Dir fannt hei d’Opname vun eiser Table Ronde „Politesch aktiv, 1968 a 50 Joer duerno“, déi d’woxx gemeinsam mam Radio Ara organiséiert huet. Doranner hu mir eis, wéi sou vill Leit, mam Mee 68 a sengen Nowierkunge beschäftegt. Mir wollten dobäi awer net just mat deene Leit schwätzen, déi „deemools“ dobäi waren, mä och mat Jonker, déi haut politesch aktiv sinn. Deelgeholl hunn: d’Flo Weimerskirch, d’Milena Steinmetzer (Jonk Lénk) an de Félix Bonne (Move.)
Nieft de Klischeeën, déi et iwwert d’68er*innen an déi Jonk ginn, hu mir eis mat véier groussen Themebléck beschäftegt: Mat der Fro, wéi a wisou ee politiséiert gëtt, mat der Fro vu Militanz a Radikalitéit, mat där politeschen Aktivismus ëmgesat gëtt, der Fro, wat fir Theme „deemools“ an haut wichteg sinn a mat der Zukunft vu politeschem Aktivismus zu Lëtzebuerg.
D’Zesummefaassung vun der Table Ronde fannt dir a geschriwwener Form ënnert Mai 68 : Les urgences sont les mêmes.
Das könnte Sie auch interessieren:
- Am Bistro mat der woxx #279 – 30 Joer nom Genozid am Ruanda
- Am Bistro mat der woxx #277 – Wéi kanadesch Firme mat Hëllef vu Lëtzebuerg 80 Milliarde Steiere gespuert hunn
- Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #38 Dem Isabel Spigarelli seng lescht Folleg
- Am Bistro mat der woxx #276 – Wisou d’Diskussioun iwwer Iwwergewiicht zu Lëtzebuerg falsch leeft
- Am Bistro mat der woxx #275 – D’Rhetorik vu rietse Parteien am Bezuch op de Klimawandel an Nohaltegkeet