Symbolpolitik: Vum Sockel gestierzt

Monumenter hu sou vill mat der Géigewaart wéi mat der Vergaangenheet ze dinn. 
Dat gesäit ee gutt um Beispill vum Kolonialismus.

Déi fréier Rue Richepance zu Paräis, nom Generol, deen 1802 fir déi bluddeg Ënnerdréckung vun enger Sklaverevolt op der Guadeloupe verantwortlech wor. (Quell: WikiCommons)

Dëse Summer wor an den USA e Summer vun der Konfrontatioun. Nieft villen anere Streidereien tëscht dem President Trump an der US-amerikanescher Oppositioun goung et och ëm d’Ofrappe vu Monumenter fir Protagoniste vun der Sklaverei. D’Manifestatiounen, die schnell eskaléiert sinn, hu gewisen, wéi vill Konfliktstoff d’Sklaverei an de Rassismus, ob deem sengem Fundament se konnt opgebaut ginn, haut nach enthalen. D’Gewalt vu Säite vun de „White Supremacists“ huet souguer zu engem Doudesaffer gefouert: Eng jonk Fra koum dobäi ëm d’Liewen.

Mobiliséierung

Wéi kann et sinn, datt e Sträit ëm Monumenter zu esou Suite féiert? Nach dozou zu engem Thema, dat dach eigentlech längst giess ass, oder? Natierlech ass kloer, datt Monumenter net einfach esou an der Landschaft stinn, mee datt hiert Opriichten oder hiert Ofrappen eppes mat politescher Aktualitéit a mam Ëmgang mat der Vergaangenheet ze dinn hunn. Si drécken och aus, datt eng Majoritéit vu Leit, oder eng politesch dominant Kraaft eng bestëmmte Vue vun der Welt respektiv vun der Vergaangenheet huet. Déi Majoritéit oder dee Pouvoir ka wiesselen. E Lëtzebuerger Beispill ass d’Gëlle Fra, déi 1923, an Erënnerung un d’Lëtzebuerger Poilüen opgeriicht gouf, déi am Éischte Weltkrich a franséischen an a belschen Arméie matgekämpft haten. Dat wor och eng Fassong, fir sech op d’Säit vun de Vainqueuren ze stellen, déi sech vun der éischter wéineg couragéierter Haltung vun der Lëtzebuerger Regierung am Krich ofgehuewen huet. Dowéinst huet d’Gëlle Fra och 1940 de Cheffe vum Nazi-Regime net gepasst, a si gouf kuerzerhand ofgerappt. Nom Krich krut dat, wat vum Monument iwwreg wor, eng nei Bedeitung als Erënnerung un den Zweete Weltkrich. Awer eréischt 1985, an engem Kontext vun nationalisteschem Repli zu Lëtzebuerg, gouf d’Gëlle Fra nees opgeriicht.

Den Historiker Benoît Majerus schreiwt: „Die Errichtung von Denkmälern bietet immer auch die Möglichkeit, lokale politische oder andere gesellschaftliche Identitäten zu stärken. Durch das gemeinsame Aneinander-Denken wird das soziale Netz erneuert. […] Die Finanzierung mittels öffentlicher Spendensammlung trägt zur Schaffung einer identitären Gemeinschaft bei; das Abdrucken der Namen in einer zu diesem Anlass herausgegebenen Festschrift erlaubt ein öffentliches Bekenntnis.“ [1]

Monumenter hunn also net nëmmen en Zesummenhang mat vergaangener, mee och mat aktueller Politik, a mat Mobiliséierung vun ideologesche Virstellungen. Si sinn duerfir och méi amovibel, wéi d’Material aus Steen oder Metall et ausdréckt. Zum Beispill, wa kulturell bedeitend reliéis Skulpture vun Islamiste gesprengt ginn.

Imposant woren och méi rezent d’Stalinen an der fréierer Sowjetunioun an an anere Länner vum Ostblock. Wéi deen zesummegebrach ass, koum et iwwerall zu Manifestatiounen, bei deenen déi Kolossen zum Deel eegenhänneg ofgerappt goufen: eng symbolesch Aart a Weis, sech den ëffentleche Raum zréck ze erueweren. Haut ass et awer scho rëm anescht, well a Russland ginn alt nees nei Monumenter zum Diktator Stalin sengen Éieren opgeriicht.

