Rassismus: Kolonial Amnesie


Dem Fränz Hausemer säi Film „Schwaarze Mann” werft Froen op iwwert d’Historiografie zu Lëtzebuerg.

Dem Romain Hilgert an dem Régis Moes hir Bicher sinn zwou vun deene rare Publikatiounen, déi sech mat der Lëtzebuerger Kolonialgeschicht befaassen.

Wéi ech Enn Mäerz op d’Avant-Première vum Fränz Hausemer sengem Documentaire „Schwaarze Mann” goung, wor ech net nëmme begeeschtert iwwert ee gutt gemaachenen an uspriechende Film zum Thema „Schwaarz-Sinn zu Lëtzebuerg”. Ech sinn och zimlech erschüttert aus deem Film erausgaang, well ech mer als Historikerin Froe gestallt hunn.

Vum Personnage, ëm deen et am Film geet, dem Jacques Leurs, hat ech nämlech nach ni eppes gehéiert. Dee Mann, deen net nëmmen ee vun den éischte méi bekannte Lëtzebuerger mat donkler Hautfaarf wor, mee och eng impressionant Carrière als Gewerkschaftler a Politiker gemaach huet, ier e schonn am Alter vun 58 Joer gestuerwen ass, wor mir total onbekannt. An opwuel ech laang Joere esouguer Member vum Eisebunnerverband wor, huet ni ee mer vun dësem Personnage geschwat.

Fir d’Bedeitung vun deem Personnage richteg ze verstoen, muss ee sech bewosst maachen, wat dat fir eng Zäit wor: Et wor eng Zäit, wou d’Leit nach vun „Neegere” geschwat hunn, wou et an den USA nach gesetzlech legitiméiert Rassendiskriminéierung gouf, wou d’Kolonialzäit knapps réischt zu hirem Enn koum, a wou d’Lëtzebuerger Regierung verhënnere wollt, datt capverdianesch Portugisen a Portugisinnen géifen immigréieren.

„Circulez, y a rien à voir”

Den erstaunleche Fait, datt e Schwaarzen an där Zäit esou eng Carrière zu Lëtzebuerg gemaach huet, schéngt awer laang guer net thematiséiert ginn ze sinn. Dat mierkt een och, wann ee sech déi eeler Jubiläumsbroschüren ukuckt, déi d’Eisebunner-Gewerkschaft erausginn huet. An där vun 1984 zum Beispill fällt just e puer mol dem Jacques Leurs säin Numm: eng Kéier, well en nom Eisebunnerstreik vum 11.10.1949 ënner deene wor, déi kuerzzäiteg hir Aarbecht verluer haten, well se fir besser Léin gestreikt haten; an dann, well en iwwer Joren Trésorier vun der Gewerkschaft wor. [1] An zu sengem Doud huet et kuerz a knapp ge-
heescht: „Am 25. November verschied unser Verbandskassierer, Jacques Leurs. Ehre seinem Andenken.”

A wann een zäitgenëssesch Presseartikelen zu Gewerkschaftskongresser liest, dann huet een den Androck, datt ëm de Fall Jacques Leurs net vill Ophiewens gemaach gouf. Och am Ben Fayot senger Geschicht vum Sozialismus zu Lëtzebuerg, déi Enn der 1980er-Joren erauskoum, gëtt de Fait, datt mam Leurs e Schwaarzen erfollegräich fir d’Gemengewahle kandidéiert hat, net erwähnt. Esouguer am ganz rezente Band iwwert d’FNCTTFEL kënnt de Parcours vum Jacques Leurs net zur Sprooch. [2]

Lo kéint ee jo soen, datt dat Net-Erwähnen einfach eng zäitgenëssesch Haltung gewiescht wier. „Circulez, y a rien à voir”, dat kennt een aus där Zäit och nach bei Membere vun anere Minoritéiten. Sou gouf bei jiddesche Leit hir Relioun an der Press oft net erwähnt, mol net, wa se Affer vum Holocaust gi woren.

Déi Haltung erkläert sech sécher zum Deel aus engem egalitäre Bestriewen eraus, datt een eben d’Leit net soll no rassisteschen oder reliéise Kritäre sollt bewerten. E Versuch, Inklusioun vu Minoritéiten duerch Net-Benennen ze erliichteren. Mee et wor awer zugläich och eng konformistisch Haltung nom Motto: „Iwwer Aneschtsi wéi de Mainstream schwätzt een net”. An eiser Gesellschaft ass d’Normalitéit männlech, hetero, wäiss a chrëschtlech definéiert, dat spiggelt sech haut nach an der Sprooch erëm. Gläichheet konnt laang Zäit nëmmen duerch Assimilatioun geschéien: Just wien net opgefall ass, gouf akzep-
téiert. Deem Assimilatiouns-Modell stoung wéi am Fall vum Jacques Leurs awer d’Hyper-Visibilitéit vun enger minoritärer Hautfaarw entgéint. Déi Hyper-Visibilitéit gouf am gesellschaftlechen Ëmgang einfach ausgeblend.

