Homosexualitéit: Witz an Tabu


De Geck mat der Homosexualitéit maachen – en Zeechen, datt eis Gesellschaft méi e relaxen Ëmgang domat fonnt huet? Oder en Ausdrock dovun, datt een se ëmmer nach als Tabu versteet? En historesche Réckbléck proposéiert Äntwerten.

Déi béid Schrëftsteller a Compagnone Christopher Isherwood an W. H. Auden, 1938. (Quell: WikiCommons)

„Scherz, Satire, Ironie und tiefere Bedeutung“ huet en däitscht Theaterstéck geheescht, dat ech zwar nie gelies hunn, mee deem säin Titel mer zënter der Schoulzäit am Gediechtnes bliwwen ass. Den Titel passt gutt bei d’Ausso vum CSV-Parteipresident Marc Spautz iwwer rosa Uniformen vun der Police, ee „Witz“ a Richtung vum Policeminister Étienne Schneider, fir deen en sech duerno entschëllegt huet.

Wor dee „Witz“ just en „Ausrutscher“, oder wor e mat der prompter Ëntschëllegung zesumme kalküléiert Strategie? D’Absiicht, den CSV-Publikum ze erfreeën, schéngt op alle Fall deen Owend geklappt ze hunn. Witzer wéi dee vum Här Spautz, dee jo ëmmerhin hei an enger ëffentlecher Veranstaltung an als landbekannte Politiker agéiert huet, kënnen op alle Fall dozou bäidroen, anere Leit hiert homosexuelle-feindlecht Weltbild ze bestätegen. Mee de Witz vum Här Spautz verréit dach fir d’alleréischt emol, wéi verkorkst seng Haltung an déi vu senger Partei zur Homosexualitéit ass, déi viru véier Joer fir de Mariage homosexuel gestëmmt huet, an esou guer fir d’Recht vun Homo-Koppelen op Adoptioun. Dëse Vote markéiert e ganz kloeren Tournant an der Geschicht vun der Homosexualitéit zu Lëtzebuerg, net nëmmen, well en eng wesentlech Diskriminéierung opgehuewen huet, mee well domat rechtlech e Stréch hannert eng zwee Joerhonnerte laang bigott Politik gezu gouf.

Déi Geschicht huet, wéi souvill Emanzipatiouns-Geschichten, ugefaang mat der franséischer Revolutioun. Natierlech hat se et och eng Virgeschicht, nämlech déi vun der Verfollegung vun homosexuellen a queere Leit an Zäiten, wou d’Recht an Europa staark vun der Kierch beaflosst gouf. D’Scheiterhaufe vun der Geschicht hunn och gebrannt, fir sexuell Praktiken ausserhalb dem Bestiednes oder ausserhalb vun der Norm ze bestrofen. D’Franséisch Revolutioun huet déi Reegelen opgehuewen. An den Napoléon, dee soss net besonnesch fortschrëttlech wor, huet zwar a sengem Code civil d’Bestiednes tëscht Mann a Fra bäibehalen, awer am Code pénal keng Bestrofung vun net-heterosexuelle Praktike virgesinn. Domat huet hien all deene Länner, déi ënnert senger Herrschaft stoungen, an dat wor och Lëtzebuerg, eigentlech eng éischter gutt Ausgangsbasis verschaf. An Däitschland dogéint goufe vun 1872 un homosexuell Akter nees mat Prisong bestrooft, an de Paragraf 175 gouf réischt 1994 ofgeschaf! Am Vereenegte Kinnekräich gouf d’Doudesstrof réischt 1861 ofgeschaf, duerno huet ee Liewenslaang riskéiert, Prisongsstrofe blouwe bis 1967 bestoen. Interessant ass, datt et esou Gesetzgebungen a Länner vun anere Kulturen virun hirer Koloniséierung oft net gouf an Homosexualitéit do acceptéiert wor.

Strofdood oder Krankheet?

An de Länner, deenen hir Rechtssystemer vum Napoléon inspiréiert woren, wor et awer net esou, datt ee seng Sexualitéit fräi hätt kéinte liewen. Éischtens well de gesellschaftlechen Afloss vun der Kierch am 19. Joerhonnert nees zougeholl huet. An zweetens, well déi homophob Attitüden, déi et a Chrëschtentum, Judaismus an Islam gi sinn, a sekulariséierter Form och an deene méi fortschrëttlechen Deeler vun der Gesellschaft weidergelieft hunn.

