Am Bistro mat der woxx #275 – D’Rhetorik vu rietse Parteien am Bezuch op de Klimawandel an Nohaltegkeet

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Bauereprotester, gréng Verloschter bei de Walen – et schéngt esou, wéi wann Nohaltegkeet a Klimaschutz bei ville Leit net méi uewen op der Piroritéitelëscht sténgen. Trotzdeem léisst sech feststellen, datt sech och bei deene rietsen a rietspopulistesche Parteien d’Rhetorik vis-à-vis vun der Klimakris gewandelt huet. Esou gëtt net méi geleegent, datt et eng Kris gëtt, mä d’Mesüre ginn a Fro gestallt. D’woxx-Journalistin Maria Elorza Saralegui huet zesumme mat zwee fräiberuffleche Journalist*innen eng europawäit Recherche zur Klima-Rhetorik vu rietspopulistesche Parteie gemaach. Am Podcast erzielt si, wat dobäi erauskomm ass. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #274 – Wat steet bei de Sozialwalen um Spill?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Bis den 12. Mäerz kënnen d’Salariéen zu Lëtzebuerg bei de Sozialwale matmaachen. De Fabien Grasser erkläert eis, wat dëst Joer um Spill steet, wat déi Walen esou besonnesch mécht a fir wéi eng Gewerkschaften d’Prognose gutt sinn. Mir schwätzen awer och iwwert Roll vun de Fraen an der CSL, déi sech an deene leschte Joren gewandelt huet.

 

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:

Élections sociales : Un indicateur du rapport de force social
Élections sociales : Patrick Dury veut faire « payer les riches »
Élections sociales : « Ce sont toujours les travailleurs qui paient en premier »

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #273 – Wéi nohalteg muss Kultur sinn?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Eng nei Publikatioun vum Kulturministère beschäftegt sech mat der Fro, wéi d’Kultur zu Lëtzebuerg méi nohalteg gestalt gi kann. Am Podcast schwätzen de Joël Adami an d’Isabel Spigarelli iwwert déi verschidde Léisungsvirschléi. Sollt een einfach manner Kultur produzéieren, fir och manner Afloss op d’Ëmwelt ze hunn? Wéi ass de Materialverbauch vun engem Theater am Verglach mat der ganzer Gesellschaft – a kann ee gemeinsame Fundus hëllefen, dee Problem ze minimiséieren?

 

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:

Kultur und Nachhaltigkeit: Grün hinter der Bühne

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #37 Mëssbrauch

Mëssbrauch an der Famill aus ënnerschiddleche Perspektiven op d’Bün bréngen: Dat ass der Autorin Mandy Thiery mat hire Stécker „Escher Meedchen“ an „Escher Bouf“ gelongen. Mä wat fir e perséinlechen a professionelle Prozess stécht do dohannert? Méi dozou am Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“.

COPYRIGHT: Isabel Spigarelli/woxx

Hefteg, gewot, ze vill: Mat dësen Adjektiver hunn ënnerschiddlech Persounen dem Mandy Thiery seng Theaterstécker „Escher Meedchen“ an „Escher Bouf“ an der Vergaangenheet kommentéiert. Dobäi beschreiwen si Mëssbrauchserfarungen ënnerhalb vun enger Famill, wéi se dagdeeglech stattfanne kënnen. 2018 huet de Monodrama „Escher Meedchen“ Premiere gefeiert, 2023 dunn d’Theaterstéck „Escher Bouf“ – eng drëtt Episod vun der Geschicht ass geplangt. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #272 – Wisou et warscheinlech zu engem Rietsruck bei den EU-Wale komme wäert

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’Prognose fir Europawalen am Juni déiten op ee Rietsruck hin. Et gesäit esou aus, wéi wann eng vun deenen zwou riets-aussen Gruppen déi drëttstäerkst Kraaft no der Sozialdemokratie an der EVP wäert ginn. Am Podcast erkläert den Thorsten Fuchshuber dem Joël Adami, wisou dat esou ass a wat déi gefillten Alternativlosegkeet vun der aktueller Politik domadder ze dinn huet. Si schwätzen och doriwwer, wisou vill konservativ Parteie mat hirer Politik d’Dir fir déi Rietsextrem wäit op maachen.

