Samuel Hamen : V wéi vreckt, W wéi Vitess

Dem Samuel Hamen seng éischt Erzielung beweist, datt een net muss en ale Granzert si, fir béis a granzeg lëtzebuergesch Literatur ze schreiwen.

Et schéngt e Fluch op der lëtzebuergescher Literatur ze léien: Vu lauter Äifer an hirer Mammesprooch ze schreiwen, vergiesse vill Schrëftsteller*innen, datt se och nach e Schluss fir hir Geschicht musse fannen. Dat gëllt och fir „V wéi vreckt W wéi Vitess“ vum Samuel Hamen. Mee dat ass dann awer och quasi dat Eenzegt, wat een dësem Buch ka virgeheien.

Den Auteur geet nawell zimlech gerass vir, fir säi Wierk an der heiteger Literaturlandschaft anzebrennen. Dat andeems en aner bekannte Schrëftsteller*innen einfach abënnt: Sou emmerdéiert den Haaptpersonnage ëmmer nees de Guy Helminger iwwer Voicemail, versteet näischt vum Tullio Forgiarini sengem Franséisch a probéiert sech net virun der Claudine Muno (Uff! Eng Fra!) ze blaméieren. Den Devid Risch ass nämlech sou eng Perséinlechkeet, déi sëlwer gäre Schrëftsteller wär, op jidde Fall bilt e sech dat an. An dat ass beileiwen net dat Eenzegt, wat sech dee komesche Vull alles an de Kapp setzt.

D’Lieser*in suivéiert hien duerch e puer Sessioune bei sengem Psychiater um Lampertsbierg (wou een sech och d’Fro stellt, op sech hannert dem Dr. Coster net och e reelle Personnage verstoppt), déi hien tëscht iwwerméissegem Alkoholkonsum, de Léit op d’Schlappe goen a Selbstbematleedeedung méi oder manner gutt absolvéiert.

Hien huet massiv Problemer Realitéit a Fiktioun auserneen ze halen a kritt et net hin éierlech mat sech oder sengem Dokter – vun deem e virun allem Psychopharmaka well – ze sinn. Dat bréngt eng méi tragesch wéi komesch Biographie op de Plang, déi sech a senge lëschtegen Tirade géint d’Mënschheet, an d’Lëtzebuerger virun allem, spigelen.

Vum Stil hier, probéiert de Samuel Hamen därbaants al lëtzebuergesch Wierder nees zum Liewen ze erwächen, wat heiansdo ganz gutt geléngt, vun Zäit zur Zäit awer  de Liesflow nawell zimlech kann ënnerdrécken.

Mam Devid Risch ass op jidde Fall e weidere lëtzebuergeschen Anti-Held opgetaucht, deen duerch säi Veruechte vun der lëtzebuergescher Mediokritéit (zu där e sëlwer bäidreet a gehéiert) all de linguistiko-identitäre Sproochmatessen, déi elo a Virwahl-Zäite wéi gëfteg Champignonen aus dem Buedem spréissen, kräfteg op d’Schong seecht. An deem Sënn: Wëllkomm! Mir freeën eis op dat nächst Buch!

V wéi vreckt, W wéi Vitess ass bei Editions Binsfeld erauskomm.


Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged , , , .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.