Martin Linster (1956-2017)
: „Politik ass Theater“


De leschte Weekend huet eis déi traureg Noriicht vum Doud vum Martin Linster erreecht. Amplaz vun engem Noruff op e laangjärege Mataarbechter vun eisem Projet drécke mer op dëser Plaz e Portrait vun him aus dem Joer 2004 of. Hien erzielt eis a sengen eegene Wierder, wéi hie säi Beruff a säi Schafe gesäit.



Wie vill duerch d’Stad kënnt, huet de Fotograf Martin Linster bestëmmt scho begéint. De Fotograf vum „Lëtzebuerger Land“, deen ëmmer op der Plaz ass, wann et e politesche Moment ze knipse gëtt, weist elo eng Auswiel vu senge Fotoen aus de leschte Joren.

De Martin Linster war Mëtt den 1990er-Jore Mataarbechter vum woxx-Virgänger GréngeSpoun. Och duerno gouf et vill Kontakter, an hien ass oft an der Redaktioun passéiert, fir vu sengen neiste Projeten ze erzielen. (Foto: Renée Wagener)

„Dee wéivillte Kaffi ass dat, deen s de de Moien hei drénks?“ „De véierten. Neen, nach zwee doheem.“ Et ass hallwer néng. Mir sëtzen am „Interview“, deem Café am Stadzentrum, wou een nach en uerdentleche Kaffi kritt, een deen inspiréiert, wéi de Martin Linster seet. A wou een de Martin zënter zwanzeg Joer ëmmer mol rëm ka begéinen – zum Beispill moies, ier en op den Tour geet. „Hei hunn ech all d’Zeitunge beienaner, da gesinn ech, wat alles an der Press ass, an déi Themen, déi vläicht Theme vun der Woch ginn. A well ech vläicht scho Kollegen hei begéinen.“ De Martin ass Fotograf, oder besser: Fotojournalist. Et gesäit ee sengem Kannergesiicht et net of: Hien huet net nëmme schonns 48 Joer, mä och nach eng seriö Ausbildung. Mat uechtzéng huet hien ugefaangen ze fotograféieren an och ze entwéckelen, fir d’Scouten.
Hien huet eng Rei vu Jobbe gehat, och emol am „Interview“ geschafft, an iergendwann no enger Léierplaz gesicht. Vun engem Patron bei deen aneren huet hien seng Léier fäerdeg gemaach, an du wor en eng Rei Jore bei der Agence Imedia. „Industriefotografie“ nennt hien dat haut.

Firwat Fotojournalismus an net einfach Fotografie? Portrait, fënnt hien, ass net seng Stäerkt. „A beim Fotojournalismus kënns de mat alles a Kontakt, ob dat Politik ass, du kënns an d’Visite guidée vun enger Fabrik eran, et weist een der säi Fuerschungslabo, Spideeler, et ass d’Themevielfalt vum Fotojournalismus, déi s de soss néierens kriss. Ech leeë mech guer net gär op eppes fest.“

GréngeSpoun 421, 27.02.1998

1997 krut de Martin proposéiert, als feste Freelance fir eng Zeitung ze schaffen: de „GréngeSpoun“, Virgängerin vun der woxx. –„Du sinn ech mol méi gefrot ginn. D’huet mech ni iergend e Journalist virdru gefrot.“ Ganz zefridde wor en do net, wéinst der schlechter Drockqualitéit zum Beispill. Mä et wor säi Sprangbriet: Hie gouf vum „Lëtzebuerger Land“ ugeschwat, an huet dunn do seng berufflech Heemecht fonnt. Wéi d‘„Land“ 1999 säi Layout geännert huet, ass voll op den Apport vum Martin senge Fotoe gesat ginn. Haut wär d’Zeitung bal net méi ouni se denkbar. Bei der d’Fro, a wéiwäit hien zënterhier eng fotografesch Evolutioun matgemaach huet, dréckt e sech: „Ech gesi mäi Stil nach net als fäerdege Stil un.“ An: „Et mécht een all Joer zwou oder dräi gutt Fotoen. A wann een der méi mécht, dann iwwerhëlt ee méi.“ Duerfir kuckt hien och keng Televisioun, liest léiwer Fotosbicher a léisst sech do inspiréieren, mol vun deem engen, mol vun deem aneren. An elo wëllt hien emol e Joer mat digitaler Fotografie experimentéieren. Awer nëmme fir déi faarweg Fotoen, fir Schwaarz-Wäiss geet hie weider an d’Dunkelkammer: „Interpretatioun, net Manipulatioun.“ A wa bis an der Dunkelkammer de Radio opgedréit ass, „da bass de eleng mat der Musek, mat dengem Negativ, mat denger Luucht, der Beliichtung, ’t léist jiddwereen dech mat Rou.“

