Fraen-Emanzipatioun: Post Skriptum zum 8. Mäerz

Sinn d’Frae selwer un hirer historescher Ënnerdréckung Schold? Eng Replik op e puer pauschal Behaaptungen.

Asaz vu Frae fir hir politesch Rechter : Fraendag an Däitschland 1914. (Quell: WikiCommons).

Virun e puer Deeg gouf ech op engem landbekannten Affekot säi Lieserbréif op der RTL-Homepage zum internationale Fraendag opmierksam gemaach. Hie mécht dora verschidden Aussoen, déi een eigentlech net onwiddersprach sollt am Raum stoe loossen.

Éischtens ass dem Gaston Vogel no den internationale Fraendag eng „superconnerie“. Dat seet net nëmmen hien, sou deelt en eis mat, mee och seng Fra. Dat ass natierlech en Argument. Zweetens fënnt den Auteur: „Si la femme a été négligée au cours de l’histoire, la responsabilité de cet impair lui incombe. Elle n’a, en effet, jamais réagi contre cette absurdité.” An d’Erklärung fir dësen „idiot état de servitude” läit nom Auteur drëttens bei der Kierch an hirer „politicaille”, also där Partei, déi hir nosteet. Véiertens géifen d’Fraen och nach dës Partei, also d’CSV, wielen. [1]

„Superconnerie“

Iwwert déi éischt Behaaptung kann ee sécherlech diskutéieren. Tatsächlech riskéiert de Fraendag, deen emol e Kampfdag wor, grad an de leschte Joeren als entpolitiséierte Ritual recuperéiert ze ginn, op deen sech d’Blummebutteker grad sou freeë wéi op Mammen- oder Vältesdag. D’Fraenorganisatiounen zu Lëtzebuerg probéieren neierdéngs nees mat vill Asaz, sech dëser Entpolitiséierung entgéintzestämmen a politesch Revendikatiounen ze vermëttelen. Ob si domat eng Chance hunn, ass eng oppe Fro.

Dat wor awer eng ganz Zäit anescht. Zënter 1911 haten déi sozialistesch Fraen a ganz Europa den amerikanesche Fraerechtlerinnen et nogemaach an deen Dag zu hirem Kampfdag gemaach, fir all déi Rechter ze reklaméieren, déi hinne virenthale goufen – notamment d’Walrecht, awer och gläiche Loun fir gläich Aarbecht oder d’zivil Gläichstellung vun de bestuete Fraen. Wéi den 1. Mee hat de Fraendag deemools eng staark politesch Bedeitung. Den 8. Mäerz 1917 stoungen déi russesch Aarbechterinne mat hirem Streik um Ufank vun der russescher Februarrevolutioun. Spéiderhi koumen Theme wéi sexuell Selbstbestëmmung, Entkriminaliséierung vun der Ofdreiwung oder Kampf géint sexistesch Gewalt dobäi. Grad dee leschte Punkt weist, datt vill vun deene Punkten u sech net vum Dësch sinn. An datt d’Fraen, wéi d’Me-too-Beweegung gewisen huet, och haut nach als Kollektiv mobiliséierbar sinn.

Net gewiert?

1972: Frae setzen sech a fir d’Emanzipatioun vun der bestuetener Fra. (Foto: Roby Raus)

Domat si mer bei där zweeter Ausso ukomm: D’Fraen hätten sech ni selwer géint hir Ënner-dréckung gewiert. Dobäi gehéiert d’Fraenemanzipatiounsbeweegung zënter dem 19. Joerhonnert eigentlech zu de Basics vun der europäescher Sozialgeschicht. No der Olympe de Gouges an anere Feministinnen, déi während der franséischer Revolutioun fir Fraerechter agetruede sinn, sinn d’19. an d’20. Joerhonnert voll vu Beispiller, wou Frae sech gewiert hunn. An de Fraendag wor en Deel dovun – an deem Sënn widder-sprécht den Auteur sech eigentlech selwer. Dee selwechten Auteur weist sech entsat iwwert d’Onmündegkeet vun der bestuete Fra bis an d’1970er-Joren – jo, mee wien huet sech da fir hir Gläichstellung agesat, wann net d’Frae selwer – vun der éischter Deputéierter Marguerite Thomas-Clement iwwert d’Fraenorganisatioune vun de Parteien an de Fofzegerjore bis zu de Femmes juristes an de Siechzeger a schliisslech dem Mouvement de libération des femmes?

