Populismus
: Am Numm vum Vollek

Wat ass Populismus, wéi huet en sech historesch ausgedréckt, a gëtt et Populismus nëmme vu riets? An der wëssenschaftlecher Analys gëtt dee Begrëff méi als eng Strategie oder e Politikstil wéi als eng Ideologie beschriwwen.

Populistesch Tendenzen, e stännege Begleedeffekt vum demokratesche Parlamentarismus? Hei d’Beispill vum Leo Müller senger „Nationaldemokratescher Bewegung“ an den 30er-Jore vum 20. Joerhonnert. (Quelle: Bibliothèque nationale du Luxembourg)

Virun e puer Wochen hat ech de Pleséier, un enger Gespréichsronn zum Thema Rietspopulismus deelzehuelen, déi vun der Monatszäitschrëft forum organiséiert gi wor. Zwou Froe si mer direkt an de Kapp komm, wéi ech déi Invitatioun krut: Wat heescht Populismus iwwerhaapt, an ass dat dann e Phenomen, dee politesch nëmme riets ze fannen ass?

Den Haaptinvité vum Owend, den Damir Skenderovic, Historiker a Professer op der Uni Fribourg an der Schwäiz, huet de Rietspopulismus unhand vun dräi historesche Phänomener illustréiert: déi sougenannt „People’s Party“, déi ëm d’Joerhonnertwenn zum 20. Joerhonnert an den USA existéiert huet, de franséische Poujadismus an de Fofzegererjoren, aus dem zum Beispill de Jean-Marie Le Pen ervirgaangen ass, an d’Schweizerische Volkspartei, déi och haut nach existéiert. Emol ofgesi vun der US-amerikanescher People’s Party, déi aus haiteger Siicht schwéier an de Lénks-Riets-Schema anze-
uerdnen ass, gëllen déi zwee aner als klassesch rietspopulistesch Parteien. Mat dem Succès vun der AFD an Däitschland oder vu Politiker wéi den Donald Trump an den USA oder de Geert Wilders an Holland klëmmt och de wëssenschaftlechen Interessi um Phenomen vum Rietspopulismus.

Laut Duden ass de Populismus eng Politik, déi vun Opportunismus gepräägt, volleksno an oft demagogesch ass, an déi zum Ziel huet, duerch eng Dramatiséierung vun der politescher Lag d’Masse fir sech ze gewannen. Esou eng Beschreiwung passt op vill Parteien a Beweegungen, déi haut aktiv sinn. Déi däitsch Soziologin Karin Priester weist op zwee wichteg Aspekter beim Populismus hin. Éischtens, datt mat dem Begrëff oft méi eng politesch Strategie oder e Stil bezeechent gëtt, a manner eng Ideologie. Zweetens ass de Populismus heefeg géint eppes geriicht, besonnesch géint d’Eliten, awer och oft géint de Parlamentarismus. Et fënnt ee laut der Karin Priester besonnesch folgend Aspekter: Anti-Elitarismus, Anti-Intellektualismus, Antipolitik, Institutiounefeindlechkeet, Polariséierung a Personaliséierung vun der Politik. [1]

Rietspopulismus zu Lëtzebuerg

Den ideologesche Kär vum Populismus, sou de Populismus-Fuerscher Cas Mudde, ass d’Iddi vun engem Vollek, dat enger korrupter Elite ausgeliwwert wier. Wien awer ënnert dës Definitioun fält, dat ass eng schwiereg Fro. A senger Analys iwwer déi populistesch rietsradikal Parteien zënter 1980 zielt de Cas Mudde fir Lëtzebuerg zum Beispill d’Nationalbeweegung op, awer net d’ADR. [2] Ëmmerhin ass d’ADR awer op europäeschem Niveau Member vun der sougenannter „Allianz vun de Konservativen a Reformer an Europa“, déi als rietspopulistesch ageschat gëtt.

