Film: Männer vu gëscht a vun haut


„Sixty8“, den neien Andy-Bausch-Film iwwer d’68er-Beweegung, ass keng kritesch Geschichtsduerstellung. Och iwwert d’Fuerderung no Befreiung vun der Fra, déi an dësem Mouvement e wichtegt Thema war, gëtt ee leider nëmme wéineg gewuer.

Schülerdemo zu Lëtzebuerg. (Quelle: Filmfund Luxembourg)

Wor dir schonn deen neien Andy-Bausch-Film kucken? Zënter enger Rei vu Woche leeft en an de Säll uerchter d’Land. Well ech ganz ënnerschiddlech Appreciatiounen zu deem Film gehéiert hunn, hunn ech mer en elo och op d’Long gezunn. Ech muss gestoen, datt ech zënter „La Revanche” kee Film méi vun him kucke wor, well ech dee Film deemols schlecht an d’Fraebild, wat dora vehikuléiert gouf, sexistesch fonnt hunn.

Dat hei ass also elo deen éischten Documentaire, deen ech vum Lëtzebuerger Regisseur gesinn hunn. Et geet ëm d’Joer 1968 a seng Suiten zu Lëtzebuerg, eng Zäit, déi ech opgrond vu mengem Alter gréisstendeels just als Kand materliewt hunn. Et schéngt mir e Film ze si fir Insider vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi net nëmmen de Pitty Puth an de Lambert Schlechter an de Gaston Vogel op der Strooss géifen erëmerkennen, mee deenen een och net muss erklären, wou d’Paterkierch an der Stad ass oder de Jongelycée zu Esch. Et ass, wéi wann een en famille géif e Fotos-
album zesumme kucken. Dat ass heinsdo witzeg, heinsdo e bësse melancholesch; jo, sou wor et deemols, a weess de nach. ’68, dat wor e bësse Vietnam an Ho Chi Minh, vill Musék a sexuell Revolutioun, eng Grëtz MLF a Fraebefreiung, freche Witz a Fantasie géint eng verknëchert, äerz-
kathoulesch Gesellschaft.

E Männer-dominéierte Film

Mee wann ee versicht, sech den Toun ewechzedenken, da kommen nach aner Saachen zum Virschäin. Et ass e Männer-dominéierte Film iwwer eng Männer-dominéiert Zäit, och an der progressistescher Szeen. Déi Dosen Zäitzeien, déi am Film optrieden, wiesselen sech mat just e puer Zäitzeiinnen of. Hunn déi feministesch Fraen, déi dem Andy Bausch seng Filmer kennen, nee Merci gesot? Wéins-
tens zum Deel, gi mer dem Regisseur mol dee Kredit, huet dat awer sécher domat ze dinn, datt Fraen a jonk Meedercher deemols och an der Lëtzebuerg Schüler- a Studentebeweegung rar woren. A wa si matgemaach hunn, da ganz oft als Statistinnen. Dat gëtt awer am Film guer net problematiséiert, duergestallt gëtt mat grousser Selbstverständlechkeet dee gemeinsame Kampf vu Jongen a Meedercher, jonke Männer a Frae géint de Konformismus vun der deemoleger Gesellschaft. Firwat d’Fraen éischter rar woren, dovu gëtt net geschwat, an et gëtt och net bei Fuerscherinnen oder Fuerscher nogefrot.

Firwat et zur Entsteeung vum Mouvement de Libération des Femmes, dem MLF, zu Lëtzebuerg komm ass, kënnt net zum Ausdrock. Wann et am Film ëm d’„Stonn vun der Fra” geet, da ginn domat Mini-Räck a sexuell Befreiung verbonnen. Do passen dann och Sprëch op Staminets-Niveau wéi: „De Jongen hir Hoer sinn ëmmer méi laang ginn, an de Meedercher hir Jüppe sinn ëmmer méi kuerz ginn.” Déi sexuell Revolutioun gëtt duergestallt als Fräiheet, sech sexuell ze betätegen, well et endlech d’Antibaby-Pëll gouf, oder Pornos-Zäitschrëften ze kafen. De Planning Familial gëtt onwiddersprach als „eppes fir d’Bourgeoisen” duergestallt. Dobäi wor et déi Zäit déi eenzeg Plaz am Land, déi Fraen aus alle Schichte gehollef huet, wann et zum Beispill ëm Schwangerschaftsofbréch gaang ass.

Nëmmen um Rand ginn Theme wéi den Ivg ugeschwat, an d’Afrostelle vun der männlecher Sexualitéit, wéi et deemols vun de Feministinnen bedriwwe gouf, kënnt iwwerhaapt net zur Sprooch. Och datt den MLF relativ schnell ugefaang huet, sech géint eng männlech Bevormundung grad och an där progressis-
tescher Szeen ze wieren, an d’Männer aus dem Veräin erausgekickt huet, passt net an de Familien-Album. Idem fir d’Opkomme vun der Homosexuelle-Bewegung. De Regisseur identifizéi-
ert sech kloer mat deem klasseschen Hetero-Discours, dee vu ville vun dëse männlechen Zäitzeie produzéi-
ert gëtt. Passenderweis weist dat his-
torescht Filmmaterial, dat zum Asaz kënnt, Fraen haaptsächlech liicht bekleed, beim Danzen, op Coveren vu Stern a Konkret oder a Reklamme fir Ënnwerwäsch. Eigentlech iwwerhëlt de Film genau déi Macho-Attitüden, déi d’Fraebeweegung schonn deemols ugeprangert huet. Do hëlleft et dann och net, wann eng Kënschtlerin wéi d’Berthe Luthgen kuerz iwwert hiren Asaz fir den MLF schwätzt. Mir hunn et mat enger verkierzten, jo verfälschte Geschichtsduerstellung ze dinn, déi eigentlech fir en eeschthaften Documentaire net akzeptabel ass.