Fir d’fofzeg Joer vum „Lëtzebuerger Land“ ass an der Galerie „Alimentation générale“ eng Ausstellung mat senge Fotoen ze gesinn. Et ass déi zweet, an der Zäit vum Bosnie-Krich hat hie mat sengem Kolleg Boris Kremer déi fotografesch Andréck vun enger Rees an d’Krichsgebitt ausgestallt. Dat wor eng vun zwou Erfarungen, déi de Martin Linster ganz déif markéiert hunn. Déi zweet wor d’Fligerkatastroph um Findel. An deenen zwee Fäll huet hie Läiche vun no gesinn. Dat eleng wor en déiwe Schock, mä geschockt wor hien och iwwer d’Verhale vun anere Fotojournalisten, well hie seng eege Grenzen ganz anescht setzt: „Ech maache keng Fotoen dovun. Si hu gestridde fir d’Läichen ze fotograféieren. Wat soll dat?“ De Martin huet och soss vill un der Vergaangenheet ze knaen: Krankheet, Leit déi ëm ewechgestuerwe sinn.

GréngeSpoun 410, 12.12.1997

Mä zeréck zu där neier Ausstellung. Et ass eng „politesch“ Ausstellung, déi ee sou kuerz virun de Walen och als fotografesche Bilan vun dëser Regierung ka betruechten: Ze gesi gëtt et Fotoe vu Schlësselmomenter, wéi d’„Opération Milano“ oder d’Manif géint den Irak, awer och vum politeschen Establishment. Besonnesch do kënnt dem Martin seng Spezialitéit voll eraus:
Situatiounskomik an Ironie. Et ass net bal eng Foto dobäi, wou net en „Décken“ op d’Schëpp geholl gëtt. Op dat de Juncker an d’Hennicot’s a Gummisstiwwele sinn, d’Regierung op der Tribün beim Tour de France oder d’Konkurrenz tëscht engem schicken Dammenhutt an dem Bëschof senger Mitra, de Martin Linster huet den Don, déi speziell Momenter z’erwëschen, déi d’Leit herno schmunzelen dinn. „Se gi sech jo an der Chamber sou seriös, da kann een se och no baussen aneschters weisen,“ fënnt hien. Mä fir hien huet et och vill mat Gedold ze dinn: „Ech hu gewaart bis d’Situatioun komesch war an da gedréckt. Wann ech net zefridde sinn, wann se alleguerten do sinn a jiddwereen drop ballert, da bleiwen ech do bis jiddweree fort ass. Ech sinn och, well ech fir eng Wochenzeitung schaffen, net sou an deem Drock vun: Ech muss op deen nächste Rendez-vous.“

Mä zugläich ass dës Ironie awer och Kritik. Soll ee sech eppes dobäi denken, datt déi heiansdo méi staark a senge Fotoen erauskënnt ewéi an den Artikelen, déi se illustréiere sollen? De Martin gesäit sech op alle Fall net als politesche Fotograf: „D’Foto mam Marie-Josée Jacobs an Aktioun op enger Bühn ass och dobäi fir ze soen: Wat en Theater.“ Mä Déieren oder Planzen, dat ass och net säin Truc: „Ech hunn d’Gedold net. D’Déieren, d’Natur an d’Planzen, do brauchs de nach méi Zäit fir et schéin ze maachen.“ A Sport? „Keng Anung vun engem Abseits, do kréien ech d’Situatioun net mat. Wann do ee päift um Terrain, da froen ech mech: Firwat päift deen dann.“ Nach éischter géif hie sech fir de Film interesséieren: „Dat hunn ech an enger Form wëlles. Well heiansdo sou Situatioune sinn, wou ech soen: ’t ass besser gefilmt. An amplaz dann iwwert d’Televisioun hierzefalen, maach et besser. Ech géif gär Reportage maachen, mä an engem Bild ass et schwéier duerzestellen.“

GréngeSpoun 487, 15.01.1997

„Ech sinn deen eenzege Fotojournalist, dee méi wéi dräi Zeitungen den Dag liest, an dann och schonn d’Spill e bësse weess. Do brauch ee keng Tuyaue vun engem Journalist ze kréien, mä dat versteet een dann. Ech kennen se alleguerten, ech kann der och eng Vouel-Regierung opsoen.“ De Martin weess Bescheed an ass ëmmer op der Plaz, och ouni Auto a Führerschäin. Wann net grad een e mathëllt, fiert hie mam Zuch a mam Bus. Duerfir huet hien och sou vill Zäit fir ze liesen.

Wat him wichteg ass, ass seng Onofhängegkeet: „Wann den éischte Mee de Castegnaro do trëppelt – dat éischt ass, d’Fotografe ginn dem Castegnaro Moie soen. Ech kucken, datt ech en erwësche wou en eng Dommheet mécht. Si ginn nach just Moie soen, dann hu se jo schonn hir Onofhängegkeet verluer. Ech si just mat jiddwerengem héiflech, ech lafen deenen net no.“

Datum vun der éischter Publikatioun ënnert dem Titel „Ech waarde bis d’Situatioun komesch ass“, woxx 730, 30.1.2004

Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.