Interkulturalitéit: Historia cruzada?

An der Geschichtsfuerschung gëtt schonn zënter enger Zäit driwwer nogeduecht, ob a wéi een Immigratiounsgeschicht an de Kader vum Geschichtsdiscours vun engem Land ka setzen. Déi Fro stellt sech natierlech och fir Lëtzebuerg – zum Beispill, wann et ëm seng portugisesch Minoritéit geet.

Portugal, e Kolonialräich vu 1415 bis 2002. (Quell: uni.lu)

Virun enger Zäitchen huet d’Regierung en neie Logo agefouert. D’Grafik dovunner spillt mat der Iddi, datt den „x“ am Wuert „Luxembourg“ als Kräizung ze deiten ass, eng Plaz also, wou sech zwee Weeër begéinen. Wou sech Weeër begéinen, begéinen sech och Leit – eigentlech eng schéi Virstellung, déi op interkulturellen Austausch verweist. An der alldeeglecher Praxis sinn déi Kräizunge vun de Kulturen oft méi schwéier ze fannen.

Ofkapselung?

Wann et keng Plaze gëtt, wou een sech begéint, da léiert een sech och net kennen. Déi sougenannte stacklëtzebuergesch Leit fannen oft, datt déi, déi nei zu Lëtzebuerg sinn, sech géifen ofkapselen. Besonnesch gëtt dat vis-à-vis vun der portugisescher Minoritéit behaapt. Heibäi gëtt engersäits vergiess, datt et och während der Zäit vun enger staarker italienescher Awanderung fir déi Famillen, déi sech zu Lëtzebuerg etabléiert hunn, net ëmmer einfach war, akzeptéiert ze ginn. Anerersäits huet d’portugisesch Immigratioun zu engem Moment ugefaangen, wou schonn net méi vill lëtzebuergesch Leit a Secteure wéi dem Bau oder am Nettoyage geschafft hunn, do, wou se dem Gros vun deene portugiseschen Zougewanderten hätte kéinte begéinen.

Oft huet sech dës Trennung och geografesch niddergeschloen. Am Stadgronn zum Beispill konnt ee schonn an den Achtzegerjore vum leschte Joerhonnert d’Lëtzebuerger Famillen un de Fanger vun enger Hand ofzielen, an et gouf bal just nach portugisesch an italienesch Famillen – wie sech et konnt leeschten, wollt net méi an deenen ale Brake liewen, déi deemools an dësem Stater Quartier verbreet woren -, ier datt hei d’Well vun den Nobelrenovatioune 
lassgoung. Esou Phenomener vu Segregatioun kennt een och scho vu fréier – den Numm vum Quartier Italien zu Diddeleng weist dorop hin.

Nieft dem Phenomen vun der Globaliséierung vun de Medien, deen et op der ganzer Welt méiglech mécht, déi Tëleesprogrammer ze kucken, déi ee scho kennt, dréit och de Lëtzebuerger Medie-Modell – all Radio huet seng spezifesch Sprooch – zu esou Tendenze bäi. Et ass och eréischt relativ rezent, datt grouss Supermarchéë mat hire Wuere méi geziilt och Immigratiounsgruppe cibléieren oder datt een op engem Bankomat vun enger Lëtzebuerger Bank kann als Sprooch Portugisesch auswielen.

Wann et keng Plaze gëtt, wou ee sech begéint, da léiert een sech och net kennen. Jidderee wou schonn eng Kéier d’Koffere mat de Kopfhörer fir d’Traductioun vu Konferenzen oder Manifestatioune bei der Asti oder soss enger Organisatioun geléint huet, weess, datt et mat der ëffentlecher Fërderung vum Multilinguismus zu Lëtzebuerg net sou déck ass. Zu Lëtzebuerg gëtt siele genuch dru geduecht, scho bei der Planung vu Kulturzentren Iwwersetzungskabinne mat anzeplangen, geschweige denn, datt d’Direkt-Iwwersetzung als Beruff besonnesch géif gefërdert ginn. Déi, déi riskéieren, d’Sprooch vun der Veranstaltung net ze verstoen, fillen sech oft schonn aus deem Grond net ugeschwat.

Ëffentlech Fërderung vum Multilinguismus?