Produkt vum Kolonialismus

Mee och spéiderhi gouf dem Jacques Leurs säin impressionante Liewenswee net erfuerscht. An iwwer d’Parteien a Gewerkschaftsgeschicht eraus huet sech an der Historikerzunft kee fonnt, deen dëst Schicksal beschriwwen an analysiéiert hätt. Et huet missten e Regisseur wéi de Fränz Hausemer kommen, fir ze gesinn, wéi interessant dëst Schicksal wor an ze analyséieren, wéi déi zäitgenëssesch Lëtzebuerger Gesellschaft mat deem Personnage ëmgoung. De Film weist och, datt sech dobäi duerchaus och Beispiller vu Rassismus geäussert hunn.

Dat Net-Erwähnen ass menger Meenung no keen Zoufall. Wann esou schwiereg Theme wéi de Rassismus an de Kolonialismus geschichtlech zu Lëtzebuerg eréischt vill méi spéit wéi an anere Länner ugepaakt gi sinn, dann hat dat net nëmme mat Onbehollefheet ze dinn, mee och mat ganz konkrete Konflikter, an déi Lëtzebuerg duerch seng Partizipatioun um belsche Kolonial-Projet gerode wor. Vill Lëtzebuerger Famillen hate Familiememberen, déi dorun op déi eng oder aner Manéier deelgeholl hunn. De Jacques Leurs, deen seng perséinlech Existenz dësem Kolonial-Projet ze verdanken hat – säi Lëtzebuerger Papp hat als Fonctionnaire an enger belscher Kolonialfirma am Congo déi Fra kennegeléiert, déi dem Jacques Leurs seng Mamm sollt ginn -, huet déi ganz Problematik vun de koloniale Verhältnisser verkierpert.

Eng aussergewéinlech Carrière: de Jacques Leurs als Trésorier vum Eisebunnerverband. (Fotoen: Samsa Films)

Mee och de Fait, datt de Leurs zu Lëtzebuerg trotzdem konnt déi Carrière maachen, wier eng geschichtlech Analys wäert gewiescht. Hat dat domat ze dinn, datt hien, fir an där rassistescher Logik ze bleiwen, nëmmen en halwe Schwaarze wor? Oder huet einfach seng Lëtzebuerger Nationalitéit priméiert? Sécher huet och de Fait matgespillt, datt de Leurs en Enzelfall wor, där et der zu Lëtzebuerg just eng Handvoll gouf, an och seng gutt schoulesch Ausbildung, déi ëm d’Liewe méi einfach gemaach huet. Hei kann een Analogië feststelle mat dem Liewenswee vun der Jeannine Herrmann-Grisius, Kand vun engem Lëtzebuerg an enger Ruandesin, déi Ufank vum Joerdausend hir Mémoiren am Buch „Le visage oublié“ festgehal huet a sech selwer als „Produkt vum Kolonialismus“ bezeechent huet. [3]

Während de Jacques Leurs sech duerch seng Agebonnenheet an d’gewerkschaftlecht Liewen an Denken konnt eng mental Distanz zum Phenomen vum Rassismus opbauen, huet si sech déi Distanz duerch eng kosmopolitesch Approche geschaf a sech als lassgeléist vun der Iddi vun engem Ursprongsland bezeechent.

Datt keen sech mat deene Froen ausernanergesat huet, seet och eppes iwwert déi Lëtzebuerger Geschichtsfuerschung aus. Sécher, och an anere Länner hu sech Colonial Studies a Rassismus-Fuerschung eréischt zanter den 1970er-Joren entwéckelt, an dat am Ufank och éischter a marginale Sphären – analog zum Beispill zur Fraen- a Gendergeschicht. Mee et ass awer frappant, wéi genausou analog zu dëse Geschichtsfelder, bis an d’Nonzegerjoren eran zu Lëtzebuerg näischt passéiert ass – zu engem Zäitpunkt, wou sech dat an anere Länner schonn definitiv geännert hat. An et kann een eigentlech, ähnlech wéi et an der Fraen- a Gendergeschicht diagnostizéiert gouf, vun enger Onsiichtbarkeet schwätzen, déi vun den traditionellen Historiker net problematiséiert gouf. Déi éischt méi déif wëssenschaftlech Ausernanersetzung mat der Lëtzebuerger Participatioun um koloniale Projet, dem Régis Moes seng Analys iwwert d’Lëtzebuerger Communautéit am belsche Congo, datéiert ëmmerhi vun 2012.

