Expo
: Eng super Plaz

Fréier war et emol eng Épicerie. Dono e Restaurant an op eemol guer näischt méi. Villäicht gëtt et geschwënn e Blummebuttek. Fir de Moment ass et erëm eng Épicerie, also esou ongeféier. Op alle Fall „eng super Plaz“, seet de Rafael Springer, den Initiator vum Projet.

E bësse vun allem, wéi beim Kachen, dat wier ideal – seet de Lëtzebuerger Kënschtler Rafael Springer. (Fotos: Menny Olinger)

Op dem Belairer Trottoir hunn sech eng Handvoll Leit versammelt. Si sëtzen net op Still, mee op wäissen, ëmgedréinte Plastikseemeren, déi bedréckt sinn mat donkelroude Motiver. E Wierk vum Rafael Springer. Hei däerf een sech op d’Konscht setzen, se gebrauche fir e Krees ze maachen, sech Plaz ze huelen a gär och eng Fläsch Béier aus dem Frigo. Virun der aler Épicerie, déi emol e Restaurant war, soll een erëm kënnen an d’Gespréich kommen.

De Patron hat de Wonsch, datt dës Raim, déi laang eidel stoungen, erëm sollte mat Liewe gefëllt ginn. Dofir huet hien dem Rafael Springer ugebueden, d’Lokal esou laang ze notzen, bis erëm een sech géif fannen, deen sech geschäftlech hei wéilt engagéieren. „Dat kann zwou Wochen daueren oder zwee Méint “, seet den 1958 zu Zürech gebuerenen Artist an Autodidakt, et ass eng Galerie „à durée indéterminée “. An esou laang stellt hien do seng Wierker aus, mee net nëmmen: Hie mécht d’Plaz virun allem emol op fir aner Kënschtler, dofir steet op der Dier och „Rafael Springer & friends “. „Ech si kee Galerist“, seet hien, „et geet mir net drëm fir Big Business ze maachen.“ Jiddweree kann sech weisen, seng Biller, Collagen, Skulpturen, Fotoen, et däerf een och do virliesen, Musek maachen oder en Happening, danzen, zauberen, sprayen. Ënnert enger Bedingung: „Et muss ee mech awer richteg froen“, seet de momentanen Här vum Haus.

Et gi keng Eenzelausstellungen, well d’Zil ass et ze vermëschen – Visiteuren, Kënschtler, Konschtrichtungen. Do ass et net esou wichteg, ob dann elo déi eenzel Wierker am Ganze beienee passen. „Il faut de tout pour faire un monde.“ Mee uerdentlech geschafft muss ginn, dorop leet de Rafael Springer wäert, labber soll et sinn, awer och professionell. Hie fleegt seng Kontakter an de sougenannte soziale Medien, op Facebook invitéiert hien an hält um Lafenden. D’Vernissagë sinn ëmmer gutt besicht. Well wat bréngt et eng Party ze organiséieren, wann herno kee Bescheed weess?

An der Épicerie ware schonn zu Gaascht: Sascha Di Giambattista, Lucien Roef a Serge Anen. Elo aktuell sinn ze gesinn: Collagen vum Dan Lammar, Molereie vun der Emanuela Wille an ëmmer och dem Rafael Springer seng Biller a Keramiken an dem Menny Olinger seng Skulpturen. „Ouni de Menny hätt ech de Courage net gehat“, seet de Rafael Springer. Déi zwee Kënschtler kennen sech aus der Schläifmillen, wou si hir Atelieren hunn. Zesummen hunn si ugestrach an d’Plaz an d’Rei bruecht. Einfach esou, ouni ze wësse wéi laang si vun dëse Raimlechkeeten dierfte profitéieren. Frëndschaft an Zesummenhalt sinn dem Rafael Springer wichteg. An éischter Linn invitéiert hien hei Leit déi hie gär huet. „Ech wënsche mer, datt d’Konschtzeen erëm méi zesummefënnt.“ Datt et manner Konkurrenzkampf gëtt an erëm méi d’Gefill vun engem Kollektiv entsteet.

An se zitt un, d’Épicerie mat hirer oppener Dier an hirem liewegen Trottoir. Op dësem Mëttwoch Owend sëtzen d’Kënschtler an déi, déi einfach wollte kucke kommen nach laang zesummen, nodeems um 20 Auer offiziell Schluss ass. An der Uewerstad hunn d’Luxusbutticker mat hiren Türsteher, déi ëmmer oppassen, datt kee Falschen erakënnt a sech nëmme kee Stroossemusiker ze no un hir Vitrinn wot, scho fest zougespaart.

D’Épicerie (134, avenue du Dix Septembre L-2550 Luxembourg) ass ëmmer mëttwochs op vun 18 bis 20 Auer a samschdes vu 15 bis 17 Auer.

Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.