 

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:

 Europawahlen: Rechte profitieren weiter vom Credo der Alternativlosigkeit

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #271 – Wat ass queer un der Villa Vauban?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

An der Villa Vauban fënnt ee virun allem Biller aus dem 17. bis zum 19. Joerhonnert. Zum Beispill vu franséische  Landschaftsmoler. Dat ass vläicht net déi éischt Adress, un déi een denkt, wann een u queer Konscht denkt. An dach gëtt et hei zanter Kuerzem Visitten, déi sech mam Thema Queerness ausernee setzen. Am Podcast erkläert d’Isabel Spigarelli dem Joël Adami, wéi  dat funktionéiert, wéi verschidde Muséeën zu Lëtzebuerg sech méi opmaachen a probéieren, gesellschaftlech Entwécklungen net ofzewieren, mä ze begleeden. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #270 – Waren de Klima-Biergerrot an de Biergerkommitee Lëtzebuerg 2050 een Erfolleg?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

An der leschter Legislaturperiod gouf et zwee Gremien, déi mat der partizipativer Demokratie experimentéiert hunn. De Biergerkommitee Lëtzebuerg 2050 an de Klima-Biergerrot. Viru kuerzem goufen déi wëssenschaftlech Evaluatioune vun deene Gremien an hire Prozesser verëffentlecht. Am Podcast schwätze mir driwwer,  wou d’Schwaachstelle waren, wat positiv bewäert gëtt a wat fir Lektiounen ee fir zukünfteg partizipativ demokratesch Prozesser zéie kann.

 

Den Artikel, iwwert dee mir geschwat hunn:

Bürger*innenbeteiligung: Direkte Demokratie mit Hindernissen

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #269 – Autosfestival, Elektromobilitéit a ganz vill Emissiounen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

  Den Autosfestival ass dat wichtegst Fest am Lëtzebuerger Kalenner. Dat kéint een*t op mannst denken, wann ee*nt grad am GrandDuché ënnerwee ass. Och wann et lues geet, sou ännert sech dach eppes bei den Autoen, déi zu Lëtzebuerg kaaft ginn. Et sinn ëmmer méi Elektroautoen dorënner. wisou ass dat esou, a wat kann oder wëll dRegierung maachen, fir datt et der nach méi ginn? mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #36 Queer Filmgeschicht

D*de Charlie Thines vun der Cinemathéik an d’Hélène Walland vu Queer Loox schwätzen am Kulturpodcast „Um Canapé mat der woxx“ iwwert queer Filmgeschicht an dat, wat Lëtzebuerg dozou bäidréit.

Copyright: woxx/Isabel Spigarelli

Iwwert queer Filmgeschicht gëtt international reegelméisseg geschwat, zu Lëtzebuerg awer éischter manner: D*de Projektionist*in an Archivist*in Charlie Thines souwéi d’Filmproduzent*in Hélène Walland geheien dofir e Bléck op d’Entwécklung vun der Duerstellung vun LGBTIQA+-Mënsche am Film mä och deenen hir Situatioun am Secteur zu Lëtzebuerg. Wéi schwéier ass et hei queere Contenu ze weisen an ze produzéieren? Ass all Representatioun vun LGBTIQA+ – Persoune gutt ? Lauschtert eran a fannt et eraus! mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #260 – Mat méi Juegd eis Bëscher retten?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Dass sech Lëtzebuerger Emwëlt-NGOs géifen dofir ausschwätzen, Wëlldéieren onageschränkt ofzeschéissen, war bis viru kuerzem nach ondenkbar. Wéi ass et ze erklären, dass Natur an Ëmwelt a Co. mëttlerweil mat de Jeeër bal op enger Linn sinn? Ass dee Sënneswannel gerechtfäerdegt? A wéi stinn d’Lëtzebuerger Parteien eigentlech zu dëser Problematik? Doriwwer schwätzen d’Tessie Jakobs an de Raymond Klein an eiser aktueller Podcast-Folleg.

 

Déi Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn:
Gegen das Waldsterben
: Jagd als einzige Lösung?