Onsiichtbarkeet vun der Kolonialgeschicht

Wann ee sech déi ëmmer nach eenzeg Lëtzebuerger Geschichtszäitschrëft „Hémecht” ukuckt, déi aus dem kathoulesche Milieu eraus entstan ass, da gesäit een, datt sech do méi fundamental réischt eppes am 21. Joerhonnert geännert huet, virdrun huet ee sech léiwer mat Lëtzebuerger Weekräizer, Archeologie oder dem Zweete Weltkrich befaasst. Mee a méi lénksgeriichten Zäitschrëfte wéi der „Galerie” blouwen sou Theme geneesou laang onbehandelt. Am Zentrum vun der sozialgeschichtlecher Fuerschung stoung joerzéngtelaang d’Aarbechterbeweegung, lues a lues gouf donieft och d’Immigratioun zu engem Thema.

De Régis Moes schreift a senger Aarbecht vun enger „absence du souvenir de la participation luxembourgeoise au système colonial dans la sphère publique” no der Dekoloniséierung a stellt fest: „La place de l’histoire coloniale luxembourgeoise dans la sphère publique se rétrécit comme peau de chagrin dans les années 1960 à 1980.” De Kolonialismus wier moralesch als Ausbeutungssystem bewäert ginn a wier net méi salonfäheg gewiescht. Eréischt ab den 1990er-Jore wier en neien Interessi un enger kritescher Kolonialgeschicht opkomm, besonnesch mam Romain Hilgert senger Publikatioun „Banken, Kaffi, Hädekanner.” [4]

De Jacques Leurs: Eisebunner, Gewerkschaftler, Politiker – mee och sportlech aktiv an naturverbonnen.

Et fënnt een dëst Stillschweigen natierlech och an anere Länner. [5] Fir Holland stellt den Ulbe Bosma dee selwechte Phenomen vun Invisibilitéit vun der Kolonialgeschicht fest. [6] Een interessant Beispill ass d’Schwäiz, déi wéi Lëtzebuerg selwer och keng Kolonien hat, mee awer iwwer de Wee vun Handelsfirmen, Plantagebesëtzer oder Zaldote mat dorun Deel geholl huet. Am Buch „La Suisse et l’esclavage des Noirs“ geet och vun enger „kolonialer Amnesie” Riets.

Haut, an enger Lëtzebuerger Gesellschaft, wou ënnerschiddlech Hautfaarwe méi oder manner zu enger Normalitéit gi sinn, schéngt den Assimilatiounsmodell engem Modell vu Multikulturalismus Plaz gemaach ze hunn, deen awer oft Abstraktioun mécht vun der kolonialer Vergaangenheet vun Europa am Allgemengen, a vu Lëtzebuerg am Besonneschen. Mee zanter e puer Joer gëtt et, ronderëm d’Aarbecht vun den Immigratiouns-ONGen, awer am Kader vun der Uni-Lëtzebuerg, en neien Intérêt fir dës Thematik, a grad och an engem postkolonialen Usaz, deen d’Konsequenze vum Kolonialismus bis haut abezéit. Och d’Lëtzebuerger Geschichtsfuerschung schéngt also endlech en Tournant matzemaachen.

Quellen:

[1] Fédération nationale des cheminots, travailleurs du transport, fonctionnaires et employés luxembourgeois: 75 Joër Landesverband, 1909-1984. Luxemburg 1984.
[2] 100 Joer FNCTTFEL Landesverband, 
1919-2009, Luxembourg 2009.
[3] Herrmann-Grisius, Jeannine: 
„Ma maman colonisée, mon papa colon“, Interview, in woxx, 644 (2002), S. 12.
[4] Hilgert, Romain: Banken, Kaffi, Hädekanner, 500 Jahre Luxemburg und die Dritte Welt, Luxemburg 1992.
[5] Thomas David, Bouda Etemad, Janick Marina Schaufelbuehl: La Suisse et l’esclavage des Noirs, Lausanne 2005.
[6] Bosma, Ulbe (Hg.): Post-Colonial Immigrants and Identity Formations in the Netherlands, Amsterdam 2012.

Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.