Theater
: Make Xavier Great Again!

Richtung 22 huet nees zougeschloen, an deelt an hirer „Nationalgalerie“ uerdentlech géint d’Kulturpolitik hei am Land aus. E gelongenen Ofschloss fir den Hariko – deen dës Woch iwwregens op Esch plënnert.

De Xav’ kann endlech seng Nationalgalerie aweien. (FotoEN: Pierre Weber)

Datt d’Kulturpolitik ënnert de Liberalen e reegelrechte Fiasko ass – an hoffentlech och gläich war – seet net nëmmen de Guy Rewenig, mä sou zimlech all Mënsch, dee sech an de leschte fënnef Joer och nëmmen e bësse fir d’Kulturzeen interesséiert huet. Liberaliséierung, Nepotismus bei deem esouguer d’CSV bleech vun Näid gëtt, Finanziariséierung a virun allem e grousse Mépris fir alles, wat probéiert an dësem Land mat Kreativitéit säi Liewensënnerhalt ze bestreiden.

Sou ass et och net verwonnerlech, datt de Xavier Bettel a seng Akolythen an d’Viséier vun den „Enfants terribles“ vu Richtung 22 geholl ginn. A wat fir e besseren Ophänkert kéint ee sech wënschen, wéi dem Xav’ seng Nationalgalerie, déi zwar kee bestallt hat, mä elo awer soll an dat aalt Gebai vun der Nationalbibliothéik kommen? Dorop baséierend, gëtt en Narrativ entwéckelt, deen de Premier a Staats- a Kulturminister weist, wéi hie sech a sengen eegene Widderspréch verheddert, a virun allem duerch Egoismus an Ignoranz glänzt.

Weider duerch d’Mangel gedréint ginn de Maxi Lacour (eng Parodie op de Spriecher vum Kulturministère an eemolege RTL-Journalist Max Theis), de Jo Kox, dem Xavier seng Virgängerin d’Maggy Nagel an nach eng Rëtsch aner méi oder manner bekannte Personnagen, wéi de Geescht vun de Saachen, déi do nach komme wäerten.

Wat beim Stéck „Nationalgalerie“ opfält ass virun allem, datt Richtung 22 evoluéiert huet. Amplaz nëmmen op gutt recherchéierten Dokumentartheater ze setzen, an sou d’Realsatiren-Schinn ze fueren, baue si hei hir eege Geschicht zesummen an zécken net dem Publikum eng Pointe no der anerer entgéint ze schleideren. D’Resultat ass eng Mëschung aus reelle Fakten an Elementer, déi éischter aus dem Kabarä stamen. Et ass wuel keen Zoufall, wann d’Maggy Nagel an der Richtung 22-Versioun elo neierdéngs Stand-Up-Comedy an der Wüst mëscht.

An och de Xavier Bettel himself gläicht éischter engem lokalen Donald Trump, deem et onméiglech ass, iwwert säin eegenen Ego ewech ze denken, an deen ouni ze zécken déi Lëtzebuerger Kulturzeen senge Bankster Kollegen an de Rache gehäit, an alles dem Nation Branding ënnerstellt. Datt déi jonk Kreativ dobäi ze kuerz kommen, oder guer net consideréiert ginn (si brénge jo weder Goss nach Glanz mat an d’Land) ass do ganz kloer.

Luewenswäert ass och de Rahmenprogramm am Hariko selwer. Well de ganzen Happening jo u sech un d’Ouverture vum Bettel senger Nationalgalerie gebonnen ass, sinn natierlech och e puer – herrlech satiresch a provokativ – Konschtwierker du cru ze gesinn. En plus kann ee sech déi ukucken, andeems een um „Spill vum Liewen“-Lëtzebuerger Versioun deelhëlt. Hei muss een op de verschiddene Statiounen en Ziedel aus enger Nation-Branding-Tut zéien, an et gëtt ee gewuer wéi a wou een am Liewen drun ass.

Also wien iwwert de Misär, den Dilettantismus an d’Arroganz vun der aktueller Kulturpolitik éischter laache wéi kräische wëll, dee sollt sech nach séier dëse Weekend op Bouneweg maachen – et lount sech!

Opféierungen an Ausstellung nach e Freiden an e Samschden – Réservatioun ënner 
info@nationalgalerie.lu.

Kriteschen an onofhängege Journalismus kascht Geld - och online. Ënnerstëtzt eis! Kritischer und unabhängiger Journalismus kostet Geld - auch online. Unterstützt uns! Le journalisme critique et indépendant coûte de l’argent - en ligne également. Soutenez-nous !
Tagged . Bookmark the permalink.

Comments are closed.