DP: Stockholm Syndrom

Bis zum Schluss huet d’DP eng Revanche gefaart, an d’CSV op eng gehofft. Domadder gehéieren se allen zwee zum alen Eisen.

Et wor den Osten ëm deen ee sech bei de Bloen am Meeschte Suerge gemaach hat, housch et. Wéi géif d’Resultat beispillsweis zu Munneref ausgesinn, ouni e Maggy Nagel am Rennen? Dobäi konnten am Endeffekt esouwuel de Buergermeeschter Lex Delles wéi de Jonglënster Schäffe Gilles Baum hire Mandat behalen. Am Norden hunn déi Liberal dofir e staarke Réckgang ëm ronn 6,5 % misse verquëssen. Mee och hei hunn trotz dem Feele vun engem Kandidat Charles Goerens esouwuel de Landwirtschaftsminister Fernand Etgen wéi och den Deputéierten André Bauler hire Sëtz konnte verteidegen. De Wunnengsbauminister Marc Hansen ass drëtte ginn.

Och am Süden hunn déi Blo verluer, konnten awer hir dräi Sëtzer behalen. De Pierre Gramegna, dee fir d’éischt bei enger Wal ugetrueden ass, koum esouguer op déi éischt Plaz, nach virum Unterrechtsminister Claude Meisch an dem Deputéierten Max Hahn. Fir Spannung huet de Minett dann awer nach gesuergt: hei wier bekanntlech vun der LSAP bal e Sëtz un déi Gréng gaangen. D’Regierungsbedeelegung vun de Sozialisten houng just un engem Seidefiedemchen.

Den Trauma vum Referendum

Anescht an der Stad, wou den Alexandre Krieps an d’Anne Brasseur net méi ugetruede woren an d’DP ee Sëtz verléiere sollt. D‘Familljeministesch Corinne Cahen koum mat 19.471 Stëmmen op déi zweet Plaz nom Xavier Bettel, viru Beissel an Arendt. De Bettel selwer krut ronn 3.000 Stëmme méi wéi de Wiseler … Fir d’Deputéierten Colabianchi, Elvinger a Lamberty (ëmmerhin DP-Generalsekretär) ass et net duergaangen.

Mat 16,91 % verbessert d’DP also hiert Resultat am Verglach zu 2013 a stabiliséiert sech, wéi et heescht. Méi awer och nët … A senger Ried viru sengen Unhänger*innen, e Sonndegowend am „Hitch“, ënnersträicht de Xavier Bettel dofir déi dach marginal Verloschter vun der LSAP. Fir hien steet d’Iwwerliewe vun der Koalitioun am Vierdergrond an domadder d’Perspektiv nach eng Kéier un der Muecht ze sinn. Fir hien perséinlech hu sech d’Resultater vläicht awer och wéi eng spéit Legitimatioun ugespuert, fir eng Koalitioun, där genee dat laang nët gegënnt wor.

De negativen Ausgang vum Referendum iwwer d’Auslännerwalrecht hat de Premier an eng Zort Schockstarre versat. Decouragéiert huet hien et awer och international net fäerdeg bruecht, sech ze profiléieren. Esou blouf hien de Stater Buergermeeschter, deen ëmmerhin de Wiessel inkarnéiert an dësem Land – fort vum CSV-Mief zu engem méi modernen, oppene Lëtzebuerg hin. Zanter e Sonndeg ass nämlech kloer, datt déi al CSV dout ass. A mat hir d’Angscht mat där si op paternalistesch Manéier – nach während der Referendums-Campagne – d‘Wieler*innen ze kontrolléiere versicht hat. Och nach déi lescht Wochen huet si mat hirer verdeckter Haltung op al Reflexer gesat a sech dobäi ferm an de Fanger geschnidden. Insgesamt hunn déi vergaange fënnef Joër d’Wieler*innen nämlech méi zouversiichtlech gemaach. An och an der CSV – dat hun d’Geselle Wiseler a Spautz dëser Deeg misse léieren – hunn d’Zäite sech geännert.

Fir dës positiv Schwéngungen sinn awer och ganz profan eng Steierreform an déi gutt wirtschaftlech Lag responsabel. An der DP schéngt een awer vun all deem wéineg matkritt ze hunn. Ze déif souz den Trauma vum Referendum. A vorauseilendem Gehorsam ass dofir mat op der nationalistesch-identitärer Well geschwomme ginn, während an de Walkabinn Pragmatiker *innen gestäerkt goufen. Vläicht huet jo dofir de Bettel e Sonndegowend am Hitch zwar vun engem Resultat geschwat, dat „net vu Näischt“ kéim an am nämmlechten Otemzuch vun enger „Mega-Iwwerraschung “. Op hien domadder de phänomenalen Duerchbroch vun Déi Gréng gemengt huet oder dat eegent Iwwerliewen, ass schwéier ze beuerteelen. D’Erliichterung stoung him jiddwerfalls am Gesiicht geschriwwen.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.