Porträt: Mäi léiwen Dan … (1/4)

Den Auteur ass viru kuerzer Zäit aus der Zeitung gewuer ginn, datt e Kolleg, e Frënd aus Kandheet a Jugend net méi ass. An dëser Serie reflektéiert hien iwwer deen onnéidegen Dout a wéi d’Gesellschaft mat Ausgeloossenen ëmgeet.

Eng vun den läschten Fotoen vum Dan sengem Facebookprofil. (© Facebook)

Kapitel 1: Den Tränteler

Mäin léiwen Dan, och wann d’Cappellettië vum Bei an d’rout Zooss vum Favaro waren, dëse Sonndeg bei mengen Elteren hunn se mer um Mëttesdësch net geschmaacht. Kuerz ier si d’Iessen op den Dësch gestallt huet, huet meng Mamm mer d’Zeitung gewise mat denger Doudesannonce dran. „Et ass jo deen“, huet se mech gefrot, wéi wann si sech sëlwer net sécher wir. Beim Ubléck vun denger Foto mat dengem wéi ëmmer liicht erausfuerderende Bléck hunn ech … näischt gespuert. Et sollt e puer Deeg daueren, bis ech realiséieren, datt een Deel vu mär a menger Kandheet och an der Doudesannonce steet.

Ma zeréck un de Mëttesdësch: Et war mer opgefall, datt am Toun vu menger Mamm net onbedéngt Trauer matgeklongen huet, ma eppes anescht. Schadenfreude? D’Gefill no souville Joren awer Recht gehat ze hunn, mat all deem wat iwwer dech gezielt ginn ass? Ech weess et net a wollt et och deen Ament net wëssen.

Wat et bewierkt huet ass, datt ech hu mech zeréck a meng Kandheet versat hunn, wéi mer zesummen op de Brouch zu Esch an d’Primärschoul gaange sinn. Eng Kéier – an dat ass elo iwwer 30 Joer hier – eng Kéier, hate meng Mamm an däi Bop op eis Kanner virun der Schoul gewaart, wéi mer aus der Schwämm komm sinn. Deen Dag war ech, wéi ëfters, e bëssen driibseg a si wäit hannert deenen anere Kanner de Bierg erop geträntelt. An dunn sot däi Bop (ech weess net op e wousst, datt d’Fra nieft him meng Mamm war): „Kuck der deen un, deen ass ëmmer dee leschten“. D’Panzrappecht déi ech dunn doheem krut, ass mer bis haut am Gedächtnis peche bliwwen. „An dat vun deem do! D’Léit menge jo du wiers méi lues a méi domm wéi deen Dan do! Dat geet dach net!“, a sou weider a sou virun.

An et huet gestëmmt, mäi léiwen Dan. Du haass vun Ufank un net déi sëlwescht Chancë wéi mär aner. Well deng Mamm ganz fréi gestuerwe war (ech erënnere mech datt s de ni Matleed dofir wolls, wann s de dovun erzielt hues. Du hues ëmmer gezielt si wär vun enger Bei gepickt ginn, an dru gestuerwen – mä ech mengen haut, datt der dat just sou erzielt ginn ass), an däi Papp am Prisong sutz (wat mer och eréischt vill méi spéit gewuer gi sinn), bass du bei denge Grousselteren opgewuess.

Wat fir munch anert Kand sécher en Dram ass, mä dir vun Ufank un Startschwieregkeete provozéiert huet. Du waars nervös, op Opmierksamkeet aus, jee e „klengen Däiwel“, wéi séier dorëmerzielt ginn ass. Ech ginn zou, datt ech e bëssen Angscht virun der hat. Mä deemools hat ech Angscht virun allem wat mat Interaktioun ze dinn hat.

Um Brouch, dat waren och déi schwéier Joren am drëtten a véierte Schouljoer beim Här Dupont. Dee war nach vun der ganz aler Schoul. Do ass nach „Medezin“ mam dräieckege Lineal ausgedeelt ginn, do sinn et der nach an d’Akaul ginn, datt ee bal den Tommel kritt huet dovunn – Humiliatioun an Terror waren dem Dupont seng Unterrechtsmethoden. An deen Drecksak huet sech natierlech déi sozial Schwächst ausgesicht fir sech physesch un hinnen auszetoben. D’räich Fissien an Duechteren huet en net ugepaakt – déi hu sech och esou d’Box voll geschass, heiansdo mol net metaphoresch.

Während ech – als Mëttelklasskand – zimlech glimpflech dovu koum, waars du, mäi léiwen Dan, ee vu senge Kandidaten, déi der nawell bal all Dag an d’Gladder kruten, an net ze knapps. Ech weess bis haut nach net wat dat Härlärä-Oarschlach mat där an aneren op der Toilette gedriwwen huet (en huet et säi „Boxring“ genannt), mä et sollt wuel sou sinn, datt déi Maltraitance fir dech nëmmen den Ufank sollt sinn. Du waars gläich op „deng Plaz“ gesat ginn. Eng Plaz vun där et schwireg war erauszekommen. D’M. wat och mat eis an der Schoul war, an mat deem s de spéider solls en Deel vun deem schwierege Liewen deelen, d’M. war deemools och just e Mëttelklasskand. Hatt konnt wielen. Du net.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , , , , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.