Een anert Element vum Rietspopulismus sinn ausgrenzend Tendenzen, notamment géint auslännesch Leit. Kuckt ee méi wäit an d’Geschicht zréck, da kann een och fir Lëtzebuerg feststellen, datt esou Tendenze zanter laangem ëmmer erëm am politeschen Discours an an der politescher Praxis ze erkenne sinn. Scho bei der Reform vum Zensuswahlrecht no der formaler Onofhängegkeet 1839 gouf dem staarke Wonsch no engem Wahlrecht, dat am Ënnerscheed zu virdrun nëmme „geborne oder naturalisierte Luxemburger“ géif zoukommen, Rechnung gedroen. Virum Éischte Weltkrich koum et zum Entstoe vun der „Nationalunio’n“, där hir bekanntste Figur de Siggy Koenig wor, an déi hefteg xenophob argumentéiert huet, awer och antiparlamentaresch an antisemitesch ausgeriicht wor. Si huet sech allerdéngs net u Wahle bedeelegt, och net no der Aféierung vum allgemenge Wahlrecht 1919, an huet sech du schnell opgeléist. An den 1930er-Joren huet sech awer ee vun hire fréieren Adepten, de Leo Müller, bemierkbar gemaach. Hien huet d’„Nationaldemokratesch Beweegung“ gegrënnt, op déi d’Beschreiwung vum Rietspopulismus och gutt passt. Allerdéngs huet dës xenophob an antiparlamentaresch Beweegung, déi duerchaus elektorale Succès hat, zum Beispill keen oppenen Antisemitismus erkenne gelooss, an si huet sech duerchaus mat feministesche Fuerderungen ugefrënnt. Dës Gruppéierung huet awer de Krich net iwwerlieft, wuel och, well de Müller am Krich all Distanz zum nationalsozialistesche Regime opginn hat a spéider wéinst Kollaboratioun veruerteelt gouf.

Et gëtt och lénke Populismus

D’Soziologin Karin Priester schwätzt awer nieft engem rietsen och vun engem lénke Populismus. Am Ënnerscheed zum Rietspopulismus, deen op Exklusioun vu Bevëlkerungsgruppen ausgeriicht wier – zum Beispill auslännesch Leit, Flüchtlingen oder Minoritéiten -, wier de Lénkspopulismus op Inklusioun vun benodeelegte Bevëlkerungeschichten ausgeriicht, déi duerch Partizipatioun a Ressourcenëmverdeelung an e parastaatlechen System vu Klientelismus agebonne ginn, deen direkt un d’Persoun vun engem „Führer“ gebonnen ass a parlamentaresch net kontrolléiert gëtt.

Och dofir kann een historesch an aktuell Beispiller fannen, dat allerdéngs oft net a klenge Splitterparteien, mee an den etabléierte Parteie an Institutioune selwer. E klassescht Beispill ass de Führerkult am Kommunismus, dee ronderëm Figure wéi de Stalin bedriwwe ginn ass, awer och ronderëm de Fidel Castro. Am Venezuela ass schonn an der Spéitphas vum Sozialist Hugo Chávez sengem Regime eng Klientelismus-Politik, eng Aushielegung vum Parlamentarismus an och e Führerkult an e lénken Nationalismus siichtbar ginn, déi sech ënnert sengem Nofolger Maduro nach verstäerkt hunn. Basisorganisatiounen, déi op deem eigentlech interessante Konzept vu Basisdemokratie berouen an am latäinamerikanesche Sozialismus eng gewëssen Traditioun hunn, déi et am Ufank vu sengem Regime och am Venezuela nach goufen, si verschwonnen.