Och um Niveau vum Schoulunterrecht gouf bis elo wéineg gemaach, fir d’Kommunikatioun tëscht de verschiddene Kulturen ze vereinfachen. Et ass schonn ëfters drop higewise ginn, datt et an eise Lycéeën op der Sproochesektioun nieft Italienesch a Spuenesch keng Optioun Portugisesch gëtt. Eréischt rezent an och just am Kader vun enger internationaler Schoul gëtt et do en neien Usaz. Esou eng Optioun am normale Lycée géif awer net nëmme ville Jonke mat portugiseschem Background d’Dieren am Lycée classique opmaachen, et géif och Schülerinnen a Schüler, fir déi Portugisesch eng Friemsprooch ass, eng Sproochkompetenz ginn, déi zu Lëtzebuerg oft gebraucht gëtt, zum Beispill am sozio-edukativen oder am Gesondheetsberäich.

Flüchtlingskand mat portugieseschem Background: D’Maria Ana vu Portugal, Duechter vum ofgesate Kinnek Miguel I, deen sech an Däitschland niddergelooss hat, wor d’Mamm vun de Groussherzoginne Marie-Adelheid a Charlotte. (Quell: Internet)

Och am Beräich vum Geschichtsunterrecht fënnt een déi Plaze sielen, wou ee sech ka begéinen. D’accord, zu Lëtzebuerg kënnt och d’Lëtzebuerger Geschicht meeschtens ze kuerz, well déi däitsch Keeseren an déi franséisch Kinneke Virrang hunn. Definitiv hanne vum Dësch erof rëtschen awer d’geschichtlech Entwécklungen an deene Länner, aus deenen eis Immigratiouns-Communautéiten hierkommen. Sinn dat net och an enger gewësser Hisiicht eis Nopeschlänner? Wat léiert een am Lycée awer iwwert de Garibaldi oder den italienesche Faschismus? Wat iwwert den 3. sozialistesche Wee an Ex-Jugoslawien? A wat léiert een iwwer Portugal, deem Land, aus deem eis gréissten Awanderungs-Grupp hierkënnt?

Dobäi verbënnt Lëtzebuerg a Portugal sou Muenches. Do ass zum Beispill d’Dynastie: Iwwert d’Famill vun der Maria-Anna vu Portugal aus dem Haus Braganza, Mamm vun der Maria-Adelheid an der Charlotte, kéint ee scho wichteg Aspekter vun der portugisescher Geschicht am 19. Joerhonnert gewuer ginn: Dës Prinzessin koum zwar an Däitschland op d’Welt an huet vu Portugal net vill matkritt, hir Mamm war awer d’Fra vum ofgesatene Kinnek vu Portugal Miguel I. Un dëser Famill gëtt däitlech, datt de Kampf tëscht den Adepte vun enger absolutistescher Monarchie an de konstitutionelle Liberalen a Portugal schonn an engem fréie Stadium gefouert gouf, an datt sech a Portugal déi selwecht ideologesch Aflëss vun der franséischer Revolutioun gewisen hu wéi an aneren europäesche Länner.

Lëtzebuerg a Portugal sinn och duerch den Zweete Weltkrich matenaner verbonnen. Portugal war eng wichteg Tëschenetapp um Wee no Amerika, net nëmme fir d’groussherzoglech Famill an d’Regierungsmemberen, mee och fir vill aner Flüchtlingen. Sou sinn zum Beispill de Gros vun de kollektiven Transporter vu jiddesche Flüchtlingen aus Lëtzebuerg no Westen, déi 1940 an 1941 nach ënnert der Kontroll vun der Gestapo geschitt sinn, iwwer Frankräich a Spuenien no Portugal gaangen, woubäi de Grenz-
uert Vilar Formoso eng zentral Roll gespillt huet. Dëse Summer gëtt zu Vilar Formoso och e Musée iwwert d’Roll vum Grenzuert am Krich opgemaach. Viru kuerzem koum och e Buch vun den Historikerinnen Irene Flunser-Pimentel a Margarida de Magalhães Ramalho zum Lëtzebuerger Convoi vum 7. November 1940 eraus, dee mat bal 300 jiddesche Flüchtlingen op dëser Grenzstatioun stiecheblouw an ënner dramatesche Konditiounen nees no Frankräich zréckgeschobe gouf.[1] D’Buch ass op Portugisesch, de Centre des Migrations vun Diddeléng, deen eng wichteg Roll als Kräizung fir d’Kulturen zu Lëtzebuerg spillt, setzt sech zurzäit dofir an, datt et kann op Franséisch iwwersat ginn.