 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #259 – Wat gëtt an de Koalitiounsverhandlungen iwwer Rassismus, LGBTIQA+ a Klima geschwat?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Zu Senneng gëtt grad iwwert déi nei Koalitioun verhandelt. Bei deenen zwielef Aarbechtsgruppen, déi virgestallt goufen,  war allerdéngs net kloer, wat fir eng sech géif iwwert Rassismus an LGBTIQA+ ënnerhalen. Am Podcast schwätze mir doriwwer, wou déi Theme schlussendlech gelant sinn a wat Organisatiounen, déi sech géint Rassismus respektiv fir LGBTIQA+-Mënschen asetze, dovunner halen. Ausserdeem schwätze mir iwwert de Klima. Deen ass zwar méi prominent vertrueden, mä vill Aspekter ginn trotzdeem vergiess. Besonnesch wichteg ass hei d’Roll vun der Finanzplaz.

 

Déi Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn:
Koalitionsverhandlungen
: Die nächsten Schritte 
in der Klimapolitik

Koalitionsverhandlungen: Irgendwas mit Gleichheit
Klimapolitik: Nicht nachlassen

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #258 – Wat hunn Déi Gréng mam Rietsruck ze dinn?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Et wäert iech net iwwerraschen, datt mir an dëser Episod vum Podcast d’Walen analyséieren. Mir kucken méi genee op dat schlecht Resultat vun Déi Gréng an iwwerleeën, wat d’Grënn dofir si kéinten. Ausserdeem befaasse mir eis mat dem Erfolleg vun der ADR a ganz besonnesch mat hiren neien Deputéierten, déi awer net onbedéngt Onbekannter sinn.

 

Déi Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn:
Déi Gréng: Verwelkt
Rechtsruck in Luxemburg: Gefangen in der Gegenwirklichkeit

 

De Podcast abonnéieren: mat Apple Podcasts (iTunes) / op Spotify / mat Android / per RSS. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #257 – Wéieng Partei kann de Klima retten?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Kuerz virun de Wale kucke mir nach eng Kéier an d’Parteiprogrammer an huelen se dës Kéier ënnert d’Klima-Lupp. Och wa quasi all Partei d’Klimakris bekämpfe wëll, sou ginn et an den Approchen an an der Eeschthaftegkeet dach grouss Ënnerscheeder. D’Tessie Jakobs freet de Joël Adami, wisou hien d’Programmer vun Déi Lénk a vu Volt an dëser Hisiicht besonnesch interessant fënnt a wat een sech vun de Parteien aus der sougenannter Mëtt iwwerhaapt däerf erwaarden.

 

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:
Klimapolitik in den Wahlprogrammen: Zukunft ist Nebensache

 

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #256 – Ëmweltschutz géint Wunnengsbau? Wéi d’Parteien d’Natur an d’Biodiversitéit (net) erhale wëllen

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Fliedermais an Eilen si vir verschidde Parteien ee Problem. Op mannst dann, wann et ëm de Wunnengsbau geet. Mä dat ass awer net dat eenzegt ëmweltpolitescht Thema, dat an dësem Walkampf opkommen ass. Am Podcast kucke mir op d’Problemer, déi zu Lëtzebuerg bestinn, op hir Ursaachen an natierlech op d’Léisungen, déi déi verschidde Parteie virschloen. Nieft engem System Change kommen dobäi och Mikro-Bëscher an Natur op Zäit zur Sprooch.

 

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn:
Umweltpolitik in den Wahlprogrammen: Von Fledermäusen und Bürokratiemonstern

 

mehr lesen / lire plus

Kulturpodcast: Um Canapé mat der woxx – #32 Fir eng sozial Kulturpolitik

A knapp zwou Woche wielt Lëtzebuerg eng nei Regierung – Zäit e Réckbléck op déi läscht Legislaturperiod ze geheien: Wéi sozial war do d’Kulturpolitik? D’Marianne David an de Luis Santiago vu  Cultur’all sinn dofir op Besuch um Canapé.

Copyright: woxx/Isabel Spigarelli

​Mat der Aféierung vum Kulturpass am Joer 2008 hu sozial marginaliséiert Persoune fir 1,50 Euro Zougank zu Kultur. Mä geet dat duer fir kulturell Erliefnisser ze demokratiséieren? D’Marianne David an de Luis Santiago schaffe béid säit Jore fir Cultur’all, d’ASBL, déi fir de Kulturpass zoustänneg ass. Si stinn am Kontakt mat den eenzele Partnerorganisatioune souwéi mat de Persounen, déi e Kulturpass notzen. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #255 – Seelbunn, Hyperloop oder dach einfach de Vëlo? Mobilitéitspolitik an de Walprogrammer

