Geschichtsmethoden
: D’Microhistoire – 
e „jeu d’échelles“


Microhistoire, dat ass méi wéi en Azoome vun der Geschichtsfuerschung op ee méi klenge Moossstaf, op dat Lokaalt, op kleng Communautéiten, oder op zwëschemënschlech Relatiounen. E Colloque op der Uni Lëtzebuerg huet dat illustréiert.

Pénurie: De Gemengerot vu Jonglënster hat 1937 Schwieregkeeten, fir eng Dokteschplaz ze besetzen. (Quell: Tageblatt, 30.9.1937, p. 7)

D’Lescht Woch hat de Fuerschungsprojet Luxtapoje vun der Uni Lëtzebuerg, deen am gaang ass, déi Lëtzebuerger Dossieren vun der Friemepolice virun an nom Zweete Weltkrich ze analyséieren, op e grousse Colloque agelueden, ënnert dem Titel: „The Way Out: Microhistories of Flight from Nazi Germany“. Den Titel verréit schonn, datt et net nëmmen ëm eng spezifesch Zäit an e spezifescht Thema gaang ass, mee och ëm eng spezifesch Method. D’Microhistoire ass e Konzept innerhalb vun der Geschichtswëssenschaft, dat et schonn eng Rei vu Joerzéngte gëtt, dat awer haut, zum Deel och duerch d’Méiglechkeete vun der Digitaliséierung, eng nei Bléi erlieft.

Micro- a Macrohistoire: ontrennbar

D’Microhistoire, déi an den 1970er-Jore fir d’éischt an Italien opkoum, huet de Fokus ewech vun där grousser Geschicht, déi sech mat politeschen oder ekonomeschen Entwécklungen befaasst, an hin zu méi klengen an op den éischte Bléck méi onbedeitenden Aspekter geriicht. Sou huet ee vun de Begrënner vun der Microhistoire, den Giovanni Levi, an engem Artikel iwwer en Exorzist an engem italieneschen Duerf am 17. Joerhonnert, de soziale System an der bäuerlecher Gesellschaft vun deemools gewisen. D’Microhistoire wor eppes anescht wéi déi klassesch Lokalgeschicht: Si wor souwuel eng Form vu Sozialgeschicht, well si sech mat Gruppen auserneegesat huet, déi ënnen op der gesellschaftlecher Leeder stoungen, wéi och e Beitrag zur nei entstanener Alldagsgeschicht.

Haut geet d’Microhistoire awer nach iwwert d’Approche vun den 1970er-Joren eraus. D’Historikerin Claire Zalc zum Beispill, déi eng Datebank iwwer d’jiddesch Famillen an där klenger Stad Lens an der Normandie an der Zäit vum 2. Weltkrich opgebaut huet, [1] huet beim Colloque op dem Campus Belval betount, datt haut d’Quellematerial vill méi divers ass wéi fréier: Sou ginn haut och Ego-Dokumenter, also zum Beispill Bréiwer oder Tagebicher, Literatur, Fotoen an Filmer oder Architektur ausgewäert. Si huet och vun engem „décloisonnement“ geschwat: Zum Beispill géif déi staark Trennung tëscht där akademescher an där jiddescher Geschichtsfuerschung iwwert d’Shoah, déi fréier existéiert huet, haut duerch nei gemeinschaftlech Fuerschungs-Initiativen iwwerwonne ginn. Och d’Geschicht vun de mënschleche Relatiounen am Krich, zum Beispill déi tëscht den Affer an den Täter, kritt méi eng grouss Importenz. Schliisslech kënnt et och zu neie Kooperatiounen tëscht Geschichtsfuerschung an anere Fuerschungsberäicher, wéi Sozialwëssenschaft, Geographie oder Immigratiounsfuerschung.

(Quell: Luxemburger Wort 12.10.1937, p. 4)

D’Microhistoire ass awer méi wéi en Azoomen op eng méi kleng Échelle, op dat Lokaalt, op kleng Communautéiten, oder op zwësche-
mënschlech Relatiounen. De Bob Moore, deen e Buch iwwert déi Flüchtlinge geschriwwen huet, déi am Krich iwwerlieft hunn, an doriwwer, wat d’Ursaachen dofir woren, datt hinne gehollef gouf, [2] huet a senge Remarken um Schluss vun der Konferenz en Appell un d’Zunft vun der Microhistoire gemaach, „the bigger picture“, also déi grouss Zesummenhäng net ze vergiessen. Micro- a Macrohistoire wieren net lassgeléist vunenaner ze gesinn.

