Kriminalroman: Opraumen duerch Fiktioun


De Jean Schoos: En „Al-68er“ mat Punch. (Foto:woxx)

Dem Jean Schoos säi Kriminalroman: „Den drëtte Schlëssel“ gëtt um Lëtzebuerger Bichermaart chronesch ënnerbewäert – e politeschen Thriller deen net zéckt och onbequem Wourechten unzepaken. D’woxx huet den Auteur begéint.

De Jean Schoos schwätzt … vill. Ma hien ass awer kee vun deenen, déi probéieren hire Géigeniwwer a Gebraddels z’ersaufen, et lauschtert een him éischter gär no. Och wann e mol vum Thema ofkënnt. Dofir fänkt eist Gespréich och net mam Buch un, mee mat sengem Numm. Säi Problem ass nämlech, datt en Homonym ass mam Generalsekretär vun der ADR. A mat där Partei huet „eise“ Jean Schoos nu wierklech näischt um Hutt: „Et ginn zwou Branchen vun Schoosen zu Lëtzebuerg, déi vu Bäerdref an déi aus dem Pafendall. Déi eng waren a sinn ëmmer nach konservativ, während déi Pafendaller ëmmer revolutionär waren an nach sinn“, erkläert hien.

Well de Jean Schoos ass dat wat ee communément en „Al-68er“ nennt. 1967 huet hien ugefaange zu Heidelberg Physik a Chimie ze studéieren bis en 1969 op Psychologie a Soziologie ëmgesuedelt huet. Trotz deene mouvementéierten Zäiten, déi hien deemools op der Uni erlieft huet, ass hien e Pragmatiker bliwwen: „Dee ganze revolutionäre Geescht war séier nees verschwonnen. Schonn 1972 waren d’Studenten nees vill méi ugepasst wéi virdrun“, erënnert hie sech. Sou ass hien, dee bis zu senger Pensioun am Jongenheem zu Bartreng d’Direktioun assuréiert huet, och keen nostalgeschen „Al-68er“ mee éischter e verständnisvollen Zäitzeien, deen och seng eegen Generatioun duerchaus kritesch gesäit. Sou seet hien och datt seng Generatioun, déi elo un der Muecht ass oder war, bestëmmt net alles gutt gemaach huet: „Et gëtt eng grouss Frustratioun, Transparenz ass nach ëmmer eng onméiglech Saach, hei am Land wéi och iwwerall soss an Europa. Et muss een hei am Land dach just de Logement kucken – kee weess wiem wat gehéiert a wéi een Tycoon wat als nächst plangt. Bei sou Zoustänn wonnert et mech net wa responsabiliséiert Bierger sech éischter fir hir Gemeinschaft asetzen. An och net wa Jonker sech dem Hedonismus higinn oder Populisten unhänken“, mengt hien.

An eben do ass en: De Lien mam Buch „Den drëtte Schlëssel“. D’Geschicht vun engem jonken Gendarmerie-Inspekter – de Fischbach – deen a sengem éischte Fall e Mord un engem „Käppercherssammeler“ (e Philatelist) opklären muss a sech dobäi an e Gewurrels verstréckt, dat zeréck geet op Zäite vun der preisescher Occupatioun, der Resistenz an der Kollaboratioun. Dat ganzt gëtt nach e Krack méi schwéier, wéi de Fischbach feststellen muss, datt d’Grief tëscht Gendarmerie a Police e gutt Stéck méi déif sinn, wéi hie gefaart hat – an datt ee verschidden Deeler vun der rezenter Geschicht besser sollt roue loossen.

„Poppen danze loossen“.

Dem Jean Schoos, sengen eegene Wierder no e grousse Konsument vu soziale Krimien, geet et drëms d’Geschicht vu Lëtzebuerg nom Zweete Weltkrich nei z’erzielen. An dat mat de Mëttelen vun der Fiktioun, well déi ass „dat beschte Mëttel ze verhënneren, datt Saachen sollen doudgeschwiegen ginn“.