Och wann et an der liberaler, an der sozialistescher an an der kommunistescher Beweegung Leit goufen, déi sech géint d’Diskriminéierungen agesat hunn, sou ass dach keng staark politesch Beweegung entstan. Zu Lëtzebuerg gesäit een an den zäitgenësseschen Zeitungen, datt Homosexualitéit bis zum Zweete Weltkrich kaum thematiséiert gouf. Eng Ausnahm wor den Dr. Théodor Witry, deen iwwert d’Krankheet vun der Homosexualitéit wëssenschaftlech Artikele publizéiert huet, sech awer géint eng Kriminaliséierung ausgeschwat huet. [1]

De Lëtzebuerger Dokter Théodore Witry huet verschidden 
Artikelen zur „Krankheet“ Homosexualitéit geschriwwen. (Quell: BNL)

Nieft Tabuiséierung gouf et och eng polizeilech Verfollegung. De schwammege Begrëff vum „ordre public“ huet oft dozou gedéngt, Polizei-Aktioune géint ustéissegt Verhalen anzesetzen. Dat wor besonnesch wouer fir auslännesch Leit: Zënter 1913 gouf et am Gesetz iwwer d’Auslännerpolice d’Bestëmmung, datt si och konnte festgehal oder ausgewise ginn, „si par sa conduite il compromet la tranquillité ou l‘ordre publics“. [2] Hei wor zwar besonnesch d’Prostitutioun viséiert, awer och d’Zesummeliewen ouni Trauschäin wor zum Beispill en Ausweisungsgrond.

Datt Homosexualitéit och konnt esou e Fehlverhale sinn, gouf sielen explizit thematiséiert. De Fall vum Christopher Isherwood zum Beispill weist awer drop hin, wéi d’Realitéiten zu Lëtzebuerg woren. Dee bekannten englesch-amerikanesche Schrëftsteller, deem seng „Berlin Stories“ d’Virlag fir de Musical „Cabaret“ geliwwert hunn, ass mat sengem Partner, dem Däitschen Heinz Neddermeyer, 1933 aus Däitschland geflücht, fir dësem Militärpflicht an homophob Verfolgung ze erspueren. Si hunn – ouni Succès – an enger ganzer Rei europäesch Länner versicht, sech néierzeloossen, och zu Lëtzebuerg. 1937 gouf den Heinz Neddermeyer aus Lëtzebuerg als „onerwënschten Auslänner“ ausgewisen, an zréck an Däitschland ofgeschoben. Do gouf hie wéinst Wehrdienst-Entzug a wéinst „géigesäitegem Onanismus“ zu Prisong verurteelt, duerno gouf en agezunn. [3] Hien huet sech finalement bestuet an de Krich iwwerlieft. Aneren ass et an Nazi-Däitschland schlecht ergaang. Vill koumen der a Konzentratiounslager, wou d’Droe vum „rosa Winkel“ si als Grupp markéiert huet. Deen Negativ-Label „Rosa“ huet d’Homosexuellebewegeegung spéider ëmgedréit a Rosa als hir Faarw iwwerholl.

Verféierung zur Homosexualitéit?

Och wann also Homosexualitéit u sech net verbuede wor, gouf si och nom Zweete Weltkrich net zu enger Normalitéit. Deen typesch Lëtzebuerger Wee, fir domat ëmzegoen, wor, datt Homosexualitéit soulaang toleréiert wor, wéi een net ëffentlech driwwer geschwat huet. 1971 huet Lëtzebuerg sech awer nach e Réckfall hannert déi napoleonesch Legislatioun geleescht. 1969 wor e Gesetzesprojet deponéiert ginn, deen d’Jugendschutz-Gesetzgebung sollt reforméieren. Den deemolege Staatsrot huet fonnt, et sollt een deem belge Beispill nogoen. Den Artikel 372 vum Code pénal zum „attentat à la pudeur” sollt an deem Sënn ergänzt ginn, dat nieft dem „attentat à la pudeur“ op Kanner och dee par rapport zu engem oder enger Mannerjähreger tëscht 14 an 18 Joer sollt bestrooft ginn, den heterosexuellen net: „Il ne s’agit pas d’ériger en infraction les pratiques homosexuelles comme telles, ce qui ne peut être l’objet du présent projet, mais de protéger les mineurs contre cette forme de la débauche. “ [4] De liberale Rapporteur Hellynckx an der Chamber huet just kuerz gemengt: „La commission s’est déclarée d’accord avec ce texte, mais certains de ses membres ont quand même manifesté des hésitations […]. ll s’agit donc en l’occurrence d’une discrimination vis-à-vis de ceux qui se livrent aux pratiques de l‘homosexualité. La Chambre appréciera.“ D’Regierung selwer wor net begeeschtert, an de Minister Schaus huet an der Chamberssitzung gemengt, zu engem Moment, wou an anere Länner den délit d’homosexualité géif ofgeschaaft ginn, kéim esou en Artikel am Lëtzebuerger Gesetz iwwerraschend. Finalement gouf d’Gesetz awer unanime ugeholl.

