Jean Schoos: Schaarf Munitioun

Am zweete Band vum Jean Schoos senger Saga, déi d’läscht Joer ënnert dem Titel „Den drëtte Schlëssel” ugefaangen huet, gëtt  schaarf geschoss.

Bei engem Nato-Manöver am Oste vum Land gëtt e lëtzebuergeschen Zaldot schwéier blesséiert – an dat obwuel bei sou Exercice just mat blanne Patroune geschoss soll ginn. Wéi duerno de Chalet an deem Zaldote souzen och nach an d’Luucht flitt, huet den Oberleutnant Fischbach vun der Sûreté (dee mer schonn aus dem éischte Band kennen) alt nees e knëfflege Fall op der Box. Intrigen tëscht der Arméi, dem Srel, der Gendarmerie an der Police maachen him d’Liewen net onbedéngt méi einfach. Ganz am Géigendeel: Fir iwwerhaapt mat senger Enquête virun ze kommen, muss de Fischbach ëfters vum legale Wee ofwäichen an mat allerlee Trickserei probéieren d’Wourecht un d’Luucht ze brengen. Stungen an „Den drëtte Schlëssel“ d’Nowéie vum Krich nach am Virdergrond,  si mer bei „Schaarf Munitioun“ matzen am Kale Krich gelant. Antikommunistesch Milize vun Duerfnotable maachen d’Bëscher onsécher an am lëtzebuergesche Sécherheetsapparat herrscht Krich tëscht de Servicer – währenddeems sech déi lëtzebuergesch Ëffentlechkeet hannert enger artificieller Spiessegkeet a Pafegkeet verstoppt. Dem Jean Schoos geléngt et op en Neits eng Epoch déi e sëlwer materlieft huet spannend, duerch d’Mëttel vum Kriminalroman frësch z’erzielen an e léisst och näischt aus, just well et kéint wéi doen. Et kann ee gespaant sinn op den nächste Band. Well spéitstens da kann een de Bommeleeër scho vu Wäitem komme gesinn. An hoffentlech gewënnt den Haaptprotagonist Fischbach dann och e bëssen u Faarf: Hien ass effektiv deen eenzege Personnage deen net vun deem Ligegebai, an deem hien och lieft, schéngt affektéiert ze sinn.

 


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , , , , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.