Blo-wäiss-rout Fändelen: 
De Leader a säi „Peuple de gauche“. (Foto: © MathieuMD / Wikimedia Commons / CC BY-SA 4.0)

Méi no bei eis konnt ee grad bei eise franséischen Nopere feststellen, wéi am Wahlkampf och an der Gauche dat sougenannt Vollek beméit gouf. Och e Jean-Luc Mélenchon wor sech net ze schued, blo-wäiss-rout Fändelen anzesetzen, a seng Beweegung berifft sech souguer explizit op e „populisme de gauche“. A verschidde vu senge Positiounen entspriechen der Definitioun vum Populismus: fir d’Vollek, géint den Establishment, fir déi national Souveränitéit vu Frankräich. E gewësse Starkult an d’Ënnersträiche vun der enker Verbindung vum peuple de gauche mat sengem Chef ass am Wahlkampf relativ däitlech ginn, och wann dat zum Deel wuel am franséische Wahlsystem inevitabel ass. Während de Referendum, deen oft genuch an eng plebiszitär Veranstaltung ofrutscht, also och an der Gauche gehyped gëtt, gi méi wäitgoend Iddien wäit manner ugeschwat, déi an de soziale Beweegungen an de Siwwenzegerjore vum leschte Joerhonnert entwéckelt goufen, fir d’Basisdemokratie ze stäerken, andeems d’Institutioune géifen demokratiséiert an d’Leit mat demokrateschen Ëmgangsformen familiariséiert géife ginn.

Permanent Attack?

De Populismus ass also keen neie Phenomen, mee begleet d’Politik scho laang. Dofir ass och folgend Zitat vum däitsche Sozialdemokrat Waldemar von Knöringen nach ëmmer interessant, dee schonn 1966 vun engem „Unbehagen an der Demokratie“ geschwat huet: „Die Demokratie ist ständig von anti-demokratischen Kräften bedroht. Die begrüßenswerte Tatsache, dass heute die überwiegende Mehrheit unseres Volkes demokratischen Parteien ihre Stimme gibt, darf uns nicht darüber hinwegtäuschen, dass diese Welt in jedem Augenblick Menschen hervorbringt, die danach trachten, ihre Mitmenschen zu unterdrücken und die deshalb nach dem ‘starken Mann’ rufen, die ‘Größe der Nation’ beschwören oder eine ideologische Heilslehre gewaltsam durchsetzen wollen. Aggressive Kräfte sind in der Gesellschaft stets vorhanden. Unter bestimmten Bedingungen können sie gerade in der Demokratie wirksam werden.“ [3] De Populismus wier an deem Sënn also déi permanent Gefor, datt deen oft komplizéierten demokrateschen Entscheedungsprozess vun der parlamentarescher Demokratie aus Bequemlechkeet oder aus politeschem Kalkül a Fro gestallt gëtt.

Natierlech entbënnt esou eng Feststellung net vun der Noutwennegkeet, iwwer mangelhaft demokratesch Strukture an noutwenneg politesch Reformen och an der westlecher Gesellschaft nozedenken. Mëssstänn am Parlamentarismus gëtt et ganz sécher, an och hei ass Lëtzebuerg e gutt Beispill: Cumul vun de Mandater, Nominéierungsmodus vun de Membere vum Staatsrot, Biergerversammlungen, déi oft genuch nëmmen de Charakter vu Pseudo-Demokratie hunn – dat sinn nëmmen e puer Beispiller dofir, datt de Populismus och eng Äntwert op reell Mëssstänn ka sinn. Et ass just eng falsch Äntwert. Mee am Moment erkennt een net de politesche Wëllen, fir populistesche Kritiken un der Demokratie reell Reforme vun deem System entgéintzesetzen.

Quellen:
[1] Priester, Karin: Wesensmerkmale des Populismus, in: APuZ, (5–6), (2017) 5–6, 
http://www.bpb.de/apuz/75848/wesensmerkmale-des-populismus?p=all#fr-footnodeid_29
[2] Mudde, Cas: Three Decades of Populist Radical Right Parties in Western Europe: So What? (Report), in: European Journal of Political Research, (1), (2013) 1, S. 3.
[3] Von Knöringen, Waldemar: Mobilisierung der Demokratie : Ein Beitr. zur Demokratiereform / Vorgel. v. Waldemar von Knoeringen [u. a.], München 1966, zit. nach: Zum Jubiläumsjahr 2017, in: Akademie für politische Bildung Tutzing: Programm 02/2017.

Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.