessie Jakobs huet sech fir d’woxx duerch d’Programmer gewullt an se op d’Thematik Geschlechtergerechtegkeet ënnersicht. Am Podcast erzielt si eis, wat dobäi erauskomm ass, wat fir positiv wéi negativ Iwwerraschungen et gouf. Mir schwätzen awer och doriwwer, wisou de Verglach schwiereg ass a wisou een*t net onbedéngt ze vill hoffen, datt eng nei Regierung eng gutt feministesch Politik mécht.

 

D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn:
Analyse der Wahlprogramme: Welche Parteien setzen 
sich gegen Genderdiskriminierung ein? mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #252 – Ass Klimaschutz ee Kannerrecht?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Den UN Kommitee fir d’Rechter vum Kand huet an engem neie Rapport confirméiert, datt et fir Kanner ee Recht op eng gesond, intakt an nohalteg Ëmwelt gëtt. Dat heescht och, datt si ee Recht op Klimaschutz hunn. Zu Lëtzebuerg schéngt dat awer net ganz vill Parteien ze interesséieren, well dat, wat als Mesurë géint d’Klimakris an de Walprogrammer proposéiert gëtt, net vill hir gëtt. Mä och an der Press ginn et nach ëmmer Meenungsartikelen, déi Zweiwel un der Klimakris äusseren.

 

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Klimapolitik: An die Kinder denken

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #251 – De Rietsruck an Europa

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Genau geholl schwätzen d’Tessie Jakobs an den Thorsten Fuchshuber dës Woch iwwer zwee vun eisen aktuelle Printartikelen, an a béiden geet et em de Rietsruck an Europa.

Wéieng Léieren kann Europa aus den aktuellen Entwécklungen an Italien zéien? Wéi ass et ze erklären, dass rietsextrem Politiker*innen wéi d’Georgia Melono sech an demokrateschen Institutiounen sou liicht duerchgesat kritt? A léist sech dee Rietsruck iwwerhaapt nach bremsen?

 

 

D’Artikel, iwwert déi mir geschwat hunn: Italien als Lehrstück für Europa: Gesellschaft als Beute an Tunesien-Deal der EU: Meloni macht das Spiel

mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #31 Rape Culture: d’Roll vu Veranstalter*innen

Hei ass den zweeten Deel vun eiser Mini-Podcastserie zum Thema rape culture: Am August schwätzt d’Ainhoa Achutegui, Direktesch vun der Abtei Neimënster, iwwert d’Verantwortung vu Veranstalter*innen a Kulturinstitutiounen.

COPYRIGHT: Isabel Spigarelli/WOXX

E gouf am Juli versprach, hei ass en – den zweeten Deel vun eiser Mini-Podcastserie zu rape culture. Dëse Begrëff ëmfaasst ënner anerem sozial a kulturell Verhalensweisen, déi sexualiséiert Gewalt verharmlosen oder ignoréieren, d’Schold dofir bei den Affer sichen oder alles dat zesummen.

Huet lëschte Mount déi spuenesch Kënschtlerin Laia Abril gedeelt, wéi si dat Thema an hirer Aarbecht souwéi an der Ausstellung On Rape“ an der Abtei Neimënster ugeet, schwätzt lo d’Ainhoa Achutegui iwwert den Ëmgang vu Kulturveranstalter*inne mat rape culture. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #250 – De Bilan vun der Ëmweltpolitik vun deene leschte fënnef Joer

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Déi blo-rout-gréng Regierung huet een groussen Accent op Klima- an Ëmweltpolitik geluecht. Allerdéngs ass de Bilan net esou roseg, wéi een*t dat vläicht menge kéint. Am Podcast huele mir ënnert Lupp, wat gutt geklappt huet, wat manner gutt geklappt huet a kucken eis un, wisou d’Klimagesetz esou verwässert ginn ass. E klengen Bléck an d’Glaskugel werfen mir dann och. Dat eenzegt, wat sech do kloer erkennen léisst, ass awer: D’woxx ass nächst Woch am Summerlach. Dofir mécht och dëse Podcast eng Woch Paus, mir héieren eis dann den 25. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #249 – Wéi de Pensiounsfong Atomwaffe finanzéiert

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Indirekt finanzéiert de Fonds de compensation, de lëtzebuergesche Pensiounsfong, Atomwaffe mat. Hien ass domadder awer net eleng, och vill Banken, besonnesch aus Frankräich, investéieren an Firmen, déi ënnert anerem Atomwaffe bauen. Am Podcast schwätzt de Raymond Klein mam Fabien Grasser iwwert seng Recherche, wéi schwiereg et ass, erausfanne wien wou investéiert a wat fir Méiglechkeeten et ginn, fir dës Finanzementer ze ënnerbannen.

