Kommunismus: Wien huet Angscht virum Leo Bronstein?


An den 1930er-Joren huet d’Ofwier virun de Flüchtligen aus Däitschland d’Lëtzebuerger Regierung beschäftegt. Mee et wor en Exilant aus der Sowjetunioun, deem seng Arees se ganz besonnesch wollt verhënneren.

Den Trotzki a Lëtzebuerg: eng Geschicht, déi ze schreiwe bleift. (Foto: Wikicommons)

Virun enger Zäit hunn ech mer am Kader vun menge Recherchen am Nationalarchiv Fonge vun der Friemepolice aus den 1930er-Joren ugekuckt. Beim Buchstaw B sinn ech op eemol op den Numm Bronstein gestouss. De Mann, ëm deen et goung, wor zwar apparemment guer net am Land, mee hat awer trotzdem d’Éier vun engem Dossier krut: De Léon Bronstein, alias Trotzki. Den Trotzki zu Lëtzebuerg?

D’Gerücht, datt den Trotzki op mannst eng Kéier zu Lëtzebuerg gewiescht wier, geeschtert bis haut an der Lëtzebuerger Gauche. Hien hätt de Kommunist Reiland a säi Komerod Lippert getraff. Dobäi hätt en engem vum Lippert senge Kanner e russescht Kannerbuch geschenkt. Recherchen an den 1970er-Jore vum trotzkistesche Philosoph a Sekondärsprof Ronald Pierre hunn awer erginn, datt un där Geschicht anscheinend näischt dru wor an datt se vläicht op enger Verwiesslung berout huet. Net den Trotzki, mee en anere Revolutionär wor wuel op Lëtzebuerg komm. [1]

„Généralissime Trotsky“

Awer d’Angscht schéngt bei der Lëtzebuerger Regierung ënnert dem konservative Premier Joseph Bech grouss gewiescht ze sinn, datt dee grousse Revolutionär, deen ënnert dem Stalin an Ongnod gefall wor an 1929 Sowjetrussland huet misse verloossen, säi Gléck kéint zu Lëtzebuerg probéieren. Sou grouss, datt den 2. Mee 1934 en arrêté ministériel geholl gouf, an deem et housch: „L’entrée et l’établissement dans le pays sont interdits au ressortissant Léon Bronstein alias Trotsky, ancien commissaire du peuple et généralissime de l’armée soviétique, résidant actuellement en France, sinon de résidence et domicile inconnu. Si, malgré l’interdiction […], le dit Bronstein, alias Trotsky était rencontré dans le pays, cette interdiction est, par la présente, convertie en arrêté d’expulsion à exécuter immédiatement sans autre délai ni procédure.“ [2]

Effektiv wor de geschasstene Revolutionär op der Sich no Asyl an Europa. No engem Openthalt an der Tierkei ass hien am Juli 1933 a Frankräich komm, fir nees méi Poids bei senge Supporter ze kréien a fir eng 4. Internationale ze grënnen, also en neie Zesummeschloss vun deene kommunistesche Parteien, déi net ënnert dem Stalin senger Fuchtel stoungen. [3] An hien huet bei enger Rei vu Länner ugeklappt, fir sech dierfen do nidderzeloossen: Frankräich, Däitschland, Tschechoslovakei, 
Éisträich an Norwegen – an och Lëtzebuerg. [4] Frankräich huet hien eng Zäit opgeholl, an do ass hie bis Juni 1935 bliwwen.

Datt och Lëtzebuerg op der Lëscht vun de méigleche Länner fir dem Trotzki säin Exil genannt gëtt, ass wuel keen Zoufall. Den Historiker Henri Wehenkel schreift, datt den Edy Reiland sech schon 1929 fir den Asyl vum Trotzki zu Lëtzebuerg agesat hätt. [5] An enger zäitgenëssescher Korrespondenz huet den Trotzkist Alfred Rosmer tatsächlech dem Reiland seng Démarchen erwähnt: „Étant resté en rapport avec lui, nous lui avons demandé de sonder les personnages influents de son petit pays, ce qu‘il a fait aussitôt avec le plus grand empressement. Je viens de recevoir une lettre de lui racontant ses démarches. Il est très optimiste. Mais il craint, à juste titre, que son petit pays ne pourra prendre de décision définitive sans consulter ses grands voisins, et alors tout pourrait être remis en question.“ [6]

De Reiland wor keen onbeschriwwend Blad. Dee klenge Steierbeamten gëlt als de Begrënner vu der Kommunistescher Partei zu Lëtzebuerg, déi jo Ufank 1921 duerch d’Ofspaltung vun der Sozialistescher Partei entstanen ass. De Reiland wor en äerdege Parteimilitant: Hien ass zweemol op Moskau gefuer. 1920 huet hien d’Fuerderung vun der Kommunistescher Internationaler missten iwwerbréngen, datt véier Reformisten aus der Lëtzebuerger Sozialistescher Partei auszeschléisse wieren. De Sträit, deen doropshin an der Partei ausgebrach ass, stoung um Ufank vun der Spaltung tëscht Sozialismus a Kommunismus. Kuerz nom Mäerz-Streik vun 1921 am Süde vum Land, dee kläglech gescheitert ass an deen d’Aarbechterbewegung op Joren hi geschwächt huet, gouf hie wéinst schlechter Gestioun vu sengem Amt als Generalsekretär enthuewen an ass aus der Partei augeschloss ginn.

