Rietspopulismus: Wéi eng Mëtt?

Am Summer virun zwee Joer war et net méiglech se net blären ze héieren. Mee zënter se de Referendum „gewonnen“ hunn, ass et vermeintlech méi roueg ëm de „Wee2050/Nee2015“ ginn. Eng trügeresch Rou an där och e Kär Radikalisatioun läit.

(Foto: Screenshot „Wee2050/Nee2015″)

Ween sech langweilt an e verreenten Dag op Facebook well verbréngen, deem ass nëmmen unzeroden d’Säit vun „Wee2050/Nee2015“ unzeklicken, e klenge kriteschen Kommentar ofzeginn an dann e puer Minutten ze waarden. Zimlech séier kritt Der garantéiert e klengen oder gréisseren Shitstorm lassgetrëppelt. De Problem ass deen: duerno ass kee méi schlau ginn. Well: De Modus Operandi vun „Wee2050/Nee2015“ ass genee dat. Pöbelen, ugräifen an all ofwäichend Meenung als ongülteg erklären. Ween net mengt, datt déi franséisch Sprooch dat ultimatiivt Béist ass, ween sech net panesch an d’Box mecht virum Wuesstem vum Land an de Frontalieren an den Auslänner déi do nach kommen wäerten, dee gett zimlech séier als elitär, onpatriotesch, jee als Net-Lëtzebuerger ofgestempelt, deen net zou der selbsterkläerter „politescher Mëtt gehéiert“.

Hannert dem ganzen Discours vun „Wee2050/Nee2015“ verstoppt sech schon laang kee konstruktiven Meenungs-austausch iwwert d’Sproocheproblematik, mee eng politesch riets-populistesch Agenda.

Ween sech de Wee ukuckt den de „Wee2050/Nee2015“ zënter zwee Joer hannert sech bruet huet, kënnt net derlaanscht festzestellen, datt sech d’Methoden wéi déi Organisatioun probéiert hir Usiichten z’imposéieren ëmmer méi drastesch gi sinn. Neierdéngs versichen se et mat enger Method, déi och d’AfD an Däitschland ëmmer nees opzitt: de perséinlechen Ugrëff an d’Diffamatioun vu Leit, déi net hirer Meenung sinn. Sou geschitt mat der Presidentin vun der Asti, der Laura Zuccoli, déi anscheinend net dierft Expertin sinn an engem Comité iwwert d’Aféieren vum Franséischen an de Spillschoulen – well si anscheinend net neutral wär. An anere Wierder ze lénks, onpatriotesch an lëtzebuergfeindlech. Lo kann ee vun der Madame Zuccoli halen wat ee well, mee et däerf een eppes net vergiessen: Et war d’Asti déi scho viru Joerzéngten Lëtzebuergesch als Integratiounssprooch gefërdert huet, a Coursen fir Auslänner organiséiert huet. Do gëtt also op eng Repräsentantin vun engem Veräin geklappt, ier s’iwwerhaapt eng Ausso gemaach huet. Ween esou virveruerteelt kann einfach net eescht geholl ginn.

(Foto: Screenshot „Wee2050/Nee2015″)

Sécher et gëtt Meenungsfräiheet, an déi deckt och konservativ Meenungen. Mee, et geet hei net drëm wat déi Meenung ass, et geet drëm wéi se vermëttelt gëtt. Hannert dem ganzen Discours vu „Wee2050/Nee2015“ verstoppt sech scho laang kee konstruktiven Meenungsaustausch iwwert d’Sproocheproblematik mee eng politesch rietspopulistesch Agenda. An dat ass e falscht Spill, dat Rietspopulisten a ganz Europa sou bedreiwen. Ënnert dem Deckmantel vun der Meenungsfräiheet Minderheiten diskriminéieren. Den Thilo Sarrazin huet et virgemaach, a „Wee2050/Nee2015“ afen him – an nach villen aneren – et no. Sécher, s’als „völkisch-nationalistisch“ ze bezeechnen (wéi verschidde vun hire Géigner an de sozialen Netzwierker et maachen) ass iwwert d’Ziel eraus geschoss. Well am Fong perpetuéieren „Wee2050/Nee2015“ nëmmen eng al Traditioun vun der extrême droite à la luxembourgeoise: d’Sproocheproblematik mëssbrauchen fir Auslänner a politesch Géigner unzegräifen. Wat bleift hinnen soss aneschters iwwreg an engem Land mat 47,7 Prozent Auslänner?

An dat ass am Fong schued. Well et gëtt effektiv eng Sproocheproblematik hei am Land iwwert déi mer schwätzen mussen. An jo, d’Léisungen vun dëser Regierung sinn och vläit net déi bescht. Mee wien sou agéiert wéi „Wee2050/Nee2015“, blockéiert all rationell Diskussioun an huet sech domat sëlwer disqualifizéiert.


Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.