Historiografie: „On a pris la parole comme on a pris la Bastille“


Op de Schoulen an op den Unien goung et lass: Mee 68 wor fir d’éischt eng Kontestatioun vum Léier- a Wëssenssystem. An duerfir hat déi gesellschaftlech Revolutioun och e groussen Impakt op d’Geschichtsschreiwung.

„Unter den Talaren: der Muff von Tausend Jahren“, huet et op däitschen Unië geheescht – ee vun de Sprëch, mat deenen den däitschen Unis-Betrieb vun deene Jonke kritiséiert gouf – an deem spezifesche Fall och d’Verstréckung vun den Universitéitsleedungen an d’Nazi-Diktatur. A Frankräich huet d’Mémoire vum Algerie-Krich Mee 68 beaflosst. (Quell: Uni Hamburg)

Gehéiert Der nach zu der Generatioun Arthur Herchen oder schonn zur Generatioun Trausch? Ech mengen domadder d’Geschichtsmanuellen, déi Der am Lycée um Programm hat. Vläicht zielt Der och essuguer zu deene richteg Jonken, déi nach ganz aner Geschichtsbicher, wéi „Forum Geschichte Luxemburg“, an der Schoul kennegeléiert hunn.

Déi Fro ass am Kontext vu 50 Joer Mee 68 net onschëlleg. D’Geschichtsbuch vum Arthur Herchen iwwer Lëtzebuerg wor mat Ënnerbriechungen bis 1972 am Enseignement Secondaire um Programm. Dora gouf d‘Lëtzebuerger Geschicht distanzlos, op eng pro-monarchistesch an nationalistesch Aart a Weis duergestallt. [1] Vun de Siwwenzegerjoren un gouf et awer e grousse Changement: Eng Equipe vun Historiker – Gérard Thill, Paul Margue a Gilbert Trausch – huet eng véierbänneg Geschicht fir de Secondaire ausgeschafft. [2] Wéi am Buch „Inventing Luxembourg“ duergestallt, wor den Discours doran en aneren: Hei goung, anescht wéi nach beim Herchen, zum Beispill net méi Riets vu Phase vu Fremdherrschaft iwwer Lëtzebuerg virun der Franséischer Revolutioun, eng Duerstellung, déi suggeréiert huet, datt et eng Lëtzebuerger Eegestännegkeet scho virum 19. Joerhonnert ginn hätt. Och d’Festmaache vun historeschen Epochen un dynasteschen Herrschaftsphasen gouf a Fro gestallt. Donieft gouf sozio-ökonomeschen a kulturellen Entwécklunge méi Opmierksamkeet geschenkt. [3] Bei kontroverse Personnage wéi dem apostolesche Vikar Théodore Laurent goufe kritesch zäitgenëssesch Stëmmen zougelooss. Während beim Arthur Herchen d’Groussherzogin Marie-Adelheid als onantastbar Liichtgestalt duergestallt gouf, gëtt hei déi sozial a politesch Kris vun 1918-1919 am Detail analyséiert. Déi europäesch Dimensioun gouf och thematiséiert.

Fundamentale Broch

Mee net nëmmen inhaltlech, och vun der formaler Opmaachung hier woren déi véier Bänn eng kleng Revolutioun, och wann eis dat deemols als Schülerinnen a Schüler, déi de Manuel Herchen net méi kannt hunn, vläicht net bewosst gouf: Den Haapttext ass ëmmer nees ënnerbrach gi vun Encarte mat Originalzitater. Fotoen a Reproduktioune vu Biller hunn net méi eng reng illustrativ Roll gespillt, mee goufen als Quellematerial opgewäert, dat sollt am Unterrecht studéiert ginn. Statistesch Tabellen a Graphike sollten en demografesche Bléck op historesch Entwécklungen, zum Beispill vun der Stolindustrie, erméiglechen.

Sécher: Alleng schonn d’Tatsaach, datt déi dräi Auteuren e kathoulesche Background haten, huet dëser Revolutioun Grenze gesat. Trotzdem ass de Broch an der Geschichtsduerstellung net ze iwwersinn. Déi Jonk sollten net méi auswenneg léieren, wat se virgeknat kruten, mee sech aktiv mat de Geschichtsquellen ausernaner-
setzen. An zugläich goufen hei och nei Erwaardungen un d’Léierpersonal gestallt, deem zougemutt gouf, an en Dialog mat de Schülerinnen a Schüler ze trieden, an deem Kontroverse sollten däitlech an Diskussioune méiglech ginn.

