Porträt: „Mäi léiwen Dan …“ (4/4)

Eise leschten Deel vun der Webserie setzt sech mat der Zäit no de Studien auserneen: Während mir an d’Beruffsliewen mol méi, mol manner gutt eragestolpert sin, hues du lues a lues d’Schlappe verluer… a mir dech aus den Aaen.

Kapitel 4: Suen

Suen waren dat lescht wat eis zesummegehalen huet. (©woxx)

 

Ëmbréch gehéieren zum Studenteliewen dozou, an dee leschten ass oft net nëmmen deen definitivsten, mä och gär dee schwéiersten. Et ass keng einfach Zait, mä dofir eng, an där ee gäre feiert. Et huet ee schliesslech elo och seng eege Suen a ka seng Féiss ënnert sengem eegene rabbelegen Ikea-Dësch ausstrecken.

Sou koum et och, datt mir eis beim Rausgoen an der neier, aler Heemecht nees iwwer de Wee gelaf sin. Du waars net méi am Binôme mam M. (oder en war um Auserneebriechen, ech weess et net méi sou genau), an zimlech oft mat eis op der Rull. Et war gutt, dech nees bei eis ze hun, och wann däi Konsum net fort war – mä deng Diskretioun, an eis Scheiklappen hunn och dat konnten iwwerbrécken.

Och datt s de net ëmmer d’Täsch voller Goss has, konnte mer iwwerspillen. Mier hun dech einfach matgeholl, deng Béieren, Zigaretten an Entréesticketen (wann mer der net ee konnte gratis besuergen) bezuelt – a sou war et wéi … wéi wann näischt wär. E Konsens, eng tacite Oofmaachung, e Vertrag, deen eis Normalitéit virgegaukelt huet.

Déi Situatioun huet net verhënnert, datt ëfters Rëss opgetaucht sinn. Wa mer net grad op engem Festival, engem Concert oder enger Sauftour waren – ass et der oft net gutt gaangen. Ech erennëre mech un dat infamt Cafés-Zëmmer an der Brillstrooss zu Esch, dat fir eis wéi aus engem David Lynch-Film erausgeschnidde war, fir dech awer Liewensréalitéit. Ech erennëren mech och un den Telefonsuruff, deen ech un engem hëtzegen August-Nomëtten a mengem Bureau entgéint geholl hun: Du wolls dech ëm en Neits embréngen. A mier ass näischt Besseres agefall wéi dech Schëmmel a Blëss ze vernennen. Ech war geschockt, a wosst mer nët anescht ze hellëfen. Mä du hues mech herno rassuréiert, dat wär dat eenzegt Richtegt gewierscht. Op et stëmmt, weess ech net – och dat ass elo net méi wichteg.

Enges owends, et war am ale Carré Rotondes, ass eise contrat tacite gebrach. Einfach sou. Iergendeen, vläicht souguer ech sëlwer, wollt der kee Béier méi matbréngen. Du hues dech emgedréint an du bass gaangen. Mier sollten eng Zait näischt méi vun der héieren. Bis d’Noricht koum, du wiers elo am Bing. Zwar net Schraasseg, mä do am Osten, mä trotzdeem: Du? Am Bing? Sécher mat der Konsommatioun (a mam gelegentlechen Eppes-matgoen-loossen, obwuel ech mech net erënneren kann, datt s de jeemools erwëscht gi wärs) has de wahrscheinlech keen onbefleckte Casier.

Mä e Kriminellen, een deen der Gesellschaft schued, een dee muss wechgespaart ginn, waars de nimools – du häss Hellëf gebraucht, eng Therapie. Mäi léiwen Dan, wann ech se lo nach emol tuten héieren, déi Dammen an Hären Politiker*innen, wéi gerecht a gutt hire System dach wier, ech schwieren der … ech maachen eng Fauscht an der Täsch.

Ironescherweis, hues du dat guer net sou schlëmm fonnt, hanner Gitter. Du wiers bal nees clean ginn, hues de mer gezielt wéi s de mer eng Kéier ugeruff has. An du giffs dech mellen, wann s de eraus wiers an nees Kontakt wëlls.

Dee Kontakt ass ni méi zustane komm. Déi leschte Kéier, wou mer dech sollte gesinn, war op enger schwaarz-wäiss Foto am Wort. Mir bleiwen zeréck mat de Froen  Hu mir et verschass? War et d’Gesellschaft? Oder du?

Villäicht si mer jo och lues a lues déi Gesellschaft ginn, déi dech verschass huet. An eis vläit mat.


Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !

Flattr this!

Tagged , , , , , . Bookmark the permalink.

Comments are closed.