Mat hirem Asaz fir Fraerechter woren d’Feministinnen eng vun enger ganzer Rei vun Emanzipatiounsbeweegungen, déi sech zënter der Aufklärung artikuléiert hunn, sou wéi och déi jiddesch an aner reliéis Minoritéiten, d’Anti-Esklavagismus-Beweegung oder de Kampf an der Drëtter Welt géint de Kolonialismus. D’Argument, Fraen hätte sech net géint hir Ënnerdréckung gewiert, ass awer och an deem Sënn bemierkenswäert, well domatter déi, déi ënnerdréckt ginn, responsabel fir dëse Mëssstand gemaach ginn, andeems déi, déi ënnerdrécken, dedouanéiert ginn. Ausgeblend gëtt och, datt a villen historesche Fäll d’Prinzipie vu Gläichheet an Demokratie Deeler vun de privilegéierte Klassen dozou bruecht hunn, ëmzedenken, an de Kampf vun den Ënnerdréckten ze ënnerstëtzen: Sief dat elo de Kampf vun de Fraen fir eng besser Bildung, deen och vu Männer ënnerstëtzt gouf, oder d’Anti-Sklave-Beweegung, déi vu biergerleche Politiker, ob aus chrëschtlecher oder liberaler Iwwerzeegung, och alt aus ekonomesche Grënn, gestäipt gouf. Jiddefalls ass eng Solidaritéit entstan, déi hëllefräich, heiansdo souguer ausschlaggebend fir de Succès vun der Beweegung wor.

Drëtte Punkt: Et ass alles d’Schold vun der Kierch, déi souwuel selwer wéi iwwert de Wee vun hire politesche Waasserdréier d’Fraen an hirer ideologescher Gitt gehalen huet. D’Kierch huet, dorun ass keen Zweiwel, bei der Ënnerdréckung an Entmënschlechung vun der Fra eng wesentlech Roll gespillt. Awer och de Code Napoléon vun 1804, dee vu Männer ausgeschafft gi wor, déi sech selwer fir opgekläert gehalen hunn, huet de Fraen hir Rechter beschnidden. A spéitstens am 19. Joerhonnert gesäit een, wéi vill datt och fortschrëttlech Männer déi fraeveruechtend Ideologie internaliséiert hunn. Dat kann ee scho bei de sozialisteschen Utopiste feststellen, zum Beispill beim Pierre Joseph Proudhon, deen iwwerzeegt vun der natierlecher Inferioritéit vun de Frae wor an sech duerfir och géint d’Fraewalrecht agesat huet. „L’égalité politique des deux sexes, c’est-à-dire l’assimilation de la femme à l’homme dans les fonctions publiques est un des sophismes que repousse non point seulement la logique mais encore la conscience humaine et la nature des choses […] La famille est la seule personnalité que le droit politique reconnaisse […] Le ménage et la famille, voilà le sanctuaire de la femme“, huet hien 1849 geschriwwen. [2]

Bedenklecht Fraebild

Mee och Schrëftsteller wéi de Victor Hugo oder de Zola, déi sech eigentlech fir Fraerechter agesat hunn, haten e bedenklecht Fraebild. Sou schreift de Victor Hugo: „L’homme s’efforce, invente, crée, sème et moissonne, détruit et construit, pense, combat, contemple, la femme aime. Et que fait-elle avec son amour? Elle fait la force de l’homme. Le travailleur a besoin d’une vie accompagnée. Plus le travailleur est grand plus la compagne doit être douce. […] Ah, vénérons la femme. Sanctifions-la, Glorifions-la. La femme, c’est l’humanité vue par son côté tranquille; la femme, c’est le foyer, c’est la maison, c’est le centre des idées paisibles.” [3]

Eng Kämpferin fir d’Fraewalrecht zu Lëtzebuerg: d’Sozialistin Marguerite Mongenast-Servais. (Reproduktioun: Bibliothèque nationale)

