Literatur
: „Lëtzebuerg ass verbonne mat engem Imperativ“

E Familljebesuch zu Lëtzebuerg, um Bauch liesen am Gank an e Brudder dee sech selwer opësst: „The Hook“ ass der Florence Sunnen hir éischt Novell.

Fillt sech an England méi erwuessen: d’Florence Sunnen, 31, 
zu Coventry an de Midlands.
 (Fotos: Privat)

woxx: Wann een „The Hook“ liest, stellt een eng gewëss Tendenz zum Grotesken hi fest. Géifs du soen, datt dat eng Charakteristik vun dengem Schreiwen ass? Wa jo, wou mengs du datt déi hierkënnt?


Florence Sunnen: Ech schreiwe vill iwwer de Kierper, besonnesch de Kierper als Manifestatioun vun enger mentaler Verännerung. Ech mengen allerdéngs net, datt ech mech besonnesch mat dem physesch Groteske befaassen; et geet mir éischter ëm dat, wat un de Relatiounen tëschent de Leit, besonnesch un hire Reaktiounen zoueneen, grotesk ass. Meng Personnagen sinn oft Leit, déi sech aus der Logik an de Reaktioune vun hirem Ëmfeld net kloer ginn, déi versiche sech unzepassen an anzeliewen, mee domat dach iergendwéi an der Däischtert ronderëmtaaschten. Si kënne sech selwer net kloer matdeelen, well si d’Gefill hunn, d’Signaler vun hirem Ëmfeld net richteg z’empfänken an ze verstoen. Vläicht läit doran och en Onversteesdemech vun deem, wat fir aner Leit normal ass. All Mënsch huet seng perséinlech Hemmschwell, seng eegen Iddien doriwwer wat logesch a raisonnabel ass, an dat gesäit een oft doranner wéi si engem anere Mënsch säi Behuele 
verstinn oder bewäerten. Menge Personnage feelt oft e Grondversteesdemech vis-à-vis vun der Logik vun hirer Aussewelt, an dorausser entsteet fir mech dat Groteskt.

Ouni ze vill ze verroden, kéint ee soen datt „The Hook“ en Text iwwer d’Erwaardungen ass, déi un eis gestallt ginn a wéi mir domadder ëmginn.


Erwaardungen, ob se elo vum sozialen Ëmfeld oder vun engem selwer kommen, si fir mech ëmmer spannend, an d’Frustratioun vun Erwaardungen an all hire Forme si ganz 
oft e groussen Deel vum Konflikt aus deem eraus ech schreiwen. Ech sinn oft laang Zäit net zefridde mat deem wat ech schreiwen, an ech schreiwe meng Texter ëmmer nees frësch, oft sechs, aacht, zéng Mol, bis ech eng Versioun erreechen, déi fir mech sproochlech a strukturell an der Rei ass. Beim Frëschschreiwen entstinn natierlech och ëmmer nees Problemer: Saache musse verschwannen, et kommen nei Tippfeeler bäi, eng al Szene passt op eemol net méi bei den Toun vum Rescht … Dat läit alles gréisstendeels dorun, datt ech beim Schreiwen net besonnesch strategesch virginn, a vill instinktiv Decisioune maachen, dofir dauert et einfach méi laang bis alles a mengen Ae kohärent ass.

Wat bedeit et fir dech perséinlech eng Schrëftstellerexistenz ze féieren?


Eng Schrëftstellerexistenz bedeit fir mech, sech ëmmer nees musse beweisen – leider, mee och zum Gléck. Meng Erfarung vu Lëtzebuerg ass verbonne mat engem Imperativ vun „eppes erreechen“, also op e kloert Zil hinzeschaffen, zum Beispill eng Carrière, oder e bestëmmte Familljestand, a wann een et bis dohi gepackt huet, ass een op engem Plateau, wou ee sech kann entspanen – frivol gesot, wou een op d’Pensioun ka waarden. Natierlech ass et ni wierklech esou einfach a kloer gezeechent. Et ass fir mech heiansdo beängschtegend, mee och befreiend, e Wee anzeschloen, wou d’Ziler weder kloer sinn, nach e permanente Wäert erreechen. Eppes publizéiert kréien ass fir e Schrëft-
steller e grousse Schrëtt, mee et ass och een, deen net laang am Sand siichtbar bleift. Et muss een ëmmer Neies erstriewen, probéieren, an dann och erreechen, mee wéi bei villen anere Projeten klappt dat oft net.

