Luxus ass passé

Eng lescht Warnung war wuel deen e Méinden virgestallte Sonderbericht vum Weltklimarot. Wa mir esou weiderfueren, wéi mir dat bis elo maachen, steiert d’Äerderwiermung no Usiicht vu ville Fuerscher op dräi bis véier Grad zou.

Foto: Lorie Shaull (CC BY-SA 2.0)

E Sonndeg si Walen. Stitt Dir op der Lescht? Wéi fillt et sech un? Schweesst Der schonn? Sidd Dir sécher, datt Dir an der nächster Regierung Responsabilitéit iwwerhuele wëllt? Déi aktuell Normalitéit an der Chamber ass vun elo un Extremismus. Cool Selfië virum Fliger sinn out. Fir Crémant an der Chamber ass keng Zäit méi. Big Business ass vun elo un Klimaschutz.

Här Wiseler, Här Bettel, Premier ginn gëtt elo richteg ellen. Wann Dir Premier gitt, musst Dir Entscheedungen treffen, déi Iech zum Deel onbeléift wäerte maachen. Technesch Innovatioune ginn net méi duer fir sech als Klimaheld ze bretzen. Wann Dir Premier gëtt, musst Dir dem Vollek soen, datt mam dekadente Luxusliewen definitiv Schluss ass. D’Kanner ginn net méi mam SUV an d’Schoul gefouert, d’Päischtcroisière op Mallorca gëtt gestrach, fir den CO2-Ausstouss vun der Massendéierenhaltung ze senken, kënnt de Biftek nëmmen nach sonndes op den Teller.

Heng, Huel däi Veto zréck. Sprang iwwer däi Schied. Do deng Juegdbox un a rett eis Kanner an Enkelkanner. Vun elo un kucks de, datt keng politesch Entscheedunge méi geholl ginn, déi näischt bei de Klimaschutz bäidroen. Kaf der en Toyota Hybrid an iwwerweis scho mol 50 % vun dengem Verméigen un de Mouvement écologique. Och du muss e bësse leiden.

D’Politik vermëttelt engem den Androck, datt Klima- a Ressourceschutz e Prozess ass, deen „smooth a smart“ verwierklecht ka ginn. Dës Illusioun gehéiert vun elo un och der Vergaangenheet un. D’Äerderwiermung stoppen ass net flott oder gemittlech. Et ass onbequem an et verlaangt vill Energie a Nerven. Awer Dir Här Wiseler, Dir Här Bettel, Dir kënnt Courage weisen. Dir loosst Iech net aus der Fassung bréngen. Dir hutt een Ziel, Dir hutt d’Argumenter. Mir sinn déi éischt Generatioun, déi d’Klimaverännerung ze spiire kritt a mir si leider och déi lescht Generatioun, déi se nach bremse kann.

E besuergte Papp an Auslänner mat Häerz fir Lëtzebuerg


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , , , , , , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.