Déieregeschicht: Dem Kleesche säin Iesel


D’Geschicht vum Déier ass zu engem groussen Deel eng Geschicht vum Mënsch: Ënnert senger Dominatioun ass dem Déier säi Status vum Wiesen zur Saach ginn.

Hee fir den Iesel verbessert d’Chancen op e Cadeau: Dem Kleesche säin Iesel
huet net nëmmen déi wichteg Funktioun vun engem Laaschtendréier, mee en ass
och en Acteur am Deal tëscht dem Kleeschen an de Kanner. (Quelle: Internet)

„An allen Uewenecken / geet riets vum Zinniklos“, hu mer fréier an der Zäit virum 6. Dezember gesongen. An dësem Bäitrag steet awer de Mann mam laange Baart net am Mëttelpunkt. Hei soll et och fir eng Kéier, an enger duebeler Transgressioun, net nëmmen ëm déi méi rezent Geschicht goen, mee och ëm déi Welt, déi déisäit vun de Grenze vun enger op Objektivitéit a Wierklechkeetsgetreiheet ausgeriichte Geschichtsduerstellung läit.

Dem Kleesche säin Iesel soll eis haut mathuelen an d’Welt vun den Déieren. Fir d’éischt emol ass et bemierkenswäert, datt de Kleesche vun hei en Iesel als Begleeder huet, deen d’Päck muss droen. Den hellegen Nicolas kënnt eigentlech aus dem Mëttelmierraum, wou Ieselen als Transport-Déieren wäit méi gängeg woren. Op dëser Säit vun den Alpen huet en sech awer oft e wäisst Päerd ausgewielt, op deem e geridden ass. Dës Funktioun vum Déier als Laaschtdéier weist schonn op seng utlitaristesch Funktioun fir de Mënsch hin. „’t ass och Hee do fir däin Iesel / dofir gëff ons Spillgezei,” heescht et am Kannerlidd. Dem Iesel säi Fudder ass e Facteur an enger merkantiler Relatioun: dem Deal ronderëm d’Cadeauxen, déi de Kleesche bréngt, bei deem och d’Kanner hiren Apport ze ginn hunn, a Form vu Follegen an Hëllefen, fréier zum Beispill no den Déiere kucken.

Schwaarz Hënn an Draachen

Datt d’Déier als vum Mënsch gezähmtend Wiesen an der Wirtschaft eng wichteg Roll ze spillen hat, ass natierlech net nei. Zënter Mënschegedenken ginn Déieren net nëmmen als Nahrungsmëttel a Lieferante vu Kleedungsmaterial oder Trophéeë fir d’Mënschen doud gemaach, mee si goufen och fréier vill a Kricher agesat oder hunn a liewenslaangem Déngscht als Transportmëttel oder als Beschützer géint Gefore gedéngt. Och an der Lëtzebuerger Géigend huet sech bei de Baueren d’Véizuucht entwéckelt, mee Kéi a Päerd goufen och vun Händler heihibruecht. Grad an der Festung Lëtzebuerg goufen och ëmmer Päerd gebraucht. Bis an d’19. Joerhonnert era gouf et e ganze System fir d’Liwwerung vu Liewensmëttel an d’Festung. Vun no a vu wäit koume jiddesch a chrëschtlech Händler, fir der Garnisoun Liewensmëttel ze liwweren. Oft hu si d’Béischten bei de Baueren an der Ëmgéigend kaaft, geschluecht an dann d’Fleesch un d’Zaldote verkaaft.

Niewt dëser merkantiler Funktioun haten d’Déieren awer och laang eng Roll an den iwwer- oder aussernatierleche Sphären. Kazen zum Beispill goufen eréischt relativ spéit, nodeems d’Séifuerer déi éischt aus Nordafrika mat an Europa bruecht haten, domestizéiert an zum Beispill um Bauerenhaff gehal fir Meis ze fänken, während d’Bëschkazen, déi bei eis heemesch woren, guer net ze zähme woren. Dofir goufe si och nach ganz laang als net nëmme geféierlech Kreaturen, mee och als Wiese mat magesche Kräften gehal, deenen net ze traue wor. Notamment ass et hinnen an der Zäit vun der chrëschtlecher Hexejuegd schlecht ergaang, well si am Verdacht stoungen, vum Däiwel besiess ze sinn, an niewt de Mënschen goufen och si op de Scheiterhaufe verbrannt. Mee och d’Hënn haten net nëmmen e positive Ruff. An de Lëtzebuerger Seeërcher, déi den Nicolas Gredt gesammelt huet, sinn eng Rei schwaarz Hënn ronderëm gesprong, déi keng Gutt an der Kopp haten: Et gouf zum Beispill een, dee Käerzen ausgeblosen huet, fir datt d’Leit an der Däischtert hire Wee net méi sollte fannen. Och Päerd sinn et ginn, déi op eemol net méi ze zësse woren, well hire Meeschter eng komme gelooss hat.

