Am Bistro mat der woxx #242 – Gréngt Resultat bei de Gemengewalen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Den 9. Juni ware Gemengewalen zu Lëtzebuerg, an dat schlecht Resultat vun Déi Gréng huet d’Partei äiskal erwëscht. Am Podcast gi mir op d’Sich no den Ursaache vun de Stëmmeverloschter. Ass et wierklech nëmmen, well esou vill nei Leit op de Lëschte vun Déi Gréng ugetruede sinn, oder ginn et och nach aner Grënn, wéi zum Beispill déi vill Krisen, déi staark Suergen an de Wonsch no Stabilitéit ausléisen? Mir kucken eis och un, wat d’Partei elo maache kann, fir bei de Nationalwale besser ofzeschneiden. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #241 – Themen, déi am Gemengewalkampf ze kuerz komm sinn

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Just virun de Gemengewale widme mir eis deenen Themen, déi am Walkampf ze kuerz komm sinn. Engersäits ass dat d’Gläichstellungspolitik. Et gi just 16 Buergermeeschterinnen am Land, wat gutt wéist, datt hei nach vill Efforten ze maache sinn, och wann déi kommunal Gläichstellungspolitik net bei den Ämter ufänkt oder ophält. Mir schwätzen awer och iwwert den Online-Walkampf, deen ouni vill Reegele gefouert gëtt, an an deem awer zimmlech vill Suen un déi grouss Social Media-Konzerner bezuelt ginn. Eist lescht Thema ass d’Kulturpolitik, fir déi mir eis exemplaresch d’Evenementer vun der leschter Woch an der Stad Esch ukucken. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #240 – Ass de gliesene Plaffong bei auslännesche Kandidat*inne gebrach?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Bei klenge Parteie sinn et der vill, bei gréisseren éischter manner: Auslännesch Kandidat*innen op de Lëschte fir d’Gemengewalen. Mä wien ass iwwerhaapt een*g Auslänner*in? Am Podcast schwätze mir dës Woch net nëmmen iwwert dës Fro, mä och doriwwer, wisou d’Zäit vun den Alibi-Kandidaturen eriwwer ass a wat et heescht, datt esouguer bei der ADR d’Prozentzuel vun Auslänner*innen erstaunlech héich ass.

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Candidatures étrangères aux élections : « Le plafond de verre s’est brisé » 

 

mehr lesen / lire plus

Candidatures étrangères aux élections : « Le plafond de verre s’est brisé »

Cette année, 336 personnes étrangères se présentent aux communales, contre 268 il y a six ans. Ce saut quantitatif est aussi qualitatif, affirment les formations politiques interrogées par le woxx. D’importantes disparités se font jour entre partis, les plus grands d’entre eux étant aussi ceux qui alignent le moins d’étrangers-ères aux élections du 11 juin.

élections, urne, vote, communales, luxembourg

Seule une personne étrangère sur cinq s’est inscrite sur les listes électorales, tandis que les candidatures étrangères sont en hausse par rapport à 2017. (Photo : Unsplash)

Au petit jeu des classements, le Piratepartei décroche la première marche du podium avec 21,8 % de candidatures étrangères, soit 44 sur 202 candidat-es. mehr lesen / lire plus

Presseclub Gemengewahlen vum 15. Oktober

UPDATE: Den MP3 ass lo um RTL-Site online.

CSV gestärkt, d’Regierungsparteien geschwächt mat Datzen a villen Gemengen fir d’Gemengepäpp- a mammen, déi op Plazen regelrecht vun de Wieler de läschte Sonndeg ofgestroft goufen. Sou loosen sech d’Gemengewahlen résuméieren. Eng Woch drop maache mer namol d’Analyse an kucken, wat op nationalpoliteschem Plang offierft.

Am Presseclub kommen mer awer och op de Budgetsprojet 2018 ze schwätzen an doriwwer, wéi heimat soll d’Zukunft vum Land preparéiert ginn.

Muer diskutéieren an der Journalisteronn: d’Josée Hansen aus dem Land, de Raymond Klein vun der Woxx, de Marc Schlammes aus dem Wort an de Robert Schneider aus dem Tageblatt. mehr lesen / lire plus