Ass d’Saach mat de Monumenter dann elo einfach eng vu wiesselnde politesche Konjunkturen? De Sträit ronderëm d’Monumenter fir Sklavenhalter an den USA weist zumindest, datt et an enger demokratescher Gesellschaft Grondwäerter gëtt, déi als Riichtwäert fir politesch Symbolpolitik gëllen a mat deenen dës Politik kann a Konflikt geroden. Oder och, datt deen Arrangement, deen an enger Gesellschaft implizit geholl gëtt, fir e bestëmmte Passé mat deene Grondwäerter ze vereinbaren, mat deenen en eigentlech kollidéiert, net méi tenabel ass. An der russescher Gesellschaft schéngt et am Moment méiglech ze sinn, ëm Stalin seng Gräueltaten ze ignoréieren, fir e weider kënnen als sowjeteschen Held vum Zweete Weltkrich ze feieren. An den USA dogéint ass et zumindest fir e groussen Deel vun der Gesellschaft net méi akzeptabel, am 21. Joerhonnert nach fréier Sklavenhalter ze éieren. Vill vun deene Monumenter stamen iwwregens net aus där Epoch, déi se illustréieren, mee si vill méi spéit opgeriicht ginn, wat drop hiweist, datt d’Evocatioun vun der angeblech glorräicher Geschicht vum Sklavenhandel strategesch Ursaachen hat. Zugläich seet dee Konflikt ronderëm d’Monumenter awer och eppes doriwwer aus, datt an der haiteger US-amerikanescher Gesellschaft weiderhin Exklusionsphenomener opgrond vu rassisteschen Attitüde bestinn.

Protest géint d’Monument fir 
de rassistesche Südstaategenerol 
Robert E. Lee zu Richmond. (Quell: WikiCommons)

Excès de mémoire?

Méi no bei eis, a Frankräich, huet déi Fro och eng Portée. An et ass e Symbol vu ganz héijem Rang, wat hei zur Dispositioun steet: den Napoléon Bonaparte. D’Franséisch Revolutioun hat eigentlech d’Sklaverei schonn ofgeschaaft an d’Populatiounen aus de Kolonie wuertwiertlech vun hire Kette befreit. Mee 1802, kuerz nodeem hien sech un d’Muecht geputscht hat, huet den Napoléon d’Sklaverei nees rétabléiert. Ëmmerhin huet e sech 1815, kuerz viru Schluss, nees anescht beduecht. Déi zwou Kéiere goung et mindestens sou vill ëm ekonomesch oder Krichstaktik wéi ëm déi prinzipiell Fro vun der Gläichheet vun alle Leit. Wierklech a Fro gestallt gouf d’Sklaverei awer eréischt duerch en Dekret vun der franséischer Regierung am Revolutiounsjoer 1848. Et hätt ee wahrscheinlech zu Paräis an an anere franséische Stied vill Aarbecht, wann een all deene wéilt d’Éierung duerch e Monument oder eng Strooss entzéien, déi de près oder de loin um kolonialen an esklavistesche System bedeelegt woren. Stied wéi Bordeaux, Nantes oder Le Havre si räich ginn als Hafe vum Sklavenhandel.

Wéi also virgoen? A Frankräich sinn eng Rei vun Initiativen entstan, déi besonnesch bei Monumenter oder Stroossen fir Leit, déi sech quasi nëmmen duerch hir Méritë fir de Sklavenhandel ervirgedoen hunn, Ännerunge revendiquéieren. Déi eng fuerderen Ëmbenennen oder Eliminéieren, déi aner eng pädagogesch Aarbecht a Form vun Explikatiounstafelen op kruziale Plazen, vun neie Monumenter op anere Plazen, déi d’Geschicht nees solle riichtréckelen, oder vu Stadféierungen oder Schoulaktivitéiten.

„Excès de mémoire? Repentance masochiste?“, huet duerfir déi franséisch Zeitung „Libération“ an engem Dossier zum Thema Ëmgang mam franséische Sklavenhandel kritesch gefrot. Mee si huet och festgehal: „En revanche, la persistance dans les villes de France de certaines plaques célébrant la mémoire d’armateurs enrichis dans la traite, ou encore la présence du nom de Richepance dans certaines rues, alors que ce général a commis d’immondes massacres en Guadeloupe, choquent légitimement la mémoire républicaine, pas seulement dans les communautés antillaise ou africaine.“ [2]

Blockagen

Fir déi Responsabel vun de Stied a Gemenge stellen sech bei méi wäitgoende Revendicatiounen natierlech direkt Froe vu Praktikabilitéit. Ännere vu Stroossennimm bedeit zum Beispill kollektiv Adressen-Ännerungen, bei Monumenter ginn et finanziell a Gestaltungs-Défien. Mee geet et och ëm politesch Sensibilitéiten, well grad och a Frankräich fënnt nach laang net jiddereen, datt déi national Vergaangenheet net ganz sou glorräich wor, wéi een dat fréier an der Schoul geléiert hat. An et ass och e Fait, datt net jiddereen de Gläichheetsprinzip an der franséischer Gesellschaft wierklech matdréit. Wa Monumenter a Stroosse bestoe bleiwen, an der Hoffnung datt d’Leit vum selwen eng kritesch Aschätzung dovu kënne maachen, ass dat dofir vläicht awer iwweroptimistesch. Wéi et jo och d’Vehemenz vum Blockage an den USA bewisen huet.