Ass et egal, wou ee wunnt oder gëtt et Plaze wou et engem als Schrëftsteller besser goe géif wéi zu Lëtzebuerg?


Ech mengen et ass scho wichteg, wou ee wunnt. All Plaz kann engem nei Optioune verschafen, wann een der brauch. Zu Coventry leeft zwar keng, mee d’Liewen ass bëlleg a meng Kollege wunnen hei. Dat ass kee ganz idealistesche Grond fir hei ze wunnen, mee am Moment ass et och kee schlecht Argument. Wat mech dovun ofhält, zréck op Lëtzebuerg ze kommen, ass net just de Fait, datt d’Liewen do einfach ze deier fir mech ass, mee och well ech mierken, datt ech, wann ech meng Elteren doheem besichen, ëmmer an eng Vakanze-Mentalitéit verfalen. Op eemol sinn ech nees 19 Joer al an hu kee Plang. An England fillen ech mech méi erwuessen, och wann dat gréisstendeels op enger Illusioun berout. Fir ze schreiwe brauch ech e Wunnuert, wou ech mech net ausseruerdentlech vu sozialen Imperativen oder finan-
zielle Suerge bedrängt fillen, a wou ech mer meng eege Routinë kann opstellen. Anscheinend fält mir dat méi liicht op enger Plaz, mat där ech nach keng esou laang Verbindung hunn. Zu Lëtzebuerg ass meng Kandheet, en Deel vu menger Geschicht, a meng Famill. Déi Saache loosse sech besser genéissen, wann d’Schreiwen net dertëschent kënnt. Elo kënnt allerdéngs geschwënn dee politesche Problem, an dee sech Groussbritannie verwéckelt huet, op mech an aner Europäer duer; wie weess, vläicht gëtt mir dat och eng aner Perspektiv.

Wat hues du gär un dengem Exil?


Déi Saach mam Exil ass zwee-
schneideg. De Fait, datt ech hei wunnen, ass kee richteg aktive Choix mee éischter en Iwwerbleibsel vu menger Studienzäit: No mengem Master sinn ech einfach an England bliwwen. Et huet Sënn gemaach: Ech hunn hei Bezéiungen, déi ech net wollt opginn, an ech wollt och einfach kucken, wat ech hei nach kéint erreechen an erliewen. Et gefält mer, datt England zu mengem Schreif-Land ginn ass, och wa meng éischt Joren hei net einfach waren. Allerdéngs ass do och de Problem mat der Britescher Literatur: Et ass eng Literatur, déi eng immens staark Identitéit huet, a just well een op Englesch schreift, ass een nach laang net Deel dovun. Lëtzebuerg, esou hunn ech d’Gefill, ass do scho méi flexibel an oppen fir all méiglech Stëmmen. Lëtzebuergesch Literatur schéngt sech erneit ze definéieren, all Kéiers wou eng nei kënschtleresch Stëmm an si antrëtt; déi Britesch Literatur ass esou vaste, datt se scho bal predeterminéiert ass. Dat gëllt allerdéngs haaptsächlech fir déi mainstream Publikatiounshäiser, an dofir hunn ech och eng Virléift fir d’Indie Presses entdeckt. Si stellen eng Aart Rettung duer: Si publizéiere mat Freed Saachen, déi net an déi grouss Këschte passen, dobäi och Villes wat tëschent de Genrë läit. Déi wuessend Unzuel u klengen, onofhängege 
Publikatiounshäiser mécht Grouss-
britannien zu enger wierklech gudder Plaz fir ze schreiwen.