Duerch déi europäesch Märercher geeschtere Wëllef an anert Gedéiesch, mat deem net gutt Kiischten iesse wor. Guer net ze schwätze vun Draachen, déi an Hiele geliewt a Schätz bewaacht hunn. D’Déier huet an deem Iwwergangsberäich tëscht Geschicht als ëmmer nees reproduzéiert Erzielung a Geschicht als Wëssenschaft, deen d’Populärkultur ausgemaach huet, eng wichteg Roll gespillt. Déi Seeërcher haten awer och e reelle Kär an deem Sënn, datt d’Domestizéierung vun den Déieren nach laang net ëmmer gelongen ass, an datt Déieren sech a physeschen Ausernanersetzunge mat Mënschen ganz oft als iwwerleeë gewisen hunn. Trotzdem ass et de Mënsche mat der Zäit ëmmer méi gelongen, sech d’Iwwerhand iwwert d’Déieren ze verschafen, an engem vun den éischte bibleschen Imperativen nozekommen: „Herrschen iwwert d’Fësch am Meer an iwwert d’Vulle vum Himmel an iwwert d’Véi op der ganzer Äerd, an iwwer alles, wat op der Äerd kraucht”.

Vum Wiesen zur Wuer

Obschonn d’Déieren am mënschleche Gesellschaftssystem also ni eng gläichberechtegt Roll gespillt hunn, goufen si zënter der industrieller Revolutioun am 19. Joerhonnert nach méi versachlecht an et koum ëmmer méi zur Verschiebung vum Status vun engem eegestännege Wiesen zu enger reproduzéierbarer Wuer. D’Aféierung vun de Schluechtheiser an de Stied steet net nëmme fir nei Hygiens-Standarden a fir eng Demokratiséierung an Zounam vum Fleeschkonsum, mee och fir d‘absolut Dominéierung iwwert d’Produkt „Déier“. Vun den Nonzenghonnertfofzegerjoren un huet sech déi Tendenz nach eng Kéier zougespëtzt. Och zu Lëtzebuerg, wou Ufank vum 20. Joerhonnert de klengen Bauerenhaff mat héchstens enger Handvoll Béischten nach d’Majoritéit vun de Betrieber ausgemaach huet, halen d’Konzentratiounsprozesser bis haut un. Dëse Broch huet sech a méi eng breet Entwécklung ageschriwwen, déi iwwer d’Relatioun Mënsch-Déier erausgoung. Den John Berger schreiwt a sengem berühmten Essay vun 1977 „Why look at animals?”, datt am 19. an 20. Joerhonnert all d’Traditiounen, déi tëscht Mënsch an Natur vermëttelt hunn, zerstéiert gi sinn. [1]

Haut ass dat industriellt Schluechten a Veraarbechte vun Déieren op engem Punkt ukomm, wou et fir vill Leit an den Industrielänner net méi akzeptabel ass, och wann déi Maschinn weiderhinn dréit. Datt déi Kritiken awer ëmmer méi haart ginn, huet sécher och nach mat engem aneren Aspekt vun der Relatioun tëscht Mënsch an Déier ze dinn, deen et wuel och ëmmer scho ginn ass, mee deen haut geneesou ongeaahnte Proportiounen ugeholl huet: d’Funktioun vum Déier als Compagnon an als Spender vun Emotioun an Zärtlechkeet. Den John Berger schreiwt och, datt Déieren eis op Distanz begleeden: „Das Tier kann getötet und gegessen werden, so dass seine Energie der des Jägers hinzugefügt wird. Das Tier kann gezähmt werden, so dass es den Bauern versorgt, und für ihn arbeitet. Aber die ihm fehlende gemeinsame Sprache, sein Schweigen gewährleisten seine Distanz, seine Verschiedenheit, seine Ausgeschlossenheit vom Menschen. Gerade wegen dieser Verschiedenheit kann jedoch das Leben eines Tieres, obwohl niemals mit dem eines Menschen zu verwechseln, als parallel zu diesem verstanden werden. Auf Grund dieser Parallelität bieten die Tiere dem Menschen eine Gesellschaft an, die sich gänzlich von der menschlichen unterscheidet.”