Sou verwonnert et och net, datt den Auteur sech a sengem éischte Roman och op d’Recherche vun där neier Generatioun vun nationalen Historiker bezitt fir seng Geschicht ze fondéieren: „Den Artuso-Rapport ass sécher mat dofir responsabel, datt mat de Legenden opgeraumt gëtt“, seet hien, „Et muss einfach kloergestallt ginn, datt Resistenz a Kollaboratioun zwee Phänomener waren, déi gläichzäiteg stattfonnt hunn“. Als weider Referenzen nennt hien nach d’Aarbechten vum Denis Scuto, dem Lucien Blau – a senger „Histoire de l’extrême droite au Luxembourg“ – an de Serge Hoffmann.

Wat eraus komm ass, sollt een awer net als dem Jean Schoos seng Versioun vun der Wourecht verstoen: „Ech wollt dat Buch esou schreiwen, datt sech de Lieser herno nach muss seng eege Gedanke maachen. Et geet mer hei net drëms, déi eng oder aner Fraktioun an deem Muechtkampf deen hannert de Kulisse stattfonnt huet, schlecht ze maachen, mee éischter dorëms e System duerzestellen, deen d’Läit och verännert“. Well, sou wéi et och um Cover steet, „Den drëtte Schlëssel“ ass just dem Fischbach säin éischte Fall – net manner wéi fënnef aner Bicher sinn nach geplangt. Momentan schreift de Jean Schoos u sengem drëtte Band, deen zweete soll nach dëst Joer erauskommen.

An do soll nach sou munches op d’Lieserschaft duerkommen. Zemools well de leschte Band am Joer 1983 ophale soll – kuerz ier et am Marieländchen nawell zimlech ongemittlech ginn ass. An um Wee dohinner wäerten och Iwwerraschungen dobäi sinn: „De Fischbach ass am éischte Band jo en zimleche Streber, mee wie weess wat de System nach alles aus him mëcht?“, freet de Jean Schoos. „All System kann d’Leit bannendran futti maachen. An all System kann een nëmme vu bausse futti maachen. An e System dee futti mécht geet ëmmer nëmmen op e schwaacht Vollek, eng schwaach Ëffentlechkeet oder schwaach Institutiounen, wéi de Parquet, zeréck. Dat ass d’Geschicht, déi ech am Ganze well erzielen“.

Op de Jean Schoos keng Angscht huet sech ze verrennen, an duerno an enger Verschwörungstheorie festhänkt? – „Dat kann ech net aus-
schléissen“ seet hien. „Ech sinn awer éischter en Unhänger vun der Chaos-Theorie. An déi méi fundamental Fro déi ech stelle wëll ass: Wou steet den Individu, par rapport zur Fräiheet, der Demokratie an der Toleranz? Ech well opweisen, datt déi Relatiounen net nëmme komplex, mee och kënne paradoxal sinn – an datt dat zur Mënschlechkeet dozou gehéiert“.

D’Iddie fir u sou enger Saga ze schreiwen koum dem Jean Schoos iwwregens schonn am Joer 2011, wéi en an d’Pensioun gaangen ass. Deemools huet hien einfach mol sou drop lass geschriwwen, fir d’éischt souguer nach op Däitsch, dunn eréischt a senger Mammesprooch. „Ech wollt einfach mol d’Poppen danze loossen a kucke wat geschitt“, seet hien dozou.

Den Danz schéngt zumindest fir den Auteur mol gelongen ze sinn, well zënterhier huet en net méi opgehalen un sengem Wierk ze schaffen an ze feilen. An dat ass eng zimlech Aarbecht: „Ech dokumentéiere mech zimlech vill an den Zeitungsarchiven aus där Zäit, fir se nees opkommen ze loossen. Sou liesen ech vill am „Lëtzebuerger Land“ aus deene Joren, mee och Zeitungen wéi déi vun der Arméi, déi et haut net méi gëtt“, beschreift hien säin Aarbechtsprozess.

Dobäi geet et him och drëms kee Lieser op der Streck ze loossen: „Ech maache keen Ënnerscheed tëscht Unterhaltungsliteratur an sougenannter eeschter Literatur. De Lieser soll duerchaus och mol schmunzelen kënnen. Well wéi sot de Pir Kremer „Wann d’Zäiten och näischt daachen, looss eis léiwer laachen“.

Sou kann ee sech dann op déi nächst Joren freeën, zumindest wat dem Fischbach seng Aventuren ugeet.


Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.