An effektiv schéngt et mer ee wichtege Punkt ze sinn, deen de Sënn vun der Microhistoire ausmécht, datt se eis Informatioune gëtt, déi een um Macro-Niveau net fonnt hätt, mee déi eis awer nei Erkenntnisser iwwer dee „bigger picture“ ginn. E Beispill aus der Lëtzebuerger Geschicht soll deen Aspekt illustréieren.

Nationals only

A menge Recherchen iwwert den Ëmgang mat de jiddesche Flüchtlingen zu Lëtzebuerg an den 1930er-Jore sinn ech och op den däitschen Dokter Harry Goldberg gestouss. Hien hat sech 1922 mat enger Lëtzebuergerin bestuet, der Thérèse Herz vu Miedernach, an d’Koppel hat sech zu Osterath an Nordhein-Westfalen niddergelooss. Den Dokter schéngt do gutt integréiert gewiescht ze sinn, well bis 1935 wor hie Member vun der lokaler Männerchorale. Mee nach dat selwecht Joer gouf et de jiddeschen Dokteren zu Osterath verbueden ze praktizéieren. Schonn 1933 kruten an Nazi-Däitschland déi fonctionariséiert an déi konventionéiert Dokteren an Dokteschen duerch d’„Gesetz zur Wiederherstellung des Berufsbeamtentums“ e Berufsverbuet. De Spillraum vun onofhängegen Doktere wéi dem Harry Goldberg gouf duerch eng Serie vu Veruerdnungen ëmmer méi ageschränkt, bis et schliisslech 1938 zu engem generelle Beruffsverbuet koum.

Aus der Ordonnance vun 1841 iwwer d’Ausübung vum Doktesch-Beruff. (Quell: Mémorial, 1841, Nr. 16.)

Nodeems d’Koppel Goldberg-Herz schonn 1936 hire Jong bei Famill zu Lëtzebuerg ënnerbruecht hat, huet den Harry Goldberg op eng Annonce geäntwert, déi de Jonglënster Gemengerot fir eng Plaz ausgeschriwwen hat. An engem Bericht iwwert d’Gemengerotssitzung vun Oktober 1937 aus dem „Letzebuerger Wort“ gi mer gewuer: „Nur zwei deutsche Ärzte haben sich gemeldet. Angesichts des Fehlens einer luxemburgischen Kandidatur, ersucht der Rat die Regierung in einem Schreiben an den zuständigen Minister, dem Herrn Goldberg wenigstens provisorisch die Erlaubnis zur Ausübung der Praxis zu erteilen. Herr Bredimus verweigert seine Unterschrift zu diesem Gesuche mit dem Hinweis darauf, daß nur Luxemburgern ein solcher Posten zustehe.“ [3]

Dem Conseiller Bredimus seng oflehnend Haltung verweist op de Fong vum Problem: D’Lëtzebuerger Gesetzgebung huet schonn zënter 1841 den Exercice vun der Medezin op déi Leit beschränkt, déi d’Lëtzebuerger Nationalitéit haten an e Lëtzebuerger Diplom konnte virweisen. [4] Dat wor eng zimlech restriktiv Handhabung am Verglach mat Frankräich an der Belsch.

Mee an der Belsch koum et 1929 zu enger méi restriktiver Reglementatioun, a Frankräich huet an den 1930er-Jore seng liberal Approche opginn. 1933, wéi an Däitschland den Hitler-Regime sech duerchgesat hat an déi éischt jiddesch Flüchtlingen d’Land verlooss hunn, gouf a Frankräich no Interventioune vum Corps médical déi sougenannt „Loi Armbruster“ gestëmmt. Dëst Gesetz huet an engem Kontext vu staark antisemitesch gefierfter Xenophobie analog Critère wéi déi zu Lëtzebuerg agefouert, fir kënnen ze praktizéieren: dee vun der franséischer Nationalitéit an dee vun engem franséischen Doktorat. No engem Studente-Streik gouf 1935 esouguer d’Konditioun agefouert, datt naturaliséiert Leit fënnef Joer laang misste waarden, ier se dierfte praktizéieren.

Huet sech dann zu Lëtzebuerg opgrond vun deem ale Gesetz d’Fro vun esou enger géint jiddesch Flüchtlingen geriichtener Exklusiounspolitik guer net gestallt? An engem rezenten Artikel huet den Dokter Henri Kugener d’Geschicht vun de jiddeschen Dokteren zu Lëtzebuerg beschriwwen an och d’Fro vum Recht ze praktizéieren an der Virkrichszäit beschriwwen. Hien huet do op de Fall vum Erich Simons higewisen, deen aus Lëtzebuerg ausgewise gouf, well en illegal praktizéiert hat. An hie schreift: 
„Aucun diplôme étranger reconnu n’étant reconnu par nos autorités, impossible pour eux [les médecins étrangers] de pratiquer leur métier – une réglementation arrangeant bien les confrères luxembourgeois soucieux de leur pécule.“ [5]

