Prager Fréijoer: En neie lénke Modell, eng Utopie?

Déi alternativ Beweegung aus den 1970er-Joren, déi sech an der Grënnung vun de Gréngen an de Lénken niddergeschloen huet, wor e Kand vun 1968.

Leit aus der tschechoslowakescher Haaptstad Prag 
demonstréiere virun engem sowjetesche Panzer. (Foto: Wikimedia Commons)

„Natürlich ist das Land ein Ort des Wunderbaren“ – sou fängt der Irmtraud Morgner hire formidabele Roman „Leben und Abenteuer der Trobadora Beatriz nach Zeugnissen ihrer Spielfrau Laura“ un. [1] Et geet doran ëm eng Trobadora, also eng Dichterin a Liddersängerin, déi sech, well se déi “mëttelalterlech Welt vun de Männer” verloosse wëll, per Zäitrees aus dem 12. Joerhonnert an 1960er-Jore katapultéiert. De Roman, deen 1974 erschéngen ass, hat souwuel an der DDR wéi an der BRD vill Succès – wat net verhënnert huet, datt d’Schrëftstellerin och an der DDR zenséiert a vun der Stasi iwwerwaacht gouf. Hiren eegene Mann wor informelle Mataarbechter vun der Stasi.

„Gelobtes Land”

Am Roman geet et drëm, datt d’Trobadora Beatriz fir d’éischt am Joer 1968 lant, an zwar matten an der Studenterevolutioun zu Paräis. Mee si mierkt schnell, datt och do d’Benodeelegung vun de Fraen net grondsätzlech geléist ass. Wéi si héiert, datt dat an der DDR anescht wier, mécht si sech op d’Rees no dësem “gelobte Land”. Do erlieft si dann, datt d’Fraen zwar formal selbstbestëmmt kënne liewen, awer an der Praxis nach ëmmer Diskriminéierungen opgrond vun der sozialer Hierkonft a vun dem Geschlecht bestinn. Och am reale Sozialismus ass déi gesellschaftlech Ënneruerdnung vun der Fra just en Niewewiddersproch.

„Natürlich ist das Land ein Ort des Wunderbaren“. D’Zitat weist schonn, wéi d’Irmtraud Morgner versicht huet, mat Ironie a Witz dee Widdersproch tëscht lénker Utopie an Alldagsrealitéit, tëscht Theorie a Praxis vum sozialistesche Modell ze verdäitlechen. Si ass trotz de Schikanen, deene si vun der Stasi ausgesat wor, awer net an de Weste gaang, huet also an engem gewësse Sënn de Projet DDR net opginn.

Anescht den tschecheschen Auteur Milan Kundera, deen eng wichteg Figur am sougenannte “Prager Frühling” gespillt huet, enger Beweegung, déi sech fir méi perséinlech Fräiheet innerhalb vun engem sozialistesche System agesat huet. D’Fréijoer vu Prag ass 1968 quasi zäitgläich mat de Studentenonrouen am Westen ausgebrach. Wärend enger kuerzer Zäitspan ass probéiert ginn, ënnert enger neier politescher Féierung e Reformprogramm duerchzesetzen, deen a Richtung vu méi individueller, politescher a wirtschaftlecher Fräiheet gaangen ass. D’Sowjetunioun an aner Satellittestaaten hunn där Saach awer net laang nogekuckt. Besonnesch op Drock vun der DDR-Féierung gouf entscheet, an der Tschechoslowakei militäresch ze intervenéieren. Den 21. August 1968 koum et zum militäreschen Amarsch an domat zum Enn vum Experiment vun engem reforméierte Sozialismus. Dausende vu Mënsche sinn aus der Tschechoslowakei geflücht.

Als Konsequenz vun de Problemer, déi de Milan Kundera opgrond vu senger ëffentlecher Kritik vu Säite vum System erlieft huet, ass hien a Frankräich an den Exil gaang. A sengem Buch “L’insoutenable légèreté de l’être” setzt hien dem totalitäre System eng individuell Fräiheet an der Sich no Sex a Léift als Oppositioun entgéint. [2] Och an deem Roman geet et hannergrënneg ëm d’Fro, ob een de reale Sozialismus als gescheitert erklären an him de Réck dréine soll, oder ob een am System verharre soll, well en awer eng Alternativ zum kapitalistesche westleche Modell liwwert.

Hoffnungsschimmer

D’Fréijoer vu Prag wor also e kruzialen historesche Moment fir déi international Gauche. A ville westeuropäesche Länner wor et en Hoffnungsschimmer, datt de Kommunismus kéint reforméiert ginn. Den Amarsch e puer Méint méi spéit wor duerfir och fir déi Leit, déi sech der Gauche zougerechent hunn, dat definitiivt Enn vun dëser Illusioun. An déi zwou verschidden Haltungen, déi vun Irmtraud Morgner a Milan Kundera an hire Romaner duergestallt goufen – kritesch Zoustëmmung oder desillusionéiert Ofleenung -, hunn déi europäesch Gauche an de Siwwenzegerjore beschäftegt.

Zwee Bicher, déi sech mat der Bedeitung vun 1968 fir de Sozialismus ausernanersetzen, vun der Irmtraud Morgner a vum Milan Kundera. (Illustration: Wikipedia, Internet)

1968 wor also net nëmmen eng Afrostellung vum westleche Modell vum Kapitalismus, mee och vum Staatssozialismus, wéi en am sougenannten Ostblock geherrscht huet. Wärend eng Rei kommunistesch Parteien an Ost- a Westeuropa an der Suite en neie Kurs ageschloen hunn, blouwen awer anerer, dorënner déi Lëtzebuerger KP, op hirer Moskau- an Ostberlin-treier Linn.