Geschichtlech Brécken

Een anert Beispill ass aus de Siechzeger- a Siwwenzegerjore vum viirechte Joerhonnert. Do woren et ëmgedréit Leit aus Portugal, déi no Westeuropa geflücht sinn. Ënnert dem autoritäre Régime vum Salazar hu vill portugiesesch Männer aus dem Militärdéngscht oder aus dem Militär desertéiert, well se net wollten an der portugisescher Kolonialarméi déngen oder um Krich an Angola deelhuelen. Vill vun hinnen hunn dowéinst missten ënnerdauchen oder souguer Portugal verloossen. Verschiddener vun deene Männer koumen iwwer Frankräich no Lëtzebuerg. Virun e puer Wochen huet de Centre des Migrations eng interessant Konferenz zu dësem Sujet organiséiert, bei där och Zäitzeie geschwat hunn, notamment ee vu Lëtzebuerg. Och doriwwer ass e Buch erauskomm.[2]

All dës Beispiller weisen, datt et duerchaus Brécken tëscht der Lëtzebuerger an der portugisescher Geschicht gëtt. An der Fachsprooch schwätzt een hei vun histoire croisée oder och nach entangled history: Dobäi geet et ëm méi wéi d’Tatsaach, datt vill historesch Faite sech, wéi zum Beispill an der Migratiounsgeschicht, op méi wéi ee Land bezéien. Et geet och drëm, datt d’Fuerschungsperspektiven, déi oft nach un nationale Grenzen Halt maachen, beienaner kommen a sech sollen openaner bezéien.

Flucht an zwou Richtungen: Zwee rezent Bicher, déi Lëtzebuerg a Portugal matenaner verbannen.

Neierdéngs ass am Beräich vun der portugisescher Geschicht zu Lëtzebuerg nach en anert Element dobäi komm. Op der Uni Lëtzebuerg sinn net nëmmen eng Rei Doktorater am gaangen, déi sech mat der portugisescher Immigratioun zu Lëtzebuerg befaassen, mee portugisesch Geschicht u sech gëtt och méi allgemeng thematiséiert. D’nächst Woch zum Beispill gëtt et op der Uni, am Kader vum Manifestatiouns-
zyklus „Let’s talk about History!“, en Owend iwwer dat portugisescht Kolonialräich, dat vun 1415 bis 2002 existéiert huet, an iwwert d’Plaz, déi him an der kollektiver portugisescher 
Memoire zoukënnt.[3]

Vläicht sinn dës Beispiller Indicen dofir, datt et lues a lues zu enger méi oppener Geschichtsduerstellung kënnt, an där d’Selbstverständnes vun der Geschichtsschreiwung net méi strikt national ass, mee an där en Interêt besteet souwuel fir d’Geschicht vun der Immigratioun wéi och fir all d’Cheminementer, déi déi verschidde Migratiounsgruppen no Lëtzebuerg gefouert hunn, a souguer fir d’Geschicht vun hiren Ursprongslänner. Och d’Geschichtsschreiwung géif dann dozou bäidroen, datt et ëmmer méi Plaze gëtt, wou ee sech begéinen a besser kenneléiere kann.

Dëse Bäitrag gouf den Donneschdeg, 23. Februar an der Rubrik „D’Zäithistorikerin“ vum Radio „100komma7“ iwwerdroen.
[1] Flunser Pimentel, Irene / de Magalhães Ramalho, Margarida: O comboio do Luxemburgo. Os refugiados judeus que Portugal naõ salvou em 1940, Lisboa 2016.
[2] Associação de Exilados Políticos Portugueses (Hg.): Exílios – Témoignages d’exilés et de déserteurs portugais en Europe (1961-1974), Paris 2016.
[3] Remembering Portuguese Empire Today: From Public Memory to Personal Testimony. Mëttwoch, 1.3.2017, 18:30-21:00, Maison du savoir, auditoire 3.520 (3. Stack), 
avenue de l’Université, Belval.

Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.