Theater
: De granzegen Al-68er

„De schéine Männchen“ vum Guy Rewenig ass, wann een et léif mengt, gehuewene Cabaret. Ma virun allem ass et eng Failliteerklärung, vun engem Auteur, deen definitiv d’Schlappe verluer huet.

Déck Kabelen lafen aus engem Fernsehswon direkt an d’Häerz vum TNL op der Lonkécher Strooss. RTL filmt zënter laangem mol nees eng Kéier en Theaterstéck – integral – fir et dann am Januar sengem Publikum ze weisen. Eng gutt Noriicht u sech, well de Sender vum Kierchbierg huet no der Lunghi-Affär sécher nees en Ettleches gutt ze maachen mat der „Kultur-
szeen“. Fir de Guy Rewenig, Auteur vum Stéck, awer eng schlecht Noriicht: Hien ass domadder definitiv op RTL-Niveau ukomm.

Dobäi huet d’Beschreiwung vum Stéck dach sou lackeleg geklongen. „De schéine Männchen“, eng duebel Hommage un de Marcel Reuland a säi Stéck „Spill vun der Bidden“ vun 1946, deen dofir déi mëttelalterlech „Farce du Cuvier“ – en anonymt Stéck aus der Picardie, an deem e Mann vu senger Fra a senger Schwéiermamm nawell gehéierlech gezësst gëtt -, nees opgeschafft hat. Ma wat de Guy Rewenig doraus gemaach huet, ass och net duerch déi zimlech dynamesch Inszenéierung vum Frank Hoffmann oder duerch d’gutt Performancen vun de SchauspillerInnen (Brigitte Urhausen, Marc Baum a Monique Reuter) ze retten.

„De schéine Männchen“ ass en zimleche Litti, e schwaache Männchen, e faulen a feige Macho, e kastréierten Tippchen. An e schafft an der Kommunikatioun – wat erkläert, virwaat en di ganzen Zäit sou domm an dichteg braddelt, ouni e Fanger ze hiewen, wann et mol néideg wär.

An en huet en décke Problem: Keen Netz, kee Stroum a keng Méiglechkeet, säin Narzissmus ze befriddegen. An där Zäit brëllt den Nicky, dem Männche säi Béifchen, sech e bloe Kapp, a well säin elektresche Mobilé och net geet, ass d’Verzweiflung grouss. An et gëtt net besser. Nodeems de Männchen – deen iwwregens Jean-Jacques heescht – sech mat senger Fra, dem Sanny, gefatzt huet, kënnt och nach d’Schwéiermamm erbäi. Firwat déi nëmmen a Reime schwätzt, gëtt dem Publikum net erkläert.

An dat ass och egal: Si ass eben en Hausdraach sonnergläichen, genee wéi d’Sanny eng frustréiert Hausfra an de Jean-Jacques en opgeblosenen Topert ass. Alles nëmme Klischeeën, déi sou eendimensional eriwwer kommen wéi s’et och sinn.

An do ass de Problem um Rewenig sengem Text – ob Adaptatioun oder net, spillt do nëmmen eng niewesächlech Roll. En hält einfach net, wat e versprécht. Et huet een d’Impressioun, den Auteur wëllt eng Welt karikaturéieren, déi en net méi versteet, wat bei him anscheinend Aggressiounen ausléist. An doduerch gi seng Figuren nach méi graff a flaach.

Wéi zum Beispill d’Saach mam Selfie-Stick. Sécher sinn d’Täissele schrecklech nervegt Geschir. Ma doraus wëllen ze schléissen, datt déi ganz „Internet-Generatioun“ e Koup vu selbstverléiftene Littien ass, stëmmt dach einfach net. Den digitalen Zäitalter reduzéiert sech net op e Selfie-Stick. Déi jonk Leit, déi Selfien maachen, deelen se jo och mat der ganzer Welt. A wat wéisste mer ouni Internet iwwer d’Liewen (an d’Stierwen) vun Zivilisten aus zum Beispill Aleppo? Am Internet gi Walen gewonnen a verluer, do verbrenne sech d’Läit d’Patten oder gi Millionären. Esou einfach, wéi de Guy Rewenig et suggeréiert, ass et net. Säin individualistescht Al-68er-Mënschebild scheitert grandios un der komplexer heiteger Realitéit, déi en dach eigentlech wollt op d’Schëpp huelen. An lo hu mer nach net emol vu sengen absolut antike Genderrolle geschwat.

Jee, „De schéine Männchen“ ass u sech éischter en Trauerspill, ma wéinst de SchauspillerInnen awer wéinstens turbulent an amüsant.


Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.