E Sonndeg, 4.November: Presseclub mat der woxx

Dëse Sonnden um 11 Auer ass och d’woxx nees am RTL-Presseclub mat dobäi. Nieft den Themen ënnendrënner schwätze mer och iwwer 30 Joer woxx!

D’Koalitiounsverhandlunge gi bis Mëtt November um Niveau vun den Aarbechtsgruppe weider – mee wat gëtt do geschwat a wéi wäert sech de Regierungsaccord agencéieren?

Wéi eng Politiker solle wéi ee Ministère iwwerhuelen an wéi positionéieren sech d'“Wahlgewënner“?

En aneren Sujet deen dës Woch dominéiert, ass d’Zukunft vun der Koalitioun an Däitschland verbonne mat där vun der Kanzlerin Merkel no de Wahlen an Hessen an d’Asylpolitik vun der Lëtzebuerger Regierung …

Dorops komme mer dëse Sonndeg am RTL-Presseclub ze schwätzen … mat an der Ronn vun de Journalisten setzen:

d’Dani Schumacher vum WORT
d’Michèle Sinner aus dem LAND
de Luc Caregari vun der Woxx
an de Robert Schneider vum Tageblatt. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 16 September: Presseclub mat der woxx

D’Walcampagne huet hir éischt Woch hannert sech. Wéi et sech bis elo zougedroen huet a virun allem wat mer nach kënnen erwaarde bis de 14. Oktober, doriwwer gëtt dëse Sonnden ab 11 Auer am RTL-Presseclub geschwat. Mir wäerten ënner anerem och iwwer d’Ënnerscheeder tëscht de verschiddene Parteie beliichten anprobéieren eng Äntwert op d’Fro: „Kann d’Koalitioun dat nach eng Kéier maachen?“ ze fannen. Mat dobäi sinn: D’Dani Schumacher vum Wort, de Peter Feist vum Lëtzebuerger Land, de Lucien Montebrusco vum Tageblatt an de Luc Caregari vun der woxx.

Lauschtert also eran, dëse Sonndeg vun 11 bis 12 Auer. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 10. Juni: Presseclub mat der woxx

D‘Entrée vum Claude Turmes an d‘Regierung als Successeur vum Camille Gira am Nohaltegkeetsministère an den Exit vum Françoise Folmer un der Spëtzt vun deene Grénge kënnt zu engem Zäitpunkt, wou d’Partei an de Sondagen am Opdriff ass an sech als Koalitiounspartner ubitt. Doriwwer schwätzt dëse Sonndeg de RTL-Presseclub um 11 Auer. Aner  sinn d‘Resultater aus dem Politmonitor an d‘Kandidaten, mat deenen d’ADR an d’Wahle geet.

Invitéen dës Woch an der RTL-Journalist*inneronn: Josée Hansen vum Land, Marc Schlammes vum Wort, de Robert Schneider vum Tageblatt an de Joël Adami vun der Woxx.

RDV fir de Presseclub um Sonndeg tëscht 11 an 12 Auer. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 27. Mee: Presseclub mat der woxx

Den onerwaarten Doud vum Staatssekretär Camille Gira huet d’lëtzebuerger Politik, mee och d’Leit am Land déif getraff – d’Politik verléiert domat ee Pilier am Domaine vun Ëmwelt- a Naturschutz. Den RTL-Presseclub kennt de Sonnden 27. Mee, kuerz no 11 Auer, op dës Perte ze schwätzen: aner Sujeten sinn ënner anerem d’Modalitéiten fir Member am Staatsrot ze ginn, grad wéi nei méi oder manner politesch Mouvementer, déi sech virun de Wahlen crééieren.

Invitéen dës Woch am Presseclub sinn: d’Dani Schumacher aus dem Wort. d’Ines Kurschat vum Land, de Claude Karger aus dem Journal an de Richard Graf vun der woxx. mehr lesen / lire plus

Dëse Sonndeg 6. Mai: Presseclub mat der woxx

 

Wat ass vum Premier Xavier Bettel sénger Ried zur Lag vun der Natioun zréckzebehalen? Wéi steet Lëtzebuerg mat séngem Burkagesetz do? A wourop hunn d’Gewerkschaften um 1. Mee den Akzent geluegt?

Ë.a. doriwwer schwätzen dëse Sonnden  de Claude Karger vum Journal, de Lucien Montebrusco vum Tageblatt, d’Dany Schumacher vum Lëtzebuerger Wort an de Richard Graf vun der woxx. Vu kuerz no 11 bis Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg.

 

(Text: RTL)
mehr lesen / lire plus

Dëse Sonndeg 4. Februar: Presseclub mat der woxx

 

Presseclub vum 4. Februar 2018.
(Foto: RTL)

UPDATE: Den MP3 vun der Sendung ass online!

Kréie sech d’Regierungsparteien trotz Meenungs-Verschiddenheeten nach zesumme gerappt? Kënnen Diskussiounen iwwer eenzel Persounen d’CSV am Hibléck op d’Walen a Gefor bréngen? An ass Lëtzebuerg mat Satellite wéi dem GovSat-1 um richtege Wee?

