Nation Branding: Make Lëtzebuerg great again

Voilà, den Nation Branding ass an der nächster Phas – a beweist eemol méi, datt en éischter e provinziellt Koméidistéck ass, wéi eng seriö Promotioun vum Land.

(Photo : Paul Zenners)

(Photo : SIP / Paul Zenners)

D’Désirée Nosbusch sprengt an enger Aart Seidepyjama iwwert d’Bühn, a rezitéiert iwwert hiren Headset-Mikro iergendeng postmodern an och postfaktesch Umoderatioun fir dem Owend dach nach e bësse Selbstironie anzehauchen. Vum Henry Miller senge Botterschmieren aus « Quiet Days in Clichy », iwwer dat hannerhältegt Stéck Schäiss vun de jugendlechen Ikonoklaste vu Richtung22, bis zu de méi konzilianten Zitater vum Winston Churchill – alles ass dobäi. Mä kee laacht sou richteg. Dann, e bësse funky Musek an eng blond Fra kennt aus dem Publikum op d’Bühn. Nee, net d’Hillary Clinton, mä d’Staatssekretärin Francine Closener.

A schonn ass et eriwwer mat der Selbstironie: „Mir brauchen eis net ze schummen, well mir si richteg gutt“, mengt d’Madame Staatssekretärin. An nee, et ass keng „Staatspropaganda“ wat hei bedriwwe gëtt, mä „mir vermëttele just eis Realitéiten“. Et freet sech just: Weem seng Realitéit soll hei vermëttelt ginn? Mä knapps huet ee sech déi Fro gestallt, geet et scho lass.

Déi ganz Campagne huet sécher eppes mam Land ze dinn, si representéiert awer nëmmen e Brochdeel.

En neie Logo, dee méi kannereg net kéint sinn. Seriö: E blo-rouden „X“, deen an der Mëtt e waïsst Kräiz undéit – and that’s it? An e Slogan op Englesch, dee sech mol net op Lëtzebuergesch iwwersetze léisst? Oder wier „Let’s make it happen“: „Looss et lafen“? An da ginn zwee Filmercher gewisen, déi méi d’Luxair wéi d’Ländche promovéieren a sécher eng Hellewull Goss kascht hunn. Zum Gléck gëtt et elo och eng Aktioun: „Luxembourg Bicycle Nation“ – do kënnt Der Är schéinste Vëlo-Selfien eraschécken, an déi ginn da fir den Tour de France ausgestallt. Et freet een sech direkt op all déi schéi Staatsbeamtepänz a roudwäissbloe Wurschtpellen, déi op engem 15.000 Euro Bike den Eecherbierg ropgondele wäerten.

Mä och dat ass net Lëtzebuerg. Déi ganz Campagne huet zwar sécher eppes mam Land ze dinn, mä si representéiert nëmmen e Brochdeel. Wou sinn dann déi 46 Prozent Auslänner déi mer integréieren – ass dat kee Grond houfreg ze sinn? An „eis“ Frontalieren? D’industriell Vergaangenheet? Alles net Deel vun de „Realitéiten“ déi d’Madame Staatssekretärin vermëttele well. Amplaz kréie mer e Plateau vu Lëtzebuerger déi am Ausland liewen an eis vun hirem Houfert zielen – wéi wann nëmmen dat géif zielen.

Siefe mer éierlech: Déi Campagne do hätt ee sech kéinte spueren. Well d’Chambre de Commerce, d’Alfi an all déi „Luxembourg for Finance/Business/Whatsoever“-Klitsche maachen sou eng Zort Promo schonn zënter Joerzéngten, an dat mat engem gewësse Succès. Do hätt een déi Millioun Euro (970.000 Euro) dach besser an déi zweet Rotonde gestach, déi nach ëmmer net fäerdeg renovéiert ass – dat wär da wéinstens nohalteg gewiescht. Mä amplaz hu mer elo eng saudeier Campagne, déi sech an absolut guer näischt vun enger Reklamm vir d’Finanzplaz ënnerscheet.

Wahrscheinlech waren et och Leit aus där Branche (an hir Frënn aus dem Marketing) déi dem Étienne Schneider an der Francine Closener deen onnéidegen Nation Branding do opgeschwat hunn. A si hunn bereetwëlleg de Portmonni gezéckt wéi déi naiv Provenzpolitiker, déi se nu mol sinn. An deem Sënn erënnert dat Ganzt éischter un e Kabarä. An – wie weess? – den Event war jo vläicht nëmmen e genialen Teaser vir d’Revue 2017 oder dem Jay Schiltz säin neie Kabaräsprogramm? Schéi wier et.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.