Portrait: Mäi léiwen Dan… (3/4)

Mäi léiwen Dan … elo sinn ech schonn um drëtte Kapitel vun dëser Serie, an ech muss feststellen, d’Leit (oder hier Clickzuelen zumindest) wëllen de Rescht och wëssen. Gutt, en marche comme dirait l’autre.

Eng Foto vu Sprëtzen, déi den Dan der woxx zur Verfügung gestallt hat, fir een Artikel z’illustréieren.

Kapitel 3: Setting Sun

Mäi léiwen Dan… wéi mer bis op der Uni oder besser den Unie waren, huet sech munches geännert. Fir eis, Groussstadkolleren, eidel Konten, nei Welten a Studenteliewen. Fir dech, wuel deng éischt Zäit mat enger voller Tâche als Junkie. Et muss ëm deen Dréi gewiescht sinn, wéi s du an d’M. zum binôme gi sidd, deen een net konnt auserneen dividéieren. Mir hunn eis bal nëmme méi an eise Vakanzen oder Weekender doheem gesinn, an et war fir eis schwéier anzeschätze, wou a wéi déif der gefall waart.

An, éierlech gesot – et ass erschreckend dat haut sou ze gesinn –, hu mer dat Ganzt mat enger Prise Voyeurismus an Exotismus iwwer eis ergoe gelooss. Fir net ze soen, datt der och den Thema vun deem engem oder anere Running Gag waart. Wann nees ee vun enge vun ären „Aventüre“ wousst, ass se séier erëmgeklaapt ginn. Mä och dat war en Deel vun der Symbios: Mir ware Wäschfraen, an an engems och äert treiste Publikum. Zumindest d’M. schéngt dat genoss ze hunn, du, mäi léiwen Dan haass zumindest näischt dergéint.

Ech erënnere mech un är eng bis zwou Viréeën op Paräis. Mier war mulmeg dobäi, iech a meng Wunneng eran ze loossen, obwuel der héich an helleg versprach hat, keen Heroin matzebréngen. Ma schonn deemools wousst ech: Trau kengem, deen sech sëlwer net traut. Ech weess bis haut net wat der a menger Bud gedriwwen hutt, an et ass elo och egal. Di Zäiten si laang eriwwer.

Genee wéi déi Zäiten an ärem Arbeschterhaischen zu Réissen a Frankräich, direkt hanner Däitsch-Oth bei der Grenz. Wann mer nees am Land waren, war dat Haische fir verschiddener vun eis en Unhaltspunkt – fort aus de Mammenhaiser, déi mer jo ofgestouss haten. Ech brauch elo net ze erklären, datt der sécher keng Haushaltsfeen waart. Mä trotz all dem Dreck, deen dorëm loung an de Kazen, déi dra gespillt hunn, hunn ech och angenehm Erënnerungen un déi Plaz. Owender, wou s du Dan den DJ gemaach hues – well Musek war eng vun den wichtegste Saachen an dengem Liewen, du hues och nach di onbekanntste vun de Radiohead B-Sides kannt an opgedriwwen – wou mer zesumme soutzen, gedronk, pardon, gesoff a gedämpt hunn wéi all näischt Gutts.

Mä och déi Zäite waren ambivalent. Ech erënnere mech un zumindest zwee Selbstmordversich – ee vun där an ee vum M. –  an un anere Misär. Dat ganzt tëscht iech zwee huet ugefaange problematesch ze ginn, plus ou moins ëm déi Zäit, wou di meescht vun eis mat der Uni fäerdeg waren. Do huet fir eis, wéi fir dech eng nei Zäit ugefaange – an d’Grief tëscht eis sinn nees manner déif ginn.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.