Op dat an der Praxis gelongen ass, ass eng aner Saach. D’Fro bleift awer: Wat huet zu dësem Broch bäigedroen? An do ass ee wichtegen Aspekt, datt déi dräi Auteuren, zu enger neier Generatioun gehéiert hunn. Allen dräi hu si eréischt nom Zweete Weltkrich studéiert a woren an hire Véierzeger, wéi se Uganks der 1970er dës Bänn ausgeschafft hunn. Dat heescht, si hunn, wann och net als Studente, mee als ausgewuessen Historiker, d’Verännerungen an der Geschichtswëssenschaft a Geschichtsvermëttlung materlieft a verënnerlécht.

Well Mee 68 ass och un der Wëssenschaft an un hirer pedagogescher Vermëttlung net spuerlos laanscht gaangen. Nieft politescher Kritik stoung fir d’Studenteschaft deen elitären an ondemokrateschen Unisbetrieb am Virdergrond, wou d’Proffen net fir näischt als „Mandarins“, also als allmächteg Bürokrate bezeechent goufen. D’Kritik huet sech och géint antikéiert Unterrechtsmethoden wéi de „cours magistral“ gedréit, Virliesungen nom Prinzip vum Frontalunterrecht, wou e Professer säi Wëssen ouni Dialog an Ausernanersetzung weiderginn huet, géint d’Muechtverhältnis tëscht Prof a Student, oder géint den Numerus Clausus, deen op villen Unie geherrscht huet.

Wéi op déi aner Disziplinnen hat Mee 68 och en Effekt op Geschichtswëssenschaft a Geschichtsvermëttlung. Stëchwierder sinn hei „Prise de Parole“ a Kontestatioun. Datt déi Jonk op eemol d’Wuert ergraff an eegen, dem dominanten Discours entgéintgesate Positioune vertrueden hunn, hat och an der Geschichtswëssenschaft Konsequenzen. D’Historikerin Emmanuelle Loyer schreift: „Le grand changement, dans la nouvelle génération d’historiens qui a pris à bras-le-corps ce moment, consiste justement à prendre en compte intellectuellement les bouleversements opérés par son propre objet.“ [4]

Alternativ Léiermethoden: Am Alain Tanner sengem Film «Jonas qui aura 25 ans en l’an 2000“ vun 1976 gëtt e Geschichtsprof duergestallt, dee fir d’Fro ze beäntwerten: „De quoi sont faits les plis du temps?“, virun der Schoulklass eng laang, schläimeg a verwurrelt Träip aus sengem Koffer peekt. (Quell: YouTube)

Geschicht vun ënnen

D’Kris vun der Autoritéit huet och iwwer d’Schoulen an d’Unien eraus an der Geschichtswëssenschaft fir e Paradigmewiessel gesuergt: Vun enger Geschicht, déi vun uewen erof erfuerscht an diktéiert ginn ass, gouf et e rasante Wiessel zu enger „Geschicht vun ënnen“. Et si Mouvementer entstanen, déi sech aus där gängeger, un de gesellschaftlechen Eliten orientéierter Geschichtsduerstellung ausgeschloss gefillt hunn. Fir d’éischt a Skandinavien an England, duerno an Däitschland si Geschichtswerkstätten entstan, an deene kollektiv déi „Blann Flecke“ vun der Geschicht sollte visibel gemaach ginn. Dozou huet och eng kritesch Afrostellung vun der Geschicht vum Zweete Weltkrich gehéiert. Zugläich goufen Tendenzen, déi scho virun 1968 opkomm woren, gestäerkt: den Intérêt vun der Geschichtswëssenschaft un de klenge Leit, vun der Bauerewelt, um Handwierk oder un der Industrieaarbecht. Och den anthropologeschen Intérêt fir fréier Bräich, oft an enger verkläerter Kontrastéierung mat der techniséierter Géigewaart, huet nei Bléie gedriwwen.

D’Aarbechterbeweegung, d‘Frae-
beweegung, awer och gesellschaftlech Minoritéiten hu sech op d’Sich no hirer eegener Geschicht gemaach. Dës Initiativen hunn däitlech gemaach, datt dat, wat een deemols an de Geschichtsbicher konnt liesen, eng unidimensional, onkomplett Duer-
stellung wor. Där grousser politescher an diplomatescher Geschicht goufen d’Alldagsgeschicht an d’Microhistoire entgéintgestallt, vis-à-vis vun der Dominanz vun de schrëftleche Quelle koum déi alternativ Method vun der „Oral History“ op. Ee wichtegen Aspekt doranner wor de Constat, datt den Historiker oder d’Historikerin à pied d’égalité mat der geinterviewter Persoun stoung an och seng oder hir eege Subjektivitéit mat an d’Spill koum. Spéitstens du wor et Schluss mat der Virstellung vun enger objektiver, wëssenschaftlech-distanzéierter Geschichtsschreiwung: Si huet missen enger neier Liesaart Plaz maachen, an där d’Geschicht, agebett an déi jeeweileg Géigewaart, en ëmmer nees neien Exercice vu subjektiven Interpretatioun vun de Source ginn ass.

