Portrait: Mäi léiwen Dan … (2/4)

Den Auteur ass viru kuerzer Zäit aus der Zeitung gewuer ginn, datt e Kolleg, e Frënd aus Kandheet a Jugend net méi ass. An dëser Serie reflektéiert hien iwwer deen onnéidegen Dout a wéi d’Gesellschaft mat Ausgeloossenen ëmgeet.

E sonnegen Nomëtten an der Natur. Den Dan ass lénks. (© privat)

Kapitel 2: Funghi Troll

No der Primärschoul, eng éischt Segregatioun. Während mär et méi oder wéineger gutt duerch den Opnamexamen an de Classique gepackt haten, waars du an den Technique versat ginn. An den Arts et Métiers wann ech mech richteg erënneren. Joren laang huet een näischt vun eneen héieren. An wien weess wéi wichteg déi Joren vun der fréier Pubertéit sinn, kann sech virstellen, datt de Gruef tëscht eis zimlech séier méi breet ginn ass.

Et waren déi gëllen 1990er-Joren, den Optimismus, d’Ënn vun der Geschicht ma net deen vum Wuesstem louchen an der Loft – obwuel mär sécher net all ze vill dovunner matkritt hunn. Ze vill waren mer domat beschäftegt, eis sëlwer ze fannen, an duerch déi Tréinendäller vun den éischten enttäuschten Léiwten ze manövréieren, eise Weltschmerz – dee mer bei all deem Optimismus déplacéiert, als déi kleng Rebellen déi mer waren als goldrichteg empfonnt hunn – duerch ëmmer méi extrem Musek, Alkohol, Zigaretten an och mol Jointen ze déiden. Jee, wann ech elo drun zeréckdenken war eist Liewen déi Zäit dach en eenzegt Fest. Mir haten eise Café, de Palace um Eck vun der Bieleser Strooss, wou mer Haff gehalen hunn, an eis der Dekadenz higinn hunn, ouni grouss drop opzepassen wat déi aner géifen dovunner halen. Eisen Direkter hat jo um Radio behaapt, houfreg ze sinn an deem Gebäi ze schaffen, dat keng Drogeproblemer hat. De gudde Mann hat Recht: Droge jo, Problem nee.

Matzen an där Zäit – ech muss sou 15, 16 Joer al gewiescht sinn –  bass du nees opgetaucht, quasi aus dem Näischt. An dat obwuel s de knapps zweehonnert Meter vun eisem Palace gewunnt hues. An du waars definitiv net méi dee selwechten. Aus dem klengen quiekenden Däiwel war e rouegen, ofwiesend drakuckenden Teenager ginn – deen éischter mat Blécker wéi mat Wierder kommunizéiert huet. De Grond war wuel en LSD-Trip, deen der net bekomm war, an dee vun do un sollt e stännegen Begleeder vun denger Existenz sinn.

Et war awer net esou, datt s de guer net geschwat hues. Nee, ech erënneren mech nach, datt s de heiansdo ganz offen iwwer deng Problemer geschwat hues: Iwwer d’Hänkebleiwen um Trip, éischt Erfahrungen mat der Psychiatrie, éischt Selbstmordversich. Dann ass eis alleguerten de Mond opstoen bliwwen, an et huet gedauert bis mer nees zur festiver Dagesuerdnung iwwergoe konnten. Ech froen mech lo, op mer all deem deemools net hätten e Stéckchen méi Opmierksamkeet schenke sollen. Vläit wär alles besser ginn. Mä dann och: Wéi sollt eng Band vun gréisstendeels verwinnten Teenager, déi vill mat sech sëlwer beschäftegt waren, eppes besser maachen wéi déi Erwuessen? Nee, ech mengen et war souguer besser esou. Well mer der keen Drock gemaach hunn, well mer net sonnerlech schockéiert waren, hues du dech an eiser Mëtt wuel gefillt. An du hues jo och deng Platz, respektiv däin Numm kritt: De Funghi Troll, halt eben.

Dat war esou an där Period, eis Clique huet net nëmmen zesummegehale, mer haten och alleguerten eis eegen Nimm erfonnt an och eege Begrëffer (an souguer eng Relioun déi sech ganz ëm geschuppte Baustelleluuchten gedréint huet). Dat Ganzt war eng Manifestatioun vu gewollter Ofgrenzung no baussen, de Besoin sech ofzeschiermen. An an eiser Bull has du och deng Platz.

Ech erënnere mech u laang Nomëtteger am Summer an den Nonnewisen oder um Nossbierg, wou mer einfach sou eist Lager opgeschloen hunn an eis bis an d’Nuet an dommen Diskussiounen oder a méi patheteschem Gelabers erginn hunn. U Concerten a Caféen, déi et haut scho längst net méi gëtt (dat war ier de Rock an déi ganz Jugendkultur zu Lëtzebuerg institutionaliséiert goufen), wou mir als jonk Wëller oder wëll Jonker eis komesch Musek zelebréiert hunn, a frou waren ze gesinn, datt mer net nëmmen ënnert eis waren, mä datt et och nach vill aner Leit gi sinn déi sou geduecht a gefillt hunn. Schéi Momenter, déi s du ëfters och mol konnts mat enger klenger vun Ironie ugehauchter Remarque oder Beobachtung beräicheren. Du hues net oft geschwat, mä wann, dann war et meeschtens derwäert.

Ze soen, datt Drogen deemools e wichtegen Deel vun eisem Liewen waren, wär en Understatement. Wa sech och net alles drëm gedréint huet, sou waren se awer meeschtens de roude Fuedem vun eiser Existenz. An den 1990er-Joren waren mer wéi gesot zimlech dépolitiséiert opgewuess, an déi al 68er ënnert eise Proffen sinn eis virkomm wéi nerveg Dinosaurier aus engem aneren Joerhonnert. Sou blouf eis u sech net méi vill aneschters ze maachen, ausser den momentanen Wuelstand ze genéissen an déi puer Reegelen ze briechen déi nach iwwreg waren. Mä trotzdeem war däi Verhältnis dozou en anert, och wann s de dech an eiser Präsenz mat deem zefridden ginn hues, wat vun allen akzeptéiert gouf, wousste mer datt s du scho vill méi wäit gaange waars – während mir eis ni iwwer d’Kiffen ewech getraut hunn.

Ech weess net méi wéi a wéini den Heroin an däi Liewen komm ass. Dat war bei eis souwisou e Reizthema, well schonn en anere Member vun eisem imperialen Cercle sech mat Inbrunst sëlwer erageheit hat, d’M. mat deem s du nach méi wéi eng Sprëtz solls deelen. Wat eis natierlech Suerge gemaach mä net ofgestouss huet. Mir sinn dem M. ëfters bis op d’Gare nogefuer – wéi mer bis Autoen haten – an hu probéiert et vun der Strooss ze kréien. Vir dech hu mer dat ni gemaacht. An ech kann och keng aner Erklärung fannen wéi, datt s de ni duerno gefrot has.

Ma och d’Lycéeszäit ass eriwwer gaangen, an d’Clique huet sech iwwer de Kontinent verdeelt vir ze studéieren. Datt sech eist Verhältnis nees géif änneren, war kloer.


Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !

Flattr this!

Tagged , . Bookmark the permalink.

Comments are closed.