Et ass ëmsou méi bemierkens-
wäert, datt grad zu Lëtzebuerg e Grupp vu Leit zu dësem historeschen Zäitpunkt aus der LSAP erausgaang an an d‘Lëtzebuerger Kommunistesch Partei agetrueden ass, ënnert aneren den Änder Hoffmann, Deputéierte vun der KPL a spéider vun “Déi Lénk”. An engem Interview mat der woxx huet en dat 2011 esou erkläert, datt fir hien, deen als Student nach géint den Amarsch an der Tschechoslowakei protestéiert hat, d’KP déi eenzeg Partei gewiescht wier, déi sech kloer fir d’Aarbechterschaft a géint de Vietnamkrich agesat hätt:

“Bei meinem Eintritt in die KP habe ich meine Haltung zum Einmarsch nicht geändert. Ich kann mich nicht damit entschuldigen, dass ich nicht gewusst hätte, was in der Sowjetunion los war. Damit war ich nicht allein in der KP: Wir glaubten, das stalinistische System habe keine Zukunftschancen, die Reformbewegung werde sich langsam aber sicher in den sozialistischen Ländern durchsetzen und ein reformierter demokratischer Sozialismus sei realisierbar. Das war in der KP aber nicht diskussionsfähig. Es gab also die Wahl, darüber in der KP offen zu diskutieren und als Folge auszutreten, bzw. hinauszufliegen, oder auf ein Umdenken zu hoffen. Die Frage, was richtig gewesen wäre, beschäftigt mich immer noch.” [3] Wéi den Änder Hoffmann hunn der eng ganz Reih d’Fauscht an der Täsch gemaach, an et huet missten zum Fall vun der Mauer kommen, bis an der KPL en oppene Konflikt ausgebrach ass.

Avantgarden

Aner Jonker, déi mat hire Maniffe vun 1968 eng lénk Kritik um politeschen an ekonomesche System ausgedréckt haten, huet den Amarsch a Frontstellung zum reale Sozialismus bruet. Et ass keen Zoufall, datt zu Lëtzebuerg, wéi an den Nopeschlänner och, no neie sozialistesche Modeller gesicht ginn ass. Déi radikaalst Afrostellung vum System, déi sech an Däitschland an aneren europäesche Länner am lénken Terrorismus geäussert huet, huet sech zwar zu Lëtzebuerg net geäussert – och wann d’Lëtzebuerger Wort de Bommeleeër méi spéit a senge Leitartikelen an de lénken Eck gedréckt huet. Mir wëssen haut, wéi Onrecht et domat hat.

Mee déi trotzkistesch Beweegung dogéint huet zu Lëtzebuerg eng Renaissance erlieft, an och de Maoismus koum a Moud. Och wann et sech quantitativ ëm relativ marginal Phenomener gehandelt huet, hunn dës kleng Avantgarden Diskussiounen op Lëtzebuerg bruecht, déi et virdrun net ginn hat. De Maoismus wor awer, och wann e bis an d’LSAP era vill Leit faszinéiert huet, wéinst der brutaler Politik vun der kommunistescher Partei a China wärend der Kulturrevolutioun no enger Rei vu Joren net méi kredibel. Anescht déi trotzkistesch Beweegung, déi bis zur Entstehung vun “Déi Lénk” weider existéiert huet. Mee si huet et zu Lëtzebuerg ni fäerdeg bruecht, déi Leit, ëm déi et hir gaang ass, nämlech d’Aarbechterinnen an d’Aarbechter, ze begeeschteren.

Sou ass an de 1970er-Joren weider no Alternative gesicht ginn. An den neie soziale Beweegungen, déi entstane sinn, huet sech en alternative lénke Modell erausgeschielt, dee méi eng radikal a global Gesellschaftskritik a méi eng utopesch sozialistesch Visioun ausgedréckt huet, an deen als e Kand vun 68 kann ugesi ginn. Dës Visioun huet sech zu Lëtzebuerg fir d’éischt 1979 bei der alternativer Lëscht “Wiert Iech!” geäussert, e puer Joer méi spéit dunn a méi konsistenter Form duerch d’Grënnung vun der Partei “Déi Gréng Alternativ”, wat vill vun deenen haitege Grénge wuel net méi wëssen. Mee och bei deene Lénken, déi e Sammelbecke gi sinn fir d’Iwwerreschter vun den Neie Lénke Beweegungen, schéngt et net allze vill Bewosstsinn ze gi fir dëst historescht Ierwen, mat sengen Utopien a senge Sakgaassen, a sengem gesellschaftlechen Impakt, deen haut nach undauert. Jiddefalls hunn déi béid Parteie bis haut hir Geschicht nach net zu Pabeier bruecht.

Quellen

:
[1] Morgner, Irmtraud: Leben und Abenteuer der Trobadora Beatriz nach Zeugnissen ihrer Spielfrau Laura. Roman in dreizehn Büchern und sieben Intermezzos. Berlin, 1974.
[2] Kundera, Milan: L’insoutenable légèreté de l’être. Roman. Paris, 1984.
[3] www.woxx.lu/linke-die-kritik-wurde-in-der-kneipe-geuebt-nicht-in-den-gremien-der-kp/

Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.