Och kathoulesch Kontestatioun

Dem Historiker Jean Chesneaux no sollten an der Mouvance vu Mee 68 dräi Separatiounen opgehuewe ginn: déi tëscht Passé a Présent, déi tëscht Studium vun der Vergaangenheet an der sozialer Praxis an déi tëscht deenen, déi Geschichtsfuerschung bedreiwen an deenen, déi d’Sujetë si vun der Geschicht: „Notre ambition en était de finir avec la formule: ‘Je travaille sur’… On pensait qu’il fallait travailler avec…. “ [5]

Viru Mee 68 an duerno: Geschichtsbicher fir de Secondaires-Unterrecht.

Interessant ass, datt dës Afrostellung net nëmmen dee lénke Spektrum vun de Jonken a vun hire Proffen ergraff huet. D’Beispill vun de Lëtzebuerger Historiker weist, datt dës nei Iddien wéinstens deelweis och an déi traditionell, zu Lëtzebuerg staark kathoulesch dominéiert Geschichtswëssenschaft eriwwergeschwappt sinn. An anere Länner, wéi Frankräich, hu sech kathoulesch Historiker essuguer un der Kontestatioun bedeelegt. Hei ass virun allem de jesuitesche Pater Michel de Certeau ze nennen, dee spéiderhin notamment eng wichteg Roll fir d’Fuerschung iwwer d’Alldagsgeschicht an iwwer déi sozial Mémoire gespillt huet. Hien huet 1968 d’Studentebeweegung materlieft an ënnerstëtzt, a vun him staamt de Saz: „En mai dernier, on a pris la parole comme on a pris la Bastille en 1789.“ [6]

Schliesslech huet Mee 68 och fir en neie gesellschaftlechen Intérêt u Geschichtspublikatioune gesuergt – och hei awer an neien, oft vulgariséierte Formen, an deenen d’Bild eng wichteg Roll gespillt huet, a mat neien thematesche Schwéierpunkten, déi och d’Zäitgeschicht méi staark abezéien. De franséische Magazine „L’Histoire“, och wann e réischt zéng Joer méi spéit fir d’éischt erauskënnt, ass en Zeeche vun dëser Vulgariséierung an Demokratiséierung, awer och Kommerzialiséierung vun der Geschicht.

Natierlech muss ee soen, datt sech eng Rei vun dësen Ännerungen, déi sech am Kader oder als Nowéie vu Mee 68 duerchgesat hunn, scho méi fréi ugekënnegt oder entwéckelt hunn. Fir de franséische Bildungshistoriker Youenn Michel zum Beispill ass Mee 68 just de Moment vun enger Accélératioun vu gesellschaftleche Reformen: „Mai 68 n’est pas un commencement ou un aboutissant. Mai 68 est un révélateur.“ [7]

[1] Herchen, Arthur: Manuel d’histoire nationale : à l’usage de l’enseignement : orné de gravures et de cartes, Luxembourg 1918.
[2] Manuel d’histoire luxembourgeoise en quatre volumes, à l’usage des classes de l’enseignement secondaire au Grand-Duché de Luxembourg = Handbuch der Luxemburger Geschichte in vier Bänden, für die Klassen des Sekundarunterrichts im Grossherzogtum Luxemburg, Luxembourg 1973.
[3] Péporté, Pit u. a. (Hg.): Inventing Luxembourg. Representations of the Past, space and Language from the Nineteenth to the Twenty-First Century, (National Cultivation of Culture), Leiden 2010, S. 63-66, 110-115.
[4] Loyer, Emmanuelle: Mai 68 et l’histoire : 40 ans après, in: Cahiers d’histoire. Revue d’histoire critique, (2009) 107, S. 13-22.
[5] Zit. no: Dosse, François: Mai 68, les effets de l’histoire sur l’Histoire, in: Politix. Revue des sciences sociales du politique, 2, (1989) 6, S. 47-52.
[6] De Certeau, Michel: Pour une nouvelle culture : prendre la parole, Etudes, juin-juillet 1968, S. 29-42.
[7] Mai 68 et l‘évolution de l’enseignement, France Inter, o. J., <https://www.franceinter.fr/emissions/le-zoom-de-la-redaction/le-zoom-de-la-redaction-19-mars-2018>, 
Stand: 26.4.2018.

Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.