D’Statue vum Robert E. Lee zu New Orleans gëtt demontéiert. (Quell: WikiCommons)

Déi Muechtkämpf, déi am ëffentleche Raum ronderëm d’Deitung vun der Geschicht oflafen, sinn awer oft esou subtil, datt een se net gesäit. Well nieft deene Monumenter, déi do sinn, gëtt et der jo och, déi feelen: Sou sicht een an der Belsch wuel laang op engem Monument oder enger Stroosseplack den Numm vum Patrice Lumumba, deen Numm, dee fir d’Onofhängegkeet vum Congo steet, während d’Zuel vu Stroossen a Monumenter, déi belsche Kolonialiste gewidmet sinn, héich ass an an de leschte Joeren eng Rei Monumenter, déi de Kolonialismus verherrlechen, restauréiert goufen.

An zu Lëtzebuerg? Spillt hei souzesoen „Die Gnade der Spätgeborenen“, well den Héichpunkt vum Sklavenhandel schonn eriwwer wor, wéi d’Land onofhängeg gouf an eng eege Politik konnt entwéckelen? A well fir dee klenge Staat déi Fro iwwerhaapt net zur Debatt stoung? Et ass gewosst: Als hollännesch Untertane wore munch Lëtzebuerger Zaldoten och u Kolonialkricher bedeelegt. Lëtzebuerger Missionaren a Missionarinnen hu gehollef, an anere Kontinenter d’Wohltate vun der chrëschtlecher Zivilisatioun ze vermëttelen. Heiheem hunn d’Wiewereien och Kotteng verschafft, dee vun amerikanesche Sklaven a Sklavinne gepléckt gi wor. [3] An an déi brutal Kolonialpolitik vun der Belsch am afrikanesche Kongo woren och Lëtzebuerger implizéiert. [4] Méi generell wor Lëtzebuerg industriell an ekonomesch an den europäesche Kolonialprojet agebonnen. Um Niveau vun de Monumenter huet sech dat awer éischter wéineg niddergeschloen, Lëtzebuerger Symbolpolitik huet sech gréisstendeels op den Zweete Weltkrich an d’Befreiung fokusséiert. Ëmgedréit schéngt et just een afrikanesche Befreiungskämpfer ze ginn, deem bis elo zu Lëtzebuerg d’Éier vun engem Stroossennumm zoukomm ass, an dat ganz rezent: den Nelson Mandela. Zu Esch gouf dobäi zugläich och d’Bure-Strooss ëmbenannt: Dat wor eng vun de rare Stroossen, duerch déi scho méi fréi op e Befreiungskampf higewise gi wor. Mee et wor dee vun de Buren a Südafrika – deenen hir Virfaren aus Holland komm woren – géint d’Englänner, e Kampf deen op Käschte vun der lokaler südafrikanescher Bevëlkerung gefouert gi wor. D’Afrostellung vum koloniale System ass also och bei eis nawell spéit komm.

Dëse Beitrag gouf fir d’éischt den 12. Oktober 2017 an enger Audio-Versioun um Radio 100,7 iwwerdroen.


Quellen: 
[1] Majerus, Benoît: Besetzte Vergangenheiten. Erinnerungskulturen an den Zweiten Weltkrieg in Luxemburg – eine historiografische Baustelle, 
in: Hémecht (2012), 23-43.
[2] Esclavage. La France aussi a ses fantômes [Dossier], 
in: Libération, 23.8.2017, 2-5.
[3] Hilgert, Romain: Banken, Kaffi, Hädekanner: 500 Jahre Luxemburg und die Dritte Welt, Luxemburg 1992.
[4] Moes, Régis: Cette colonie qui nous appartient un peu. La communauté luxembourgeoise au Congo belge 1883-1960, Luxembourg 2012.

Cet article vous a plu ?
Nous offrons gratuitement nos articles avec leur regard résolument écologique, féministe et progressiste sur le monde. Sans pub ni offre premium ou paywall. Nous avons en effet la conviction que l’accès à l’information doit rester libre. Afin de pouvoir garantir qu’à l’avenir nos articles seront accessibles à quiconque s’y intéresse, nous avons besoin de votre soutien – à travers un abonnement ou un don : woxx.lu/support.

Hat Ihnen dieser Artikel gefallen?
Wir stellen unsere Artikel mit unserem einzigartigen, ökologischen, feministischen, gesellschaftskritischen und linkem Blick auf die Welt allen kostenlos zur Verfügung – ohne Werbung, ohne „Plus“-, „Premium“-Angebot oder eine Paywall. Denn wir sind der Meinung, dass der Zugang zu Informationen frei sein sollte. Um das auch in Zukunft gewährleisten zu können, benötigen wir Ihre Unterstützung; mit einem Abonnement oder einer Spende: woxx.lu/support.
Tagged .Speichere in deinen Favoriten diesen permalink.

Kommentare sind geschlossen.