Ee Joerzéngt méi spéit huet den Deputéierte Robert Krieps d’Fuerderung vun der „Aarbechtsgrupp Homosexualitéit“ vum Kollektiv Spackelter opgegraff, fir dee betreffenden Artikel ofzeschafen. [5] 1984, kuerz virun de Wahlen, ass déi Propositioun an enger neier Reforum vum Jugendschutzgesetz opgegraff ginn. [6] De Staatsrot wor ëmmer nach net iwwerzeegt, mee déi Kéier krut en sech net méi duerchgesat, d’Zäiten hate sech geännert. Am Plenum huet zwar den CSV-Spriecher Marc Fischbach d’Thes vertrueden, Jugendlecher géife besonnesch an Homosexuelle-Kreesser zum Drogekonsum verfouert ginn. A säi Kolleeg Georges Margue, deen en Amendement agereecht hat, fir de betreffenden Artikel ze halen, huet betount: „wann et haut de bon ton as ze soën, d’Réprobatioun vun der Homosexualitéit, dat war esou eng kathoulesch Erfindung gewiescht, da sinn ech nach ëmmer frou, dass ech zu dene Leit gehéieren.“ Den Amendement Margue gouf mat de Stëmme vun der Oppositioun a vun der Regierungspartei DP verworf.

. Ausschnëtt aus dem Informatiounsblat vun der AG Homosexualitéit zum Artikel 372bis, 1979. (Quell: LSAP-Archiv)

An den Débatë vun 1971 a vun 1984 erkennt een, datt bei ville Leit, besonnesch op konservativer Säit, d’Virstellung vun enger Verféierung zur Homosexualitéit nach verbreet wor. Mee och e progressive Politiker wéi de Robert Krieps, deen e Plädoyer fir d’Entkriminaliséierung vun der Homosexualitéit gehalen huet, huet d’Homosexualitéit als „vice de construction“ bezeechent.

Vun den 1980er-Joren un hunn 
Homosexueller a queer Leit hir Rechter ëmmer méi offensiv agefuerdert. Mee an der Lëtzebuerger Gesellschaft wor d’Schwätzen iwwer Homosexualitéit oft nach mat staarken Tabue beluecht. Witzer um Niveau vum Film „La cage aux folles“ vun 1978, wou de Klischee vum effeminéierten Homo oder vum Travelo a Fraekleedung intensiv agesat gouf, woren dogéint verbreed an haten eng Ventilfunktioun. De Witz vun de rosa Police-Uniformen, an dat ass seng méi déif Bedeitung, passt an dës Kategorie, sou wéi wann d’Denke vun enger Rei Leit an där Attitüd stoe bliwwe wier.

Dëse Beitrag gouf fir d’éischt den 
1. Mäerz 2018 an enger Audio-Versioun, 
an der Rubrik „ZäithistorikerIn“, 
um Radio 100,7 iwwerdroen.
Quellen:

[1] Witry, Théodore: L’homosexualité de Philippe Ier, duc d’Orléans, d’après les lettres de sa femme, la « Princesse Palatine », in: Revue de psychothérapie, (1913), S. 119-123; Hommes politiques homosexuels, in: Revue de psychothérapie, (1913), S. 174-177; Witry, Théodore: Lettres de deux prêtres homosexuels. guérison après fièvre typhoïde, homosexualité et traumatisme, in: Annales médico-psychologiques, (1929), S. 398-419.
[2] Loi du 18 juillet 1913 sur la police des 
étrangers, art. 7, in: Mémorial n° 49, (23.7.1913).
[3] http://www.isherwoodfoundation.org/biography.html; David Garrett Izzo, Christopher Isherwood Encyclopedia (McFarland, 2010).
[4] Projet de loi relatif à la protection de la jeunesse. Doc. parl. 1396.
[5] Arbeitsgruppe Homosexualität Kollektiv Spackelter: Artikel 372bis. Informationsblatt zum ersten informellen Rundtischgespräch mit luxemburgischen Parteien über Homosexualität, Luxemburg, November 1979.
[6] Projet de loi relatif à la protection de la jeunesse – Projet de loi relatif à la délégation et à la déchéance de l‘autorité parentale et à la tutelle aux prestations sociales. Doc. parl. 2557.

Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !

Flattr this!

Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.