Wéi hues du d’Literatur an d’Schreiwen entdeckt? Wat woren d’Obstakelen déi’s de op dengem Wee zu „The Hook“ hues missen iwwerkommen? Du bedreifs jo och e Blog …


Ech erënnere mech net richteg do-
runner, wéi eescht ech d’Schreiwen fréier geholl hunn. U sech ass dat och egal, well ech mengen, datt et fir mech wichteg war, et als Erwuessenen nees nei z’entdecken, ze gesinn, datt een d’Schreiwen och op eng methodesch a bewosst Manéier ka bedreiwen, an net einfach als eppes, wat einfach esou op d’Blat fléisst. Dat huet sech hei an England wärend mengem Philosophie Master erginn: Ech hunn der Uni Warwick hire Creative Writing Department fonnt, an no der Philosophie hunn ech mech direkt fir e Master am Creative Writing ageschriwwen. Ech erënnere mech, datt ech am Ufank fuerchtbar Angscht hat, Saachen z’iwwerliesen, déi ech grad geschriwwen hat, an ech wollt scho guer net, wéi eise Proff eis et un d’Häerz geluecht hat, meng Saachen haart virliesen. Elo mécht et mir Freed, viru mengem Bildschierm ze sëtzen a mat mir selwer ze schwätzen, well dat mécht schlussendlech e groussen Deel vum Schreiwen aus. „The Hook“ ass op eng relativ onspektakulär Manéier entstanen: Nodeems déi selwecht Geschicht an enger Competitioun ofgeleent gi war, hunn ech Nightjar Press op Twitter fonnt, a si ugeschriwwen fir ze froen, op si un enger Kuerzgeschicht Interesse hätten. Den Nicholas Royle, den Editeur vun Nightjar, huet eppes à la „Jo, schéck emol“ zréckgeschriwwen, an no engem Mount krut ech vun him eng E-Mail an där stoung, e wéilt d’Geschicht gär als Pamphlet, also als elengstoend Kuerzgeschicht, publizéieren. Zum Thema Blog: Dee Blog (een ënner ville „failed attempts“) fonctionnéiert am Moment éischter als Rompelkummer fir Notizen, déi u mech selwer adresséiert sinn, a fir kleng Texter, déi nach net wierklech publizéierbar sinn; ech geheie se dann och nees vum Blog erof, wann se 
anzwousch anescht publizéiert ginn. De Blog ass eng gutt Manéier, fir sech un dee Vertige vun der Publikatioun, also der potenzieller Liesbarkeet, ze winnen, ouni sech mussen an d’Fanger ze bäissen, well do elo awer nach en Tippfeeler ass oder e Gedanken deen ee gär a méi Detail weiderféieren géif. Et ass e gudden Tëschestopp virun der „Schlussendlechkeet“ vum publizéierten Text.

Wat wënschs du dir an de nächste Joren z’erreechen?


Am Moment schaffen ech dorun, all meng Geschichten esou ze redigéieren, datt se mir „gutt genuch“ erschéngen. Ech wëll geschwënn eng Handvoll Geschichten a kuerz Texter als Sammlung zesummeleeën, an déi dann hoffentlech hei an England publizéieren. Ech hunn och eng Lëscht vun Agenten, déi ech wëll uschreiwen – mee well ech schei a perfektionistesch sinn, waarden ech dofir nach op de richtege Motivatiounsschub. Ech schaffen ausserdeem grad u menger éischter méi laanger Erzielung hei an England ginn déi entweder als „Novella“ oder „Long Story“ bezeechent, an och un engem Filmscript fir en Horrorfilm iwwer Planzen, dat ass allerdéngs kee besonnesch seriöe Projet, an éischter eppes wat ech maachen fir mech selwer a meng Kollegen z’ameséieren. Et wier schéin, geschwënn nees eppes ze publizéieren, oder och nees méi an anere Sproochen ze schreiwen. Ech hunn et och immens cool fonnt, wéi vill Leit an de leschte Joren op Lëtzebuergesch publizéiert hunn, an ech hoffen dat geet esou weider, well d’Literatur enger Sprooch einfach nëmme Guddes kann doen. An de leschte Joren hunn ech relativ exklusiv op Englesch geschriwwen, mee Däitsch a Franséisch feele mir. Mee dat Gutt um Engleschen ass, wéi flexibel, verännerungsfreedeg, a villsäiteg et ass, an et ass eng Sprooch an där et fir mech nach Villes z’erfuersche gëtt.

Dësen Interview gouf per E-Mail gefouert.

https://interiordasein.wordpress.com
http://nightjarpress.weebly.com

Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.