Während a vergaangenen Zäiten virun allem an der Aristokratie Hënn als perséinlech Begleeder an Afen, Papageien oder aner exotesch Déieren als Gadget gehale goufen, ass sécher och bei den normale Stierwlechen alt emol en Déier zu engem Frënd ginn. D’Funktioun vum Trouscht a schwéiere Situatiounen gouf zum Beispill vu Leit, déi nach den Zweete Weltkrich materliewt haten, vereenzelt ënnerstrach. Sou huet e Refraktär mer erzielt, wéi hien an de belschen Ardennen fir e puer Stonne bei engem Bauer am Stall ënnerkoum an do ageschlof ass. Erwäecht wier hie ginn, well eng Kouh him mat hirer rauer Zong iwwert d’Gesiicht gefuer ass, dat hat en net vergiess. Eng Fra, déi als Kand mat der Famill ëmgesidelt gi wor, krut vun den Nopere verzielt, den Hond, deen, sou sot se, „trei wéi Gold” wor, hätt ëmmer erëm gekrasch, well se fort woren. Schlussendlech gouf en zesumme mat de Päerd vun den däitschen Zaldote matgeholl. Datt den Hond an d’Päerd nom Krich erëmfonnt goufen, wor der Fra ëmmer an Erënnerung bliwwen.

Och am Beräich vun der emotionaler Relatioun zum Déier kann een eng Demokratiséierung a Kommerzialiséierung feststellen: Spéitstens zënter den 1960er-Joren ass et an eiser Gesellschaft zu enger zweegedeelter, extrem polariséierter Roll vun den Déiere komm. Op där enger Säit d’Déier als quasi-Mënsch, dat eis den Alldag méi douce a manner einsam mécht, dat vun eis getëltert gëtt, an deem munnecher sech net scheien, bei sengem Doud Denkmäler ze setzen, Begriefnësser ze organiséieren a Kierfecher anzeriichten. Op där anerer Säit d’Déier als Objet, fir dat kee Respekt brauch opbruecht ze ginn.

Haut gëtt et an der Geeschteswëssenschaft eng ganz Fuerschungsbranche, déi sougenannt „animal studies”, déi sech mat der Parallelwelt vun den Déieren beschäftegt. Och um juristesche Plang gëtt ëmmer méi iwwer Déiererechter geschwat. Zu Lëtzebuerg steet zënter 1999 an der Verfassung ze liesen: [„L’État] promeut la protection et le bien-être des animaux.“ Et ass geplangt, datt d’Déieren an där neier Verfassung sollen als „êtres vivants dotés d’une sensibilité“ opgefouert ginn. An et ass en neit Déierschutzgesetz an der Maach. Ouni hei drop anzegoen, ob dës Texter wäit genuch ginn, fir d’Déiere wierklech ze schützen, kann een d’Fro opwerfen, ob dat Ausdréck dovu sinn, datt d’Déier am 21. Joerhonnert an den Ae vun de Mënschen nees vum Objet zum Liewewiese gëtt. Sti mer virun engem Paradigmewiessel? D’Geschicht wäert et weisen. En attendant: Vergiesst d’Hee fir den Iesel net.

Dëse Beitrag gouf fir d’éischt den 12. Oktober 2017 an enger Audio-Versioun, an der Rubrik „ZäithistorikerIn“, um Radio 100,7 iwwerdroen.
[1] Berger, John: Why Look at Animals?, in: Berger, John: About Looking, London 1980, 1-26. Däitsch Iwwersetzung: Berger, John: Warum sehen wir Tiere an, in: Berger, John: Das Leben der Bilder oder die Kunst des Sehens, Berlin 2003, 12-35.

Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , , , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.