Net nëmmen Triviales: Den Edy Reiland wor nieft sengem Beruff als Libraire weider um Trotzkismus interesséiert. (Quell: E-Luxemburgensia)

Een enttäuschte fréiere kommunistesche Compagnon vun him, de Jean-Pierre Lippert, huet herno an enger Broschür mat him ofgerechent: „Über 60.000 Franken die Reiland in 6 Monaten durchgebracht hat, konnte er keine Rechenschaft ablegen. Mit einigen Freunden und Studenten hatte er Unsummen verplempert. […] Und fragen wir einmal die Genossinnen der Partei, wie splendid Reiland ihnen gegenüber war. Die Korruption stank in Luxemburg aus allen Ecken.“ [7]

Trotzkismus zu Lëtzebuerg

Et wäert wuel bei senge Séjouren zu Moskau gewiescht sinn, datt den Edy Reiland fir d’éischt a Kontakt mam Trotzki koum. De Reiland huet beim 3. Kongress vun der Kommunistescher Internationale 1921 zu Moskau gefuerdert, datt och an der franséischer Sozialistescher Partei reformistesch Exponente sollten ausgeschloss ginn, eppes, wat dem Trotzki net gefall hat. Vläicht huet säin Ausschloss hien zu enger Solidariséierung mam Trotzki bruecht, vläicht wor ëm seng Iddi vun enger Weltrevolutioun méi sympathesch wéi dem Stalin seng Doktrin vum „Sozialismus an engem Land“, déi d’Predominanz vun der Sowjetunioun an der kommunistescher Welt gestäerkt huet.

No sengem Ausschloss huet et awer esou augesinn, wéi wann de Reiland sech just nach ëm seng Librairie gekëmmert hätt, déi en zu Esch opgemaach hat. Mee och wann hien an den Annonce fir seng Librairie manner op politesch Literatur wéi op Patronën fir d’Bitze vun Dammekleeder, Papeterie oder Schoulbicher opmierksam gemaach hunn, sou schéngt hien dach awer säi politeschen Interessi a seng Iwwerzeegungen net verluer gehat ze hunn.

Fir den Trotzki wor de Kontakt mam Reiland net nëmmen interessant wéinst der illusorescher Hoffnung op en Asyl zu Lëtzebuerg. Och de Fait, datt de Reiland Libraire wor, huet hien zu enger wichteger Kontaktpersoun gemaach. Am Mee 1933, also nach aus der Tierkei, huet hien de Reiland a senger Korrespondenz an d’Spill bruecht, well en ëm sollt hëllefen, seng Problemer mat sengem däitsche Verleeger Samuel Fischer ze léisen a seng Bicher aus Däitschland erauszeschmuggelen, fir se kënne weiderhin ze verkafen. [8]

Iwwer dës méi technesch Déngschter ewech huet sech de Reiland awer och, dat weist dem Trotzki seng Korrespondenz, aktiv an d’Diskussiounen agemëscht, déi Ufank der 1930er-Joren a Frankräich ronderëm d’Entsteeung vun enger trotzkistescher Bewegung opkoumen. [9] Hien huet och an de Joren 1932 an 1933 direkt un den Trotzki an un aner Revolutionären geschriwwen. [10] Den Historiker Denis Scuto mengt, de Reiland hätt an den 1930er-Jore probéiert, en trotzkistesche Courant zu Lëtzebuerg an d’Liewen ze ruffen. [11] Ze notéieren ass soss just nach, datt hien am Zweete Weltkrich op Hinzert koum, an och, datt en 1945 an d’Assemblée consultative genannt gouf.

„Aventuriers de gauche“

Mee datt dem Reiland seng Aktivitéit a verschiddene Kreesser derangéiert huet, doru besteet keen Zweifel. De Begrënner vun der Kommunistescher Partei koum an den Haus-Historiografien vun der Kommunistescher Partei éischter schlecht ewech. Amplaz vum Reiland huet een zum Beispill an engem historesche Réckbléck vun 1960 léiwer den dapere Parteizaldot Zénon Bernard an de Mëttelpunkt gesat. Just undeitungsweis, an e bëssen anachronistesch, huet et geheescht, an der Leedung vun där jonker KPL vun 1921 wier et eng Tendenz zum „trotzkistesche Radikalismus“ ginn. [12] 1922 wier et zur „Ausschaltung des trotzkistischen Flügels in der Parteileitung“ komm: „Geführt wurde diese notwendige Kampagne gegen den trotzkistischen Unsinn durch den Genossen Zénon.“ [13] Dem Reiland säin Numm gouf mol net genannt.