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

D’Wale komme méi no, mä wéi komme mir no de Wale virun? Dës Woch huet sech de Joël Adami d’Virschléi an der Mobilitéitspolitik an de Walprogrammer ugekuckt. Do gouf et e puer positiv an awer och e puer negativ Iwwerraschungen. Wärend déi eng Parteie gutt Virschléi fir eng aktiv Mobilitéit an ee gudden ëffentlechen Transport maachen, versichen anerer ee Kulturkampf ronderëm den Auto ze organiséieren. Mä wéi realistesch ass dat, datt een ëmmer de Choix huet tëscht Tram an Auto? A wa mir scho beim Thema Realismus sinn: E puer ganz besonnesch kreativ Virschléi, wéi ee mam Transportproblem zu Lëtzebuerg kéint ëmgoen, waren  natierlech och an de Walprogrammer verstoppt. mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #254 – Wat kënnen sech schwul Bauere vun de Parteien erwaarden?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Haut huele mir erëm Walprogrammer ënnert Lupp, an dat direkt bei zwee verschiddenen Themeberäicher: D’LGBTIQA+- an d’Agrarpolitik. D’Isabel Spigarelli huet sech ugekuckt, wat déi verschidde Parteie fir queer Mënsche wëlle maachen, an de Joël Adami huet sech schlau gemaach, wie fir oder géint Biolandwirtschaft respektiv nei gentechnesch Methoden ass. All béid schwätzen se iwwer positiv a negativ Iwwerraschungen an de Walprogrammer an iwwerleeën, wéi déi nächst fënnef Joer kéinten ausgesinn.

 

D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn:
Parlamentswahlen: Queer wählen
Agrarpolitik in den Wahlprogrammen: Gentechnik, Glyphosat und Biolandbau

 

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #253 – D’Walprogrammer ënnert der feministescher Lupp

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Wéi feministesch sinn d’Walprogrammer vun de Parlamentsparteien? D’Tessie Jakobs huet sech fir d’woxx duerch d’Programmer gewullt an se op d’Thematik Geschlechtergerechtegkeet ënnersicht. Am Podcast erzielt si eis, wat dobäi erauskomm ass, wat fir positiv wéi negativ Iwwerraschungen et gouf. Mir schwätzen awer och doriwwer, wisou de Verglach schwiereg ass a wisou een*t net onbedéngt ze vill hoffen, datt eng nei Regierung eng gutt feministesch Politik mécht.

 

D’Artikelen, iwwert déi mir geschwat hunn:
Analyse der Wahlprogramme: Welche Parteien setzen 
sich gegen Genderdiskriminierung ein? mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #252 – Ass Klimaschutz ee Kannerrecht?

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Den UN Kommitee fir d’Rechter vum Kand huet an engem neie Rapport confirméiert, datt et fir Kanner ee Recht op eng gesond, intakt an nohalteg Ëmwelt gëtt. Dat heescht och, datt si ee Recht op Klimaschutz hunn. Zu Lëtzebuerg schéngt dat awer net ganz vill Parteien ze interesséieren, well dat, wat als Mesurë géint d’Klimakris an de Walprogrammer proposéiert gëtt, net vill hir gëtt. Mä och an der Press ginn et nach ëmmer Meenungsartikelen, déi Zweiwel un der Klimakris äusseren.

 

Den Artikel, iwwert deen mir geschwat hunn: Klimapolitik: An die Kinder denken

mehr lesen / lire plus

Am Bistro mat der woxx #251 – De Rietsruck an Europa

All Woch bitt d’woxx Iech an hirem Podcast en Abléck an hir journalistesch Aarbecht a beliicht d’Hannergrënn vun engem Artikel.

Genau geholl schwätzen d’Tessie Jakobs an den Thorsten Fuchshuber dës Woch iwwer zwee vun eisen aktuelle Printartikelen, an a béiden geet et em de Rietsruck an Europa.

Wéieng Léieren kann Europa aus den aktuellen Entwécklungen an Italien zéien? Wéi ass et ze erklären, dass rietsextrem Politiker*innen wéi d’Georgia Melono sech an demokrateschen Institutiounen sou liicht duerchgesat kritt? A léist sech dee Rietsruck iwwerhaapt nach bremsen?

 

 

D’Artikel, iwwert déi mir geschwat hunn: Italien als Lehrstück für Europa: Gesellschaft als Beute an Tunesien-Deal der EU: Meloni macht das Spiel

mehr lesen / lire plus