LETZEBUERGESCH: Gutt integréiert
Fréier kruut ee bei de Scoute Badgen, haut däerf een sech e Pin uspéngelen, wann ee Lëtzebuergesch kann. Mat hirer neiester Campagne schléit d’Asti eng gelunge Richtung an.
Gutt gemengt ass de Géigendeel vu gutt. Dës Riedensaart passt op déi nei Astis-Campagne wéi d’Fauscht op d’Aa. Ennert dem Motto „Ech schwätzen och Lëtzebuergesch“ wëllt d’Auslännerorganisatioun d’Leit dozou incitéieren, Lëtzebuergesch als Kommunikatiounssprooch ze benotzen. Duerfir huet si dëser Deeg en Toutes-Boî tes verdeele gelooss mat engem Übungsbuch, enger CD an engem Pin. Eng deier Geschicht, an et däerf ee sech froen, wat se bréngt.
D’Buch ass nämlech net gemaach fir déi Leit, déi Lëtzebuergesch wëlle léieren, mä bitt haaptsächlech Exercice fir déi, déi et scho gutt kënnen. mehr lesen / lire plus