DOCUMENTAIRE: Iertsenzieler a Muertentrëppeler

Weis mer däi Gaart, an ech soen der wien’s de bass: No deem Prinzip huet de Yann Tonnar e rouegen, awer perspicassen Documentaire gedréit.

Am Schrebergaart relaxen, wéi de Russ an senger Datcha

Selwer hëlt de Yann Tonnar kee Spuet an d’Hand – keng Zäit a keng Gedold. Awer d’Iddi, e Film iwwer d’Gaardekolonien ze man, déi geeschtert scho méi laang a sengem Kapp. Zënter zéng Joer, f ir méi genee ze sinn, zënter datt hie fir RTL-Telé e Reportage zu deem Sujet gemaach hat: „Ier et lass goung, duecht ech: Wéi langweileg!“, zielt hie während dem Pressegespréich. „Mee wéi ech mer verschidde Siten ugekuckt hunn, sinn ech mer bewosst ginn, datt et e witzege Sujet mat soziologesch interessanten Aspekter wier. D’Leit passen zu hire Gäert.“

Dat gëllt och fir di passionéiert Gäertnerinnen a Gäertner, déi de Realisateur a „Schrebergaart“, virstellt, an déi all hire Gäertchen an enger Cité op Escher Territoire hunn. Kee vun deene Personnagen, déi hei portraitéiert ginn, ass wéi deen aneren. Virun allem ginn et kulturell Ënnerscheeder, déi een sech an hirer Vehemenz net erwaart hätt. Ouni mam décken Hummer ze kommen, mä just duerch eng sensibel Kameraféierung a gutt gewielte Sequenze weist de Realisateur, wéi eng Fräizäitbeschäftegung, déi eigentlech zu engem Austausch tëscht Leit vu verschiddene Sproochen an Nationalitéite kéint féieren, grad de Konträr däitlech ervirbréngt. Hei de lëtzebuerger Bop, fir deen d’Zaloten an d’Kabeskäpp schéin an enger Rei musse stoen an de Gaardeschapp e klenge Bijou muss sinn – an deen op de Versammlunge vum Gaart an Heem dat grousst Wuert féiert. Do di portugisesch Famill, an där hirem Gaart et méi relax zougeet, an déi mat de moyens du bord hir Heipchen zesummegezammert huet. A schliisslech di jonk montenegrinesch Koppel, déi sech an hire Kanner op deene puer Quadratmeter eng adrett kleng Idyll schaaft.

Datt jiddereen a sengem Eck bleift, duerfir suergen och de sozialen Image vun deene verschiddene Kolonien an di ënnerschiddlech Konditiounen, ënnert deenen een e Stéck Grond ka pachten. An den Immigrante-Gäert gesäit een, wéi ee mat wéineg Geld, mä mat Savoir-Faire an Imaginatioun zuwee kënnt: Aus ale Coffrage-Gittere fir ze betonéiere gëtt mat enger Lo Plastik driwwer eng Zär, de Som vun de gebeemten Zalote gëtt gesammelt a versuergt, fir en d’nächst Joer ze auszeséinen, di selwer gezillten Hénger ginn op der Plaz geschluecht a geplëmmt. A verschiddene Kolonien, sou weist de Film, ass de Gaart tatsächlech nach, wéi et fréier geduecht wor, en Aarbechtergaart, deen d’Famill erniert. Och wann een en haut net méi dierf sou nennen: „Haut heescht et jardin familial, net méi Schrebergaart oder jardin ouvrier,“ zielt de Realisateur. De Bezuch vum Gaart zur Aarbechter-, awer och zur Bauerewelt geet ëmmer méi verluer.

Di allermeeschte Lëtzebuerger Leit halen an hire Schrebergäert guer keng Déiere méi. Do ass et och kee Wonner, wann a verschiddene Citéen d’Déierenhaltung mëttlerweil verbueden ass. Di vill Déieren, di an Niewerollen am Film optrieden, weisen awer, datt Regelen do si fir se ze ignoréieren. De Yann Tonnar zu deem Konflikt: „Di Leit, di deen natierlechste Rapport zu der Natur hunn, ginn zoureglementéiert vun deene Leit, di dee Rapport verluer hunn.“

Dem Yann Tonnar säin neie Film weist also eng Miniatur-Versioun vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech multikulturell nennt, mä wou déi verschidde Communautéiten a getrennte Welte liewen. Zugläich ass et him awer gelongen, d’Atmosphär vum Schrebergaart anzefänken, d’Freed um einfache Liewen, d’Fester, d’Gemittlechkeet, awer och di sozial Kontroll oder d’Eintönegkeet. A seng Biller deiten och op drop hin, datt de Schrebergaart eng Nisch ass, net nëmmen an der Landschaft, mä och an der Zäit: Do wou haut, virun der Kuliss vum Stolwierk, nach ee Gaardeschapp um anere pecht, wäert muer schonn de Bagger rullen an d’Stad sech ausbreeden.

Am Ariston, CinéBelval, Starlight an Utopia,


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.