Iwwer déi ambigu Haltung vu sozialdemokratesche Männer zu Fraefuerderungen fënnt een och zu Lëtzebuerg Beispiller. Besonnesch d’Erwerbstätegkeet vu Fraen gouf vu ville skeptesch gesinn, well se d’Fraen als Konkurrenz um Aarbechtsmarché verstan hunn. Fir d’Fraewalrecht ass déi Sozialdemokratesch Partei vun alle Parteien zwar am offensiivsten agetrueden, et woren awer vun 1917 un virun allem Fraen, déi duerfir mobiliséiert hunn. Bei de liberalen Deputéierten wor een souguer géint dës Demokratiséierung. Och d’Ofleenung vum Feminismus als biergerlech Verirrung oder d’Reduzéierung vun der Fraendiskriminéierung op en Niewewiddersproch vum Kapitalismus, deen sech mat der Revolutioun vum selwe géif léisen, wor der Aarbechterbeweegung net friem.

Déi véiert Behaaptung, Frae géife kathoulesch wielen, gëtt et zënter der Aféierung vum Fraewalrecht. Jo, munnecher wollten de Fraen dowéinst scho virdrun déi politesch Rechter virenthalen. Et ass wuel plausibel, datt Fraen an den éischte Joerzéngten no der Aféierung vun hire politesche Rechter éischter riets gewielt hunn, och well d’Mainmise vun der Kierch op jonk Meedercher laang Zäit nach staark wor. Beweiser gëtt et dofir awer keng: Zu Lëtzebuerg gouf et, anescht wéi an anere Länner, ni verlässlech Analysen zum Walverhalen, mee just, an dat och eréischt an de leschte Joerzéngten, Zuelen opgrond vu Sondagen virun oder no de Walen iwwert de comportement électoral. [4]

Aus deene Sondage geet ervir, datt Frae virun allem méi Abstentioun üben. Insgesamt ass awer d’Elektorat eng Grimmel méi weiblech. Dee méi héijen Undeel vu Fraen oder Männer läit och oft am Beräich vu wéinege Prozent a ka vu Wal zu Wal variéieren: Bei der LSAP zum Beispill wor 2009 den Elektorat zu bal 54 Prozent männlech, 2013 zu iwwer 54 Prozent weiblech. Bei deene Gréngen louch de Prozentsaz vun de Wielerinnen 2009 bei bal 62 Prozent, 2013 just nach bei 51,9 Prozent. Bei der CSV ass e vun 51,6 Prozent 2009 op 52,3 Prozent 2013 eropgaang. Den ADR gouf 2009 nach zu bal 55 Prozent vu Männer gewielt, 2013 nëmme méi zu 51,5 Prozent. [5]

Vill méi pregnant wéi den Gender-Aspekt schéngt awer, wat d’Walverhalen ugeet, de Bildungsniveau: Beim Elektorat vum ADR haten 2013 bal d’Halschend a bei der CSV 43 Prozent kee Secondaires-Ofschloss, all déi aner genannte Parteien louchen däitlech ënner dem Duerchschnëtt vun 39 Prozent. Aner Facteure, déi beim Walverhalen eng Roll spillen, sinn den Alter oder de Wahlbezierk.

Fazit: D’Geschicht ass meeschtens vill ze komplex, als wéi datt ee se op grëffeg Formele kéint reduzéieren.

Quellen:

[1] rtl.lu/meenung/carte-blanche/1146925.html
[2] Le Peuple, 12 avril 1849, zit. no maitron-en-ligne.univ-paris1.fr.
[3] Zit. no: Albistur, Maïté / Armogathe, Daniel: Histoire du féminisme français du Moyen Âge à nos jours, Paris 1977, S. 386.
[4] Et gëtt zwar zënter 1974 eng Auswäertung vu Bulletinen, mee déi betrëfft nëmmen de Panachage.
[5] Chaire de recherche en études parlementaires: Analyse du vote des luxembourgeois de nationalité d’après les sondages pré- et post-électoraux. Élections législatives de 2013. Luxembourg, 2015, parlement.a.p.f.unblog.fr/files/2013/09/rapport-elect-euro-2014-ii-luxembourgeois.pdf

 


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.