Ë.a. doriwwer schwätzen dëse Sonnden d’Bérengère Beffort vum Lëtzebuerger Wort, de Claude Karger vum Journal, de Raymond Klein vun der woxx an den David Marques vum Quotidien. Vu kuerz no 11 bis Mëtteg op RTL Radio Lëtzebuerg.

 

(Text: RTL)
mehr lesen / lire plus

Dëse Sonndeg: Sylvester-Presseclub mat der woxx

UPDATE: den MP3 ass lo online

Um Programm vum RTL-Presseclub vum 31. Dezember, ab 11.15: Lescht Regierungs-Projeten, Oppositioun, Wahl-Sujeten 2018.

D’Regierung huet hire leschte Staatsbudget presentéiert a wëll Land a Leit mat Rifkin an aneren digitalen a Space-Mining-Projeten fit fir d’Zukunft maachen. Trotz allem läit d’Equipe vum Premier Bettel net an der Gonscht vun den aktuelle Wielerëmfroen a Politsondagen.

Wat muss nach geschéien, fir d’Rudder erëmgedréint ze kréien? Hunn d’Gemengewahlen awer nach en Impakt op d’national Politik? Wéi schléit sech d’Oppositioun a wat ginn d’Wahlkampfsujeten 2018?

Invitéen an der Spezial-Editioun beim Roy Grotz sinn d’Dany Schumacher aus dem Wort, den Dhiraj Sabharwal vum Tageblatt, de Raymond Klein vun der Woxx, de François Aulner vum Paperjam, an de Claude Karger aus dem Journal. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg, 10. Dezember: Presseclub mat der woxx

D’Resultater aus dem Politmonitor, d’Zukunft vun der asbl Esch 2022, déi zweet Phase vum Brexit, e Bréif vum Vize-Premier Schneider un den CSV-Spëtzekandidat Wiseler an e neit Mobilitéitsgefill duerch den Tram – dat sinn d’Sujeten vum RTL-Presseclub um Sonndeg tëscht Véierel op 11 an 12.

Mat derbäi d’Dani Schumacher aus dem Wort, den David Marques vum Quotidien, d’Josée Hansen aus dem Land an de Richard Graf vun der woxx.

  mehr lesen / lire plus

Presseclub Gemengewahlen vum 15. Oktober

UPDATE: Den MP3 ass lo um RTL-Site online.

CSV gestärkt, d’Regierungsparteien geschwächt mat Datzen a villen Gemengen fir d’Gemengepäpp- a mammen, déi op Plazen regelrecht vun de Wieler de läschte Sonndeg ofgestroft goufen. Sou loosen sech d’Gemengewahlen résuméieren. Eng Woch drop maache mer namol d’Analyse an kucken, wat op nationalpoliteschem Plang offierft.

Am Presseclub kommen mer awer och op de Budgetsprojet 2018 ze schwätzen an doriwwer, wéi heimat soll d’Zukunft vum Land preparéiert ginn.

Muer diskutéieren an der Journalisteronn: d’Josée Hansen aus dem Land, de Raymond Klein vun der Woxx, de Marc Schlammes aus dem Wort an de Robert Schneider aus dem Tageblatt. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg 27. November: Presseclub mat der woxx

presseclub_rtlDausende Polizisten, Riichter, Journalisten an Enseignanten goufen nom Putsch an der Tierkei vum Erdogan-Regime agespaart, d’Rechtstaatslechkeet gouf an de leschte Wochen a Méint a ville Punkten a Fro gestallt. Sou geet dat net, seet d’Europaparlament an fuerdert ee Stopp vun den Bäitrëttsnegociatiounen.
Ma verléiert d’EU domadder awer net di lescht Méiglechkeet, op de President Erdogan an seng AKP anzewierken? Oder wéini ass de Punkt erreecht, op deem ee seet: Stop, sou geet et net virun.
Dat sinn nëmmen zwou vu ville Froen, deene mer e Sonndeg an eisem Presseclub wëllen nogoen. Aner Themen sinn di kontrovers Kampagne vun der LSAP, den Donald Trump an di sougenannten Affäre Lunghi. mehr lesen / lire plus

E Sonndeg 16. Oktober: Presseclub mat der woxx

UPDATE: Podcast NACH NET online, sorrypresseclub_rtl

Trotz gudden ekonomeschen Chiffren deposéiert d’Regierung e Budget, deen am Zentralstaat en Defizit vu ronn enger Milliard opweises huet. Och gëtt en Emprunt geholl.
Ass dëst dee richtege Wee?
Gëtt d’Land mat deem Budget genuch op d’Defien vun der Zukunft preparéiert?
Ass d’CSV hirersaits mam designéierten Spëtzekandidat Claude Wiseler op de Wee zréck an d’Regierung preparéiert?
Nation branding an Anti-Fraihandels-Accord-Manifestatiounen …alles Sujeten op déi mer am Presseclub dës Woch ze schwätze kommen.
Inviteeën sinn de Marc Schlammes aus dem Wort,
de Richard Graf vun der Woxx
d’Michèle Sinner aus dem Land
an de Robert Schneider vum Tageblatt. mehr lesen / lire plus