Stëmmt also och hei de Sproch: „Geschicht gëtt vun deene geschriwwen, déi gewonnen hunn?” An dësem Fall also vun eelere Männer, déi ëmmer nach d’Muecht iwwert de gesellschaftlechen Discours hunn? Vläicht sollt een de Bléck ewech vum Andy Bausch senger Duerstellung vun der Welt riichten, da gesäit een, datt dat eng Pyrrhus-Victoire ass.

D’Plakat zum Film „Sixty8“. (Quelle: ptd.lu)

D’Suite vun der 
sexueller Revolutioun

Am leschten halwe Joerhonnert ass Munneches geschitt. D’Suite vun der sexueller Revolutioun an d’Weiderentwécklung vum Feminismus zënter der 68er-Beweegung woren enorm. Wa mer haut ëmmerhin e Mariage homosexuel hunn, wa mer en aneren Ëmgang mat Sexualitéit a Contraceptioun hu wéi déi Generatioune virdun, wa mer aner Liewensentwërf a Virstellunge vu Relatiounen hu wéi si, dann ass 1968 e Charnéier-Punkt. Wa Fraen haut an der Ëffentlechkeet kënne wichteg Rollen anhuelen, wann d’Ënnerbesetzung mat Fraen vun de Parlamenter wéinstens als Problem unerkannt gëtt, wann den Hausfraemodell, deen zu Lëtzebuerg esou fest implantéiert wor, net méi déi allein seligmachend Wourecht ass, dann huet dat och mat der Kontestatioun vun de 1970er-Joren ze dinn, a mat de kritesche Reflexiounen a soziale Beweegungen, déi si ausgeléist huet.

Domat ass awer net gesot, datt eng feministesch Beweegung iwwerflësseg gi wier, wéi munnecher mengen. Virun e puer Deeg wor op Invitatioun vum Dokumentatiounszentrum CID Fraen an Gender eng Liesung mat Diskussioun vun der englescher Bloggerin an Autorin Laurie Penny. De Succès vun der Veranstaltung weist, datt jonk Leit vun ënnerschiddleche Geschlechter sech fir Feminismus interesséieren an sech eng Welt wënschen, an där tatsächlech jiddereen als Persoun gläichberechtegt ass. Wann haut vun der Laurie Penny an aneren net nëmme méi iwwer Ënnerdréckung vu Frae geschwat gëtt, mee iwwer méi komplex Diskriminéierungsmechanismen opgrond vu soziale Kategorien, sexueller Orientéierung an Gender-Identitéit, da sinn dat awer alles rëm nees Froestellungen, déi ee kann a Verbindung mat der kultureller Revolutioun vun 1968 setzen.

Feministinne wéi d’Laurie Penny kritiséieren awer och d’Attitüde vun der Fraebewegung vun där Zäit, dem „Second Wave“-Feminismus, wéi si et nennen, mat Bezuch dorop, datt et jo schonn eng éischt Frae-
beweegung gi wor, déi am 19. Joerhonnert entstan ass a bis an 1920er-Joren aktiv wor. Besonnesch de sougenannte Separatismus vun där zweeter Fraebeweegung aus den 1970er- an 80er-Joren gëtt haut a Fro gestalt, dat heescht, déi relativ drastesch feministesch Ofwendung vun de Männer als Representanten vum Patriarchat. Well och wann de Feminismus eng sozial Beweegung wor, déi op vill Widdersproch a staark Oflehnung gestouss ass, gouf et ëmmer och Männer, déi sech fir d’Emanzipatioun vun der Fra staark gemaach hunn, och zu Lëtzebuerg. Männer hu sech Ufank vum 20. Joerhonnert zesumme mat Fraen fir Meedercherslycéeën agesat, männlech Affekoten hunn an der Tëschekrichszäit Konferenzen iwwer d’Diskriminéierung vun de bestuete Fraen gehal. Ëmsou méi wor et onerhéiert, wéi de Lëtzebuerger MLF, an deem am Ufank Fraen a Männer zesummen engagéiert woren, d’Fuerderung no männerfräie Reim iwwerholl huet.

Déi modern Kritik um Separatismus geet zumindest parallel mat engem neien Intérêt fir d’Rechter vu Fraen och vu Säite vu Männer. Natierlech ass et erlaabt, kritesch ze sinn an no de Motiver ze froen, wa sech grad Männer géint Diskriminéierunge vu Fraen asetzen, zum Beispill am Kontext vun der Islam-Kritik, déi an de leschte Joeren opkomm ass. Firwat ass et elo réischt, a grad an deem Kontext, wou op eemol Gläichheet vu Männer a Fraen och fir Männer zu enger verteidegenswäerter Valeur gëtt?

Mee vläicht erliewe mer jo tatsächlech am Moment en Ëmdenken, en neit Verständnis fir strukturell Diskriminéierungsmechanismen. Vläicht hunn déi jonk Männer vun haut méi verstan vun der Fraebeweegung wéi vill vun hire Pappen. Ëmmerhin ass et jo net grad näischt, wann haut, no enger laanger Paus, nees Männer sech als Feministe bezeechnen. Et kéint een emol en Documentaire driwwer maachen. An dee kéint jo dann och wéi deen hei, vum Lëtzebuerger Filmfong, also mat Steiersuen ënnerstëtzt ginn.

Dëse Beitrag gouf fir d’éischt den 9. November 2017 an enger Audio-Versioun um Radio 100,7 iwwerdroen.

Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !

Flattr this!

Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.