Ze vill, ze mann? Ze streng – net restriktiv genuch?
Iwwert d’Weiderféiere vun de Covid-Mesuren, déi fir vill Leit näischt bis ewell bruecht hunn, kann vill debattéiert a gestridde ginn. Wat sinn d’Mesurë wäert? Iwwerweit d’Ekonomie viru Mënscheliewen an ass d’Vertraue vun de Leit an d’Regierungs-Strategie nach ginn? Dës froe stelle mer eis e Sonndeg am Presseclub… aner Sujete sinn natierlech d’Resultater vun der Sonndesfro an d’Debatt ëm d’Sécherheet an der Stad.
An der Journalisten-Ronn diskutéieren: d’Dani Schumacher vum WORT, de Christoph Bumb vum Online-Magazin Reporter, an de Luc Caregari vun der Woxx.
RDV fir de Presseclub um Sonndeg wéi gewinnt tëscht 11 an 12 Auer live um Radio oder an Toun a Bild op rtl.lu. mehr lesen / lire plus