All Freide stellt d’Wochenzeitung woxx an der Sendung Bistro vu Radio Ara hiert Thema vun der Woch vir a bitt ee Réckbléck op d’Aktualitéit vun deene leschte siwen Deeg.
Dës Woch schwätzen de Joël Adami an de Frédéric Braun iwwert den Nuetszuch op Lissabon, d‘HBO-Serie Sharp Objects, déi schlecht Pub fir den eigentlech exzellenten MeYouZik-Festival, d‚Lëtzebuerger Sprooch an den groussen Defizit an der Debatt ronderëm d’Méisproochegkeet.
Thema vun der Woch ass den Tourismusprojet Suneo Park zu Wäisswampech. Tëscht deenen zwee Séien zu Wäisswampech soll nämlech een Hotel an een Vakanzenduerf entstoen. Wéi de Projet als Ekotourismus ugekënnegt ginn ass, gouf et scho Kritik. Elo ginn et awer nach eng ganz Réi aner Froen, ënnert anerem zu der Waasserqualitéit an der Fro, wat fir een Tourismus zu Lëtzebuerg eigentlech erwënscht ass.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Am Bistro mat der woxx #280 – Wéi geféierlech ass Cattenom?
- Am Bistro mat der woxx #279 – 30 Joer nom Genozid am Ruanda
- Am Bistro mat der woxx #277 – Wéi kanadesch Firme mat Hëllef vu Lëtzebuerg 80 Milliarde Steiere gespuert hunn
- Am Bistro mat der woxx #276 – Wisou d’Diskussioun iwwer Iwwergewiicht zu Lëtzebuerg falsch leeft
- Am Bistro mat der woxx #275 – D’Rhetorik vu rietse Parteien am Bezuch op de Klimawandel an Nohaltegkeet