E Sonndeg, 27. Mee: Presseclub mat der woxx

Den onerwaarten Doud vum Staatssekretär Camille Gira huet d’lëtzebuerger Politik, mee och d’Leit am Land déif getraff – d’Politik verléiert domat ee Pilier am Domaine vun Ëmwelt- a Naturschutz. Den RTL-Presseclub kennt de Sonnden 27. Mee, kuerz no 11 Auer, op dës Perte ze schwätzen: aner Sujeten sinn ënner anerem d’Modalitéiten fir Member am Staatsrot ze ginn, grad wéi nei méi oder manner politesch Mouvementer, déi sech virun de Wahlen crééieren.

Invitéen dës Woch am Presseclub sinn: d’Dani Schumacher aus dem Wort. d’Ines Kurschat vum Land, de Claude Karger aus dem Journal an de Richard Graf vun der woxx.


Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged , , , , . Bookmark the permalink.

Comments are closed.