Porträt: „Mäi léiwen Dan …“ (4/4)

Eise leschten Deel vun der Webserie setzt sech mat der Zäit no de Studien auserneen: Während mir an d’Beruffsliewen mol méi, mol manner gutt eragestolpert sin, hues du lues a lues d’Schlappe verluer… a mir dech aus den Aaen.

Kapitel 4: Suen

Suen waren dat lescht wat eis zesummegehalen huet. (©woxx)

 

Ëmbréch gehéieren zum Studenteliewen dozou, an dee leschten ass oft net nëmmen deen definitivsten, mä och gär dee schwéiersten. Et ass keng einfach Zait, mä dofir eng, an där ee gäre feiert. Et huet ee schliesslech elo och seng eege Suen a ka seng Féiss ënnert sengem eegene rabbelegen Ikea-Dësch ausstrecken. mehr lesen / lire plus

Portrait: Mäi léiwen Dan… (3/4)

Mäi léiwen Dan … elo sinn ech schonn um drëtte Kapitel vun dëser Serie, an ech muss feststellen, d’Leit (oder hier Clickzuelen zumindest) wëllen de Rescht och wëssen. Gutt, en marche comme dirait l’autre.

Eng Foto vu Sprëtzen, déi den Dan der woxx zur Verfügung gestallt hat, fir een Artikel z’illustréieren.

Kapitel 3: Setting Sun

Mäi léiwen Dan… wéi mer bis op der Uni oder besser den Unie waren, huet sech munches geännert. Fir eis, Groussstadkolleren, eidel Konten, nei Welten a Studenteliewen. Fir dech, wuel deng éischt Zäit mat enger voller Tâche als Junkie. Et muss ëm deen Dréi gewiescht sinn, wéi s du an d’M. mehr lesen / lire plus

Portrait: Mäi léiwen Dan … (2/4)

Den Auteur ass viru kuerzer Zäit aus der Zeitung gewuer ginn, datt e Kolleg, e Frënd aus Kandheet a Jugend net méi ass. An dëser Serie reflektéiert hien iwwer deen onnéidegen Dout a wéi d’Gesellschaft mat Ausgeloossenen ëmgeet.

E sonnegen Nomëtten an der Natur. Den Dan ass lénks. (© privat)

Kapitel 2: Funghi Troll

No der Primärschoul, eng éischt Segregatioun. Während mär et méi oder wéineger gutt duerch den Opnamexamen an de Classique gepackt haten, waars du an den Technique versat ginn. An den Arts et Métiers wann ech mech richteg erënneren. Joren laang huet een näischt vun eneen héieren. An wien weess wéi wichteg déi Joren vun der fréier Pubertéit sinn, kann sech virstellen, datt de Gruef tëscht eis zimlech séier méi breet ginn ass. mehr lesen / lire plus

Porträt: Mäi léiwen Dan … (1/4)

Den Auteur ass viru kuerzer Zäit aus der Zeitung gewuer ginn, datt e Kolleg, e Frënd aus Kandheet a Jugend net méi ass. An dëser Serie reflektéiert hien iwwer deen onnéidegen Dout a wéi d’Gesellschaft mat Ausgeloossenen ëmgeet.

Eng vun den läschten Fotoen vum Dan sengem Facebookprofil. (© Facebook)

Kapitel 1: Den Tränteler

Mäin léiwen Dan, och wann d’Cappellettië vum Bei an d’rout Zooss vum Favaro waren, dëse Sonndeg bei mengen Elteren hunn se mer um Mëttesdësch net geschmaacht. Kuerz ier si d’Iessen op den Dësch gestallt huet, huet meng Mamm mer d’Zeitung gewise mat denger Doudesannonce dran. „Et ass jo deen“, huet se mech gefrot, wéi wann si sech sëlwer net sécher wir. mehr lesen / lire plus