Links zu den Artikelen:
Nucléaire militaire : Les investissements atomiques du FDC
Nucléaire militaire : La France veut des banques au garde-à-vous

 

 

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #248 – D’Ofstëmmverhalen an der Chamber ënnert der Lupp

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

55 Prozent vun de Gesetzer, déi anen leschte fënnef Joer duerch d’Chamber gaange sinn, sinn eestëmmeg ugeholl ginn. Dat ass een dach erstaunlech héijen Taux. Ass et also iwwerhaapt nach berechtegt, vun Oppositiounsparteien ze schwätzen? Mir schwätzen am Podcast doriwwer, wat de neie Chambersite fir eis Recherche bedeit huet, wéi mir den demokratesche Prozess zu Lëtzebuerg aschätzen a philosophéieren iwwert Fro, wou dëse vu méi Transparenz kéint profitéieren.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:
Parlament: Kuschelstimmung und Kampfabstimmungen

 

mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #30 Rape Culture: the view of an artist

Two episodes, one topic: Rape Culture. In July and August, Laia Abril, artist, and Ainhoa Achutegui, director of the Abbaye Neimënster, explore this theme. The mini-series begins with Laia Abril and her project A History of Misogyny.

COPYRIGHT: woxx/Isabel Spigarelli

This is the first of two episodes about the complex topic Rape Culture: a term used to describe behaviors that include victim blaming, slut-shaming, sexual objectification, the trivializing of rape, denial of widespread rape, refusing to acknowledge the harm caused by sexualized violence, and the combination of these aspects.

In July, multidisciplinary artist Laia Abril talks about how she approaches the theme as an artist; in August, Ainhoa Achutegui, director of the Abbaye Neimënster, will highlight the role of cultural institutions in the fight against Rape Culture in the artistic field. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #247 – Klimapolitik: Eng Datz fir d’Regierung, weltwäit Suergen an den Tax Shift als Léisungsvirschlag

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dëser Deeg ass d’Klimakris däitlech ze spieren, iwwerall op der Welt ginn Hëtztrekorder gebrach. Kënne Verhandlungen tëscht China an den USA hëllefen, datt op der nächster Weltklimakonferenz endlech Fortschrëtter gemaach ginn? Am Podcast vun dëser Woch schwätze mir kuerz doriwwer, mä mir diskutéieren och déi ganz schlecht Zensur, déi den OPC dem Energie- a Klimaplang vun der Regierung ginn huet. Déi gëtt vun de Wëssenschaftler*innen net nëmme kritiséiert, mä kritt eng Datz. Ee Léisungsvirschlag, dee soll hëllefen, fir CO2 anzespueren, ass de sougenannten Tax Shift. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #246 – Diskussioune ronderëm Schwangerschaftsofbréch

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Schwangerschaftsofbréch sinn erëm an der politescher Aktualitéit ukomm. Dat läit sécher dorunner, datt se an anere Länner ageschränkt ginn, mä och dorunner, datt et zu Lëtzebuerg Fuerderunge ginn, déi nach net erfëllt goufen. Am Podcast schwätze mir doriwwer, wat déi aktuell Gesetzeslag ass, wat genee soll dorunner geännert ginn a wien sech géint feministesch Fuerderunge stellt. Ausserdeem si feelend Statistiken a komesch Gäscht bei Diskussiounen iwwert een neit Gesetz Thema.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:
Schwangerschaftsabbruch: Reform, ein Wunschkind? mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #245 – Wat geschitt grad a Frankräich?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Nom Doud vun dem jonken Nahel gouf et a Frankräich vill Demonstratiounen, Ausschreidung an Onrouen. Am Podcast erkläre mir, wat an deene leschten Deeg geschitt ass a wéi et elo wäert weidergoen. Mir analyséieren, wéi d’Politik a Frankräich op d’Protester reagéiert huet a wisou se domadder den Ursaachen net ob de Grond ginn. Ausserdeem schwätze mir iwwert Fuerderunge vun der Lénker an der Zivilgesellschaft, déi sech géint Policegewalt a fir méi Ressourcen an de Banlieuen ausschwätzt.