Et sollt een och net vergiessen, datt an anere Beräicher, wéi am Commerce an am Handwierk, och zu Lëtzebuerg an den 1930er-Joren den Accès fir auslännesch Leit erschwéiert gouf. Méi frappant ass awer den Dossier vun den Demande vun auslänneschen Dokteren, fir kënnen zu Lëtzebuerg ze praktizéieren, deen ee kann am Nationalarchiv agesinn. [6]

Keng Empathie

D’Ordonnanz vun 1841 hat eng Exceptioun virgesi fir auslännesch Leit „qui, par leur mérite se seront acquis des droits particuliers à cette faveur“. Dës Faveur gouf am 19. Joerhonnert e puermol verginn, an et ass interessant, datt de Mérite vun dësen Dokteren dora bestanen huet, datt se an deene Momenter disponibel woren, wou Lëtzebuerger Dokteren gefeelt hunn. An enger Äntwert op eng Demande vun 1901 ass dat och explizit formuléiert: „Toutefois le souverain peut donner dans des cas spéciaux et principalement pour suppléer à l’insuffisance du personnel médical indigène, à des étrangers l’autorisation de pratiquer leur spécialité“.

Den Zensus vun 1940 weist, datt d’Famill Goldberg-Herz Enn der 1930er-Joren op New York ausgewandert ass. (Quell: Mémorial, 1841, Nr. 16)

Am Dossier gesäit een, wéi d’Zuel vun dësen Demanden vun 1933 un massiv zouhëlt. D’Nimm vun de Kandidatinnen a Kandidaten verweisen oft op jiddesch Originnen. Verschiddener hunn awer och offe formuléiert, datt si wéinst der antisemitescher Politik an Däitschland hir Existenzméiglechkeete verluer hätten. Den Harry Goldberg dogéint huet just drop higewisen, datt hien mat enger Lëtzebuergerin bestuet wier an datt d’Famill am Moment géif zu Miedernach liewen. De Gemengerot vu Jonglënster huet sech, sou wéi et am „Wort“ ze liese stoung, un de Minister vum Service sanitaire, de Liberale Braunshause geriicht a senger Iwwerzeegung Ausdrock ginn, dat hien souwuel der lokaler Bevëlkerung wéi och dem betraffenen Dokter géif „einen grossen Dienst erweisen“. Mee dem Goldberg ass et net besser gaang wéi deenen aneren. De Minister huet seng negativ Decisioun matgedeelt, ouni iwwerhaapt drop anzegoen, datt d’Gesetz eng Ausnameméiglechkeet virgesinn huet. D’Regierung huet dee Spillraum, dee se duerch d’Ausnameklausel gehat hätt, net zugonschte vun de Flüchtlingen ausgenotzt. Anescht wéi a Frankräich, wou déi Fro zu heftegen Debate gefouert huet, ass d’Exclusioun zu Lëtzebuerg guer net sichtbar ginn.

Déi individuell Geschicht vum Harry Goldberg weist, wéi d’Microhistoire de Bléck schäerft fir méi generell Exclusiounsmechanismen um politeschen Niveau. Si illustréiert, wéi d’Haltung vun de Regierungen zënter dem 19. Joerhonnert ëmmer méi restriktiv gouf. An si weist déi nationalistesch a korporatistesch Approche vun der Regierung an der Virkrichszäit, géint déi weder pragmatesch Iwwerleeungen zur Pénurie vun Dokteren an Dokteschen, déi zu Lëtzebuerg geherrscht huet, nach Empathie fir d’jiddesch Flüchtlingen eppes bewierkt hunn.

Dëse Beitrag gouf fir d’éischt den 
1. Februar 2018 an enger Audio-Versioun, 
an der Rubrik „ZäithistorikerIn“, 
um Radio 100,7 iwwerdroen.
Quellen:

[1] Mariot, Nicolas / Zalc, Claire: Face à la persécution : 991 juifs dans la guerre, 
Paris 2010.
[2] Moore, Bob: Survivors. Jewish 
self-help and rescue in Nazi-occupied Western Europe, Oxford 2010.
[3] Gemeinderatsverhandlungen, in: Luxemburger Wort, 12.10.1937, p. 4.
[4] Ordonnance royale grand-ducale du 12 octobre 1841, N° 16, portant organisation du service médical, in: Mémorial, 1841, 
n° 54, 477-514.
[5] Kugener, Henri: Médecins juifs au Luxembourg – cheminement d’une minorité incomprise, in: Bulletin de la Société des sciences médicales du Grand-Duché de Luxembourg, 2016, S. 39-59.
[6] ANLUX, SP-775.

Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.