An den 1970er-Joren, am Zesummenhang mat der Studenterevolutioun, huet déi trotzkistesch Bewegung tatsächlech zu Lëtzebuerg Fouss gefaasst. De Kommunist Dominique Urbany huet dat esou charakteriséiert: „Depuis quelque temps déjà, les aventuriers de ‘gauche’ pratiquent une politique systématique de sape dans notre pays. Un petit groupe de trotskystes et de maoïstes a réusssi à acquérir une certaine influence dans les milieux étudiants et à porter un coup au mouvement étudiant progressiste de gauche.“ [14]

Wann de Reiland zënter enger Rei Joren nees an de kommunistesche Geschichtsduerstellungen erwähnt gëtt, dann ass dat sécher en Zeeche vun engem Tauwetter, dat sech jo och am Zesummegoen vun alle méiglechen Tendenzen, notamment dem Trotzkismus, an der Lëtzebuerger Gauche manifestéiert. Trotzdem stellt ee fest, datt am Ënnerscheed zum klassesche Kommunismus d’Geschicht vum Trotzkismus zu Lëtzebuerg kaum opgeschafft ass. Dobäi kann ee sécher de Kritiken zoustëmmen, datt déi Beweegung international net nëmme wäit méi kleng wor wéi de Moskau-treie Kommunismus a sech duerch fortwährend Spaltungen a minoritär Tendenzen ausgezeechent huet. An awer spillt dee Mouvement eng Roll, sief et nëmme fir ze weisen, datt et an der Gauche duerchaus Alternativen zur Linn vun der KPL gouf. Ouni den Trotzki ze verherrlechen – och bei dësem Personnage drängt sech eng kritesch Approche zu sengem brutale Virgoen a senger Zäit als Vollekskommissär op, net fir näischt gouf hien als Robespierre vun der Russescher Revolutioun bezeechent –, steet hie fir d’Weiderdenke vum revolutionäre Gedanken a géint d’Erstarrung vum Kommunismus, wéi se sech am Moskau-treie Kommunismus gewisen huet. A fir eng Kritik um Stalinismus, mat där sech déi Lëtzebuerger Gauche weiderhi schwéier deet.

Dëse Beitrag gouf fir d’éischt de 
4. Januar 2018 an enger Audio-Versioun, 
an der Rubrik „ZäithistorikerIn“, 
um Radio 100,7 iwwerdroen.
Quellen:
[1] Ech soen dem Frank Jost Merci fir dës Informatioun am Mail vum 27.12.2017. 
E Merci geet och un de Fred Braun fir wichteg Hiweiser op historesch Quellen.
[2] J-071-42, Dossier Bronstein; J-071-58, Dossier Trotsky.
[3] Volkogonov, Dmitri: Trotsky, Eternal Revolutionary, o. O. 1998, S. 1919.
[4] Vgl. Broué, Pierre: Léon Trotsky, 
Alfred et Marguerite Rosmer, Correspondance, 1929-1939, Paris 1982, S. 18.
[5] Wehenkel, Henri: Reiland Édouard, 
<http://maitron-en-ligne.univ-paris1.fr/spip.php?article76005>, Stand: 25.12.2017.
[6] Vgl. Broué, Pierre: Léon Trotsky, 
Alfred et Marguerite Rosmer, Correspondance, 1929-1939, Paris 1982, 18, 20, Fn. 9.
[7] Anlux, J-076-027, Lippert, Jean-Pierre: Drei Jahre Bolchewist.
[8] Trotsky, Léon: Leon Trotsky – Collected Writings (1929-1940) 14 volumes, Supplement (1929-33), New York 1979, S. 246.
[9] Ebd., S. 372, Fn. 88.
[10] http://oasis.lib.harvard.edu/oasis/deliver/~hou00301.
[11] Scuto, Denis: Sous le signe de la grande grève de mars 1921: les années sans pareilles du mouvement ouvrier luxembourgeois : 1918-1923, Esch-sur-Alzette 1990, S. 400.
[12] 40 Jahre KPL, Luxemburg 1960, S. 7.
[13] Ebda, S. 13.
[14] Urbany, Dominique: La classe ouvrière du Luxembourg et Lénine, in: La nouvelle revue internationale. Paris, (1970) H. 140/141, S. 232-238, hei S. 235.

Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.