D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn:
France : Banlieues : le grand abandon
France : Un amour à jamais irremplaçable

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #244 – Mat der Genschéier géint d’Auswierkunge vun der Klimakris?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Nei Methoden an der Gentechnik stellen d’Politik virun eng Erausfuerderung: Wéi soll dës nei Technike reglementéiert ginn, wann et esou vill polariséierend Meenungen dozou ginn? Engersäits probéiert d’Industrie an och Deeler vun der Landwirtschaft, déi sougenannt Genschéier als analog zu traditionellen Zuuchtmethoden duerzestellen, anerersäits wäert et schwiereg ginn, de Konsument*innen dës genmanipuléiert oder geneditéiert Liewensmëttel schmackhaft ze maachen. Am Podcast gi mir een Iwwerbléck iwwert Diskussioun an erklären, wéi mir bei der Recherche virgaange sinn.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:
Gentechnik gegen Klimakrise

mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #29 Queer Literatur aus Lëtzebuerg

Lëtzebuerg feiert de „Pride“-Mount, mä tauche LGBTIQA+-Themen och an der nationaler Literatur op? Dëser Fro ginn d’Sandy Heep an de Cosimo Suglia vum Fanzine „Aner Welten“ dëse Mount „Um Canapé mat der woxx“ no.

Queer Literatur ass an de Bicherregaler a Butteker zu Lëtzebuerg ze fannen, awer dofir méi rar an der lëtzebuergescher Literaturzeen selwer. Zwar ginn et vereenzelt Autor*innen, déi LGBTIQA+-Figuren an hir Texter abannen, mä dës loossen sech un zwee Hänn ofzielen. Wisou ass dat sou an engem Land, an deem LGBTIQA+-Mënschen opmannst um Pabéier eng ganz Partie Rechter hunn, déi hinnen e gläichberechtegt Liewen erméiglechen sollen? Feelt et dofir un Interessi un der Thematik oder bedéit dëst, datt et trotzdem Tabu ass oppe Faarf zu Queerness ze bekennen? mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #243 – Klimaneutral an de Krich? Iwwert CO2-Bilanz vun der Arméi

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Och wann vill ze wéineg gemaach gëtt, ass kloer: Jiddereen*t muss seng Emissioune verréngeren! Jiddereen*t? Nee, een Sektor muss näischt maachen, an dat ass d’Militär. Dobäi sinn Arméien am Fong grouss Klimakiller. An senger Recherche huet eis zukünfteg Mataarbechterin Maria Elorza Saralegui erausfonnt, wéi héich d’Emissioune vun der Lëtzebuerger Arméi sinn. An: Déi solle kompenséiert a reduzéiert ginn. Mä geet dat, wann ee mat ëmmer méi Fligeren a Panzeren ënnerwee ass? Am Podcast vun dëser Woch schwätze mir doriwwer.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:
Luxemburgs Armee und die Treibhausgase: Die Klimakrieger

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #242 – Gréngt Resultat bei de Gemengewalen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Den 9. Juni ware Gemengewalen zu Lëtzebuerg, an dat schlecht Resultat vun Déi Gréng huet d’Partei äiskal erwëscht. Am Podcast gi mir op d’Sich no den Ursaache vun de Stëmmeverloschter. Ass et wierklech nëmmen, well esou vill nei Leit op de Lëschte vun Déi Gréng ugetruede sinn, oder ginn et och nach aner Grënn, wéi zum Beispill déi vill Krisen, déi staark Suergen an de Wonsch no Stabilitéit ausléisen? Mir kucken eis och un, wat d’Partei elo maache kann, fir bei de Nationalwale besser